Heinsdo sen die einfachst Zoubereedungen dachs déi, déi eis am glëcklichste maan. Wie z.B. dësen Teller mat gefächerten Schmandgromperen an Poulet. Datt Best aan dësem Menü, du kanns frësch Zutaten verschaffen oder Rester déi fort mussen.
Gefächert Schmandgromperen
Gefächert Schmandgromperen sen jo well eent Fest fir sech! Gromperen an dënn Scheiwen, äwer net ganz durich geschnidden jiän an enger aromatischer Schmandzooss gebaasch, bis se botterzaart sen, an eng goldig, knusperig Krust kreien. All Maufel schmëltz op der Zong an brengt eng wonnerbar Kombinatioun aus Crèmigkeet an Röstaromen mat sëch.
Mat oder ouni Fleesch!
Datt entscheeds du, dëst ass eent wandelbart Rezept, datts du ganz dengem Goût aanpassen kanns.
- Mat Fleesch, ob Poulet oder Schwéng datt firtischt separat mat Ënnen an Knuawelek brong aangebrodden jiët. Datt mëcht datt Ganzt zu engem kompletten Menü.
- Oder ganz ouni Fleesch sen Schmandgromperen een Genoss, deen fir sech selwer schwätzt. Ergänzt mat Knuawelek, Ënnen an Geméiss wie Muurten oder Courgetten, fir een faarwigen an gesonden Akzent.
- Du kanns dës Gromperen sugar vegan zoubereeden, andeems du den Schmand an d’Mëlich durich eng planzlich Alternativ wie Hafer- oder Sojacrème tauschs.
Den Zauber légt aan den Zutaten
Gromperen
D’Basis van dësem Rezept ass die einfasch Gromper. Loss dech äwer net täuschen, net all Gromper eegent sech fir dëst Rezept. Hei sen festkooschender die besten Wiäll, sie behaalen hir From an hualen während dem Baaschen die crèmig Zooss goud op.
Schmand an Mëlich
D’Schmand-Mëlich-Mëschung ass d’Herzstéck van der Schmandgromper. Sie suarigt fir die wonnerbar Crèmigkeet, déi mir all su jiären han. Hual am besten frëschen Schmand mat engem hiien Fettaandeel, datt jiët der Gromper deen luxuriösen Schmelz. D’Mëlich lockert datt Ganzt op an verhënnert, datt Zooss ze schwéier jiët.
Ënnen an Knuawelek
Kombinatioun aus mëllen Gromperen, der crèmiger Zooss an deem liit séisslichen Aroma van karameliséierten Ënnen an Knuawelek ass pur Harmonie. Sie brengen een Hauch van Raffinesse an dëst einfascht Ässen an sen perfekt fir all, déi bei einfaschen Rezepter „das gewisse Etwas“ séichen.
Gewürzer an Krégder
Heinsdo sen et die kleng Denger, déi den Ënnerscheed maan, Salz, frësch gemahlene Peffer an bëssen Muskot jiän der Zooss hiren Charakter. Karamelsiséiert Ënnen an Knawelek suarigen fir eng séiss Würzigkeet. Krégder wie z.B. Krégder aus der Provence, sen den I-Töppelchen, deen datt Ganzt aafronnt.
Kiiss
Deen kréinenden Aafschloss! Hei duarefs du kreativ sen, op een nossigen Gruyère, een würzigen Parmesan oder een crèmigen Mozzarella! All Kiiss brengt seng eegen Perséinlichkeet an d’Spill. Ech perséinich han den Gruyère am léifsten, oder eng Mëschunge aus Parmesan, Panéiermiähl an Krégder fir na mi Knusperigkeet.
Optional: Fleesch
Fir all Fleeschliebhaber ënner eis, ass Schéngefleesch, Poulet oder Speckwürfel die perfekt Ergänzung. Knusperig gebrooden Speckwürfel. De Poulet- oder Schwéngefleesch liit marinéiert mat Salz, frësch gemahlenem Peffer an Krégder aus der Provence an dann brong gebrooden mat den Ënnen an dem Knuawelek.
Fir all Geleenheet
Dëst Ässen eegent sech als Hauptplat oder als Beilaag. Et ass eng wonnerbar Begleedung bei engem frëschen Zaloot oder gegrilltent Geméiss. An wanns du et na bëssen toppen wëlls, probéier et mat gerriwenem Kiiss oder engem knusperigen Topping aus Kiss, Panéiermiähl an Krégder.
- Mësch bëssen Muskot an frëschen Knuawelek drënner fir zousätzlichen Aroma ze kreien.
- Fir deen rustikalen Touch kanns du Gromperen ongeschiält loossen, datt geségt net nëmmen sching aus, mais et spaart dir o Zékt beim Schiälen!
- D’Schmandgromperen verdroen vill Experimenter, van Trüffelualeg bis hin zu frëschen Frühlingszwibbelen als Topping.
Egal, wie’s du dëst Rezept aanpassen wëlls, eent ass sëcher: Gefächert Schmandgromperen sen eng Alaadung, den Moment ze genéissen an mat deen einfaschsten Zutaten jiät wonnerbares ze zauberen.
Gefächert Schmandgromperen
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten35
MinutenZutaten
- Ouni Fleesch
1 kg Gromperen, gewäsch, net geschiält
Olivenualeg
200 ml Schmand
100 ml Mëlich
1 Ënn, gehackt
1 Ziif Knuawelek, gehackt
Salz, Peffer an Muskot
1 TL Krégder aus der Provence
frësch gerriwene Kiiss, Gruyère oder Parmesan, oder an Schweien geschniddene Mozzarella
- Mat Fleesch
Poulet, Schwéngefleesch oder Speck, gewürfelt
Salz & Peffer
1 TL Krégder aus der Provence
Olivenualeg
Zoubereedung
- Ouni Fleesch
- De Schiäffchen wiärmen ech op 160°C Ëmloft fir.
- Gromperen schnégden ech an dënn Scheiwen, ech schnégden se äwer net ganz durich, datt maan ech mat Hëlef van 2 Holzestäbercher oder leen d’Gromper an een Zoppeläffel. Probéier Gromper su dënn wie miilisch ze schnégden.
- Gromperen reiwen ech mat bëssen Olivenualeg an an leen se an eng feierfest From, déi würzen ech dann mat Salz, Peffer an den Krégder aus der Provence. Su setzen ech d’Gromperen fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- De Knuawelek an d’Ënnen hacken ech fein, an enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualeg, do dran brooden ech firtisch d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen zéien ech Pann van der Plaque.
- An enger Schossel mëschen ech den Schmand mat der Mëlich, würzen mat Salz, Peffer an Muskot.
- No der halwer Stonn hualen ech d’Gromperen aus dem Schiäffchen, leen d’Ënnen an den Knuawelek dozwëschen an schëdden d’Schmand-Mëlich-Mëschung drop, dann streien ech den Kiiss driwer an setzen datt Ganzt na eng kéier fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- Mat Fleesch
- De Poulet oder d’Schwéngefleesch schnégden ech an Würfel, mëschen se mat 1-2 EL Olivenualeg an würzen d’Fleesch mat Salz, Peffer an Krégder aus der Provence. Su loossen ech d’Fleesch ongeféier 30 Min. durichzéien.
- Hëlls du Speck, deen Würfelen an zesammen mat deen gehackten Ënnen an Knuawelek brooden. Pass beim Speck op mam Salzen.
- D’Schwéngefleesch oder den Poulet brooden ech o am waarmen Ualeg mat den Ënnen an Knuawelek aan.
- Noddems Gromperen 30 Min. gebaasch han hualen ech se aus dem Schiäffchen, verdeelen d’Fleesch mat den Ënnen dowëschent, schëdden dann d’Schmand-Mëlich-Mëschung driwer an streien den Kiiss drop.
- Su setzen ech alles na eng kéier fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen