Fransiisch Gromperzaloot

Deen fransiischen Gromperenzaloot as eng klassisch Beilaag aus der fransiischer Këchen. Dësen Zaloot zeechent sech durich seng besonnech Zoubereedunge an Zutaten aus. En besteht aus gekooschten Gromperen, geschiällt oder net geschiällt, déi an Scheiwen oder Würfel geschnidden jiänn. Typisch fir dës Zaloot as, datt Vinägrett op die waarem Gromperen geschott jëtt, watt hinnen een würzigen Geschmaasch jëtt.

Zousätzlich zu den Gromperen kann dës Zaloot na verschidden anner Zutaten enthalen, wie z.B. vill frësch Krégder, wie Péitersilich, Frühlingszwibbelen, Bratzelen, Estragon, Dill, Knualwéck, heinsdo sugar mat hart gekooschten Eier, Speckwürfelen oder Kaperen, watt dëser Zaloot Geschmaasch an Textur jëtt.

Watt den fransiischen Gromperzaloot su eenzigartig mëcht, as, datt keen Dressing mat Mayonnaise driwer kënnt. Et jëtt eng würzig klassisch Vinäigrett gemaat, déi dësem Zaloot een angenhemen, erfrëschenden liit sauren Geschmaasch jëtt. Eng beléiften Zaloot déi bei een gemütlichen Grillowend mat Familjen an Frënn passt.

Zutaten:

  • Gromperen, fir een fransiischen Gromperzaloot, sen festkooschend Gromperen am besten. Déi behaalen noom kooschen Form an Textur, an den Zaloot jëtt net matschig.
  • drëchene wäisse Wéng, o fir ze kooschen soll et ëmmer een Wéng sen deen dir o schmëscht.
  • Bréit, ech han Geméissbréit gehollt, eng Fleeschbréit jëtt natiirlech mi Goût.
  • Wäissewéngessig, Wäissewéngessig hat een mëllen liit säierlichen Geschmaasch, deen dësem Zaloot eng angenehme frëschen sauren Goût jëtt.
  • Olivenualeg
  • Dijon Mostert, Dijon Mostert as eng scharef, würzig Mostertzort, déi hiren Ursprong an der Stadt Dijon an Frankreich haat. Dijon Mostert zeechent sech durich sein scharefen Geschmaasch an sein komplexen Aroma aus.
  • Mostert à l’ancienne mat Kären, Mostert mat Kären hat een kräftigen, liit scharefen Geschmaasch, en jëtt dem Ässen eng angenehm Textur an deen charakteristischen Mostertgeschmaasch.
  • Schalotten, hir fein Textur an hire subtilen Geschmaasch maan d’Schalott zu enger beléiftet Zutat. Ganz besonnech an der fransiischer Këchen jëtt d’Schalott vill verschafft.
  • Knuawléck, Am Gromperzaloot jëtt de Knuawléck deem ganzen een würzigen Geschmaasch. Verwendung vam Knuawléck as äwer Optional an hängt ëmmer vam perséinlichen Geschmaasch aaf.
  • Salz & Peffer no Geschmaasch
  • Péitersilich, as bekannt fir een frëschen an pefferigen Geschmaasch. Péitersilich jëtt dësem Zaloot een erfrëschende Geschmaasch an en brengt gréin Faaref mat ant Spill.
  • Bratzelen, Bratzelen brengen een mëllen, zwibbelartigen Geschmaasch, äwer ouni ze iwerdreiwen.
  • Estragon, Estragon hat een eenzigartigen, liit anisartigen Geschmaasch. En harmonéiert goud mat dem säierlichen Gromperenzaloot.
  • Dill, Dill hat een erfrëschenden, liit anisartigen, liit séissen Geschmaasch. En jëtt der Gromperenzaloot een erfrëschende zitrusartigen Geschmaasch.

TO DO:

  • Gromperen han ech grëndlich gewäsch an mat der Schal am Salzwaasser mëll gekooscht.
  • Schalotten han ech an dënn Ronselen geschnidden.
  • An de Knuawléck suwi die ganz Krégder fein gehackt.

Zoubereedung

Du kanns Gromperen schiälen oder net, bei mir as Schaal draan bliwen. Well Grenaille zimlech kleng sen han ech se nëmmen halbéiert. Mi gruuss Gromperen an Daalern van ongeféier 0,5 cm – 1 cm schnégden.

Wanns du die 2 Zorten Gromperen mëschs, jëtt deng Zaloot mi sämig, dodurich datt die miählich Gromperen zerfällen hualen déi die ganz Vinägrette op an et ensteht eng deckflëssig sämig Zooss.

Op die waarem Gromperen han ech de wäisse Wéng an Bréit geschott an alles goud gemëscht. Datt han ech fir ongeféier 10 Min. durich zéien geloss.

An enger anner Schossel han ech aus die 2 Zorten Mostert, den Essig, Peffer, Salz gous gemëscht, no an no an ënner stännigem réiren han ech, wie bei enger Mayonnaise, den Ualeg dpbäi geschott. Et soll eng sching Emoulsioun jiänn.

Ant Vinäigrette han ech den Knuawléck, Schalotten an Krégder gemëscht an alles iwert Gromperen geschott.

Alles goud vermëschen an durichzéien loossen.

Fransiisch Gromperzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1,3 kg Gromperen

  • 3 EL drëchne wäisse Wéng

  • 3 EL Bréit

  • 0,5 TL Dijon Mostert

  • 0,5 TL Mostert à l’ancienne mat Kären

  • 60 ml Wäissewéngessig

  • 180 ml Olivenualeg

  • Peffer & Salz

  • 2 an dënn Ronselen geschnidden Schalotten

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 2 EL gehackten Péitersilich

  • 2 EL fein geschnidden Bratzelen

  • 1 EL gehackten Dill

  • 1 EL gehackten Estragon

Zoubereedung

  • Gromperen am Salzwaasser mëll kooschen an an Daaleren schnégden
  • Die Geschnidden na waarem gromperen an eng Schossel leen, an mam wäisse Wàng an mat der Bréit mëschen an 10 Min. durich zéien loossen.
  • An enger annerer Schossel, die 2 Zorten Mostert mam Wäissenwéngessig mëschen, mat Salz an Peffer würzen an wie wanns du eng Mayonnaise mëchs den Olivenualeg no an no drop schëdden, et soll eng sching Emoulsioun jiänn.
  • Wann Vinägrett färdeg as, de Knauwléck, Schalotten die gehackten Krégder ënnermëschen an Zooss iwert Gromperen schëdden. Durich zéien loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*