Hähnchen, Rosmarin, Knoblauch

Gebaaschen Pouletstrempelen

Hogt hualen ech dech mat ant Welt vam gebaaschen Pouletstrempelen, eent Rezept datt siier an einfasch virzebreeden as, an dann fir 50 Min. am waarmen Schiäffchen “vergess” kann jänn. Eent einfasch Ässen gewürzt mat frëschem Rosmarin an Knuawléck – eent Fest fir all Liebhaber van herzhaften Köstlichkeeten.

Zutaten

  • Pouletstrempelen
  • Knuawléck
  • frëschen Rosmarin
  • Olivenualeg
  • Salt an Peffer

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischt Hëtzt vir.

Pouletstrempelen tupfen ech mat Këchenpapeier drëchen an reiwen se dann mat bëssen Olivenualeg an, ech würzen se dann mat Peffer an Salz an loossen se ongeféier 30 Min. durich zéihen.

Pouletsrempelen han ech dann an eng Gossenpann geleit, du kanns se äwer o einfasch op eent Blech leen.

Dann verdeelen ech den Rosmarin an den Knuawléck driwer, an setzen datt Ganzt fir 50 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Zwëschendurich begéissen ech den Poulet ëmmer mol rëm mam ausgeroddene Fett an no 25 Min. setzen ech Temperatur op 170°C raaf.

Fir dobäi kanns du Fritten, Gromperen, Reis oder Nuddelen zervéieren.

Tipps

Mam Olivenualeg, Salz, Peffer Rosmarin an Knuawléck kanns du o eng Marinade réiren an déi ant Fleesch anmasséiren, eng halef Stonn durich zéien loossen an dann am waarmen Schiäffchen baaschen.

All Schiäffchen baascht annëcht, pass op Temperatur op an behaal Fleesch am Au.

De Schiäffchen muss goud virgewiärment sen, fir datt Fleesch glächmässig durich gart an eng knusperig Hogt krëtt.

Kontrolléier Temperatur vam Fleesch, beim Poulet jëtt et nëmmen eng Garstuuf an déi as ganz durich (75°C-80°C).

Varianten

  1. Zitrus-Marinade: Mësch eng Marinade mam Rosmarin, Olivenualeg, Knuawléck, Salz, Peffer an mësch dann bëssen Zitrounensaaft oder zesten mat drënner, fir een erfrëschende Zitrusaroma ze kreien.
  2. Hunnig-Glasur: Bereet eng Hunnig-Glasur fir an kuurz viraan Enn van der Baaschzéckt pinsel de Poulet mat dëser Glasur an. Fleesch krëtt su een séissen Aroma an blänkig Krust.
  3. Eng Scharef Variant: wanns du et léiwer mi würzig has, kanns du Fleesch zousätzlich mat Cayennepeffer oder Chiliflocken würzen.
  4. Mostert-Hunnig-Marinade: Mat su enger Marinade krëss du een séiss-würzigen Aroma.
  5. Joghurt-Marinade: Mësch grieschiche Joghurt, Knuawléck an Gewürzer, su eng Marinade mëcht all Fleesch su richtig zaart.
  6. Béier-Marinade: ersetz een Deel vam Olivenualeg durich Béier, datt erjëtt wirklich een interessanten Aroma.

Experimentéier mat deene verschidden Varianten an mësch se dengem perséinlichen Geschmaasch no, fir su deng Variant déi dir am besten schmëscht ze fannen.

Gebaaschene Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 8 Pouletstrempelen

  • 1 Kapp Knuawléck

  • 4-5 frësch Rosmarinäst

  • Olivenualeg

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C virwiärmen.
  • Fleesch mat Këchenpapeier drëchentupfen an mam Olivenualeg anreiwen, salzen, pefferen an 30 Min. durich zéien loossen.
  • Fleesch an eng Gossenpann oder op eent Blech leen.
  • De Knuawléck (en muss net geschiällt jiänn) an de Rosmarin driwer verdeelen.
  • An deen waarmen Schiäffchen setzen an fir ongeféier 50 Min. baaschen.
  • Zwëschendurich den Poulet ëmmer mol rëm mat deem ausgetroddene Fett begéissen, an no 25 Min. baaschen Temperatur op 170°C raaf driien.
  • Dobäi passen Gromperen, Fritten, Reis, Nudelen….

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*