Gebrooden Spargelen mat Gromperen

Hogt beschreiwen ech dir wie ech gebrooden Spargelen mat Gromperen maan. Spargelen gebrooden oder am Schiäffchen gebaasch sen köstlich an du kanns datt mat gréinen an mat wäissem Spargel maan.

De Spargel hat eng lang Geschicht, déi bis ant Antik zeréckreecht. Well die aal Ägypter, Griechen an Réimer han dës Delikatess jären gäss. Spéider ass den Spargel an Kluusteren aangebaut jänn, wu en viraanallem weent senger angeblich heelender Wirikung geschätzt jänn ass. Hogt ass den Spargel een festen Bestanddeel van der Fréijoerskëchen an jëtt op der ganzer Welt an ënnerscheedlichen Menüer gäss.

Wäissen Spargel brooden.

Deen wäissen Spargel lisst sech wonnerbar brooden, pass just do drop op, datt Stécker ongeféier glaich gruuss geschnidden sen. Deen wäissen Spargel soll komplett geschiällt an die holzig Enner aafgschnidden jänn. Hual dofir een Sparschiäler an setz deen ongeféier 3 cm van der Spëtzt aan. Schalen an die aafgescnidden Enner kanns du anfréiren an haalen fir eng Zopp ze kooschen.

Gréine Spargel brooden

Deen gréine Spargel kann een wie deen wäissen an der Pann oder am Schäffchen brooden oder sugar om Grill grillen. Hei ass zelwischt wie beim wäissen Spargel opzepassen datt Stécker gläichmässig geschnidden sen. Vam gréine Spargel deen ënnischten Deel schiälen ongeféier 5 cm an die holzig Enner aafschnégden. An o hei kanns du d’Enner haalen fir eng Zopp ze kooschen.

Deen gréine Spargel ass mi siier gar wie deen wäissen bedenk datt wanns du die 2 Zorten mateneen zoubereeds.

Zutaten fir gebroodene Spargel mat Gromperen.

Vam Maart han ech mir gréinen an wäissen Spargel mat breit, den Hauptdarsteller van dësem Menü. Dann brausch ech na Gromperen, Schalotten, bëssen Botterschmalz fir ze brooden, Zitrounensaaft, Salz, Peffer, evtl. bëssen Thymian an fir Garnitur bëssen gehackten Péitersilich.

Ausserdeem brausch ech een Sparschiäler, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann an een Holzeläffel.

Zoubereedung

Den Spargel schiälen ech grëndlich an schnégden die holzig Enner aaf, dann schnégden ech Spargelen an Stécker van ongeféier 1 cm Déckt.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an Würfelen.

D’Schalotten schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Gromperen bis se mëll sen, déi hualen ech dann raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

genratene Kartoffeln

Als nächst brooden ech d’Schalotten an die wäiss Spargelen aan, op niddriger Hëtzt lossen ech déi ongeféier 5 Min. brooden. Dann mëschen ech die gréin Spargelen drënner an brooden déi mat deene wäissen ongeféier 3-4 Min.

Datt Ganzt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf, an lossen datt komplett ankooschen.

Zum Schluss mëschen ech Gromperen drënner, würzen mat Salz, Peffer an bëssen Thymian an brooden déi su lang mat bis alles waarem ass.

Mat frëschem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Hual een Spargelschiäler oder een Sparschiäler fir den Spargel ze schiälen.
  2. Du kanns Gromperen o firtischt kooschen an se dann brooden.
  3. Pass do drop op deen gréinen Spargel net ze lang ze brooden, en soll seng knackig Textur behaalen.

Varianten

Du kanns bei dëser Pann ganz klassisch eng Hollandaise mat zervéiren.

Fir mi eng mediterran Variant kanns du Knuawléck, an gedrëchent Tomaten mat brooden.

Gebrooden Spargelen mat Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 400 g Gromperen, geschiält an kleng geswürfelt

  • 400 g wäissen Spargel, geschiält an kleng geschnidden

  • 400 g gréine Spargel, geschiält an kleng geschnidden

  • 3 Schalotten, an dënn Streifen geschnidden

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Salz & Peffer

  • bëssen Thymian

  • frësch gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz op mëttel Hëtzt erwiärmen an d’Gromperen do dran brooden bis se mëll sen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • Als nächst deen wäissen Spargel an d’Schalotten ongeféier 5 Min. op mëttel Hëtzt brooden.
  • Deen gréine Spargel drënner mëschen an for 3 Min bis 4 Min. mat brooden.
  • Mam Zitrounensaaft aafläschen an datt komplett ankooschen loossen.
  • Gromperen drënner mëschen, mat Salz, Peffer an bëssen Thymian würzen an su lang brooden bis alles waarem ass.
  • Viraam zervéiren gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*