Gefëllten Gromperen mat Poulet an Stoffi

Hogt han ech eent Rezept fir dech, datts du unbedingt ausprobéiren kanns: gefëllten Gromperen mat Poulet an Stoffi. Dësen Menü ass eng köstlich Variant van der klassischer Gromper aus dem Schiäffchen.

Gromper ass eng van deene beléiftsten an villségtigsten Knollen weltwégt. Sie stammt ursprünglich aus Südamerika, wu sie well vriaan 10000 Joer aangebaut ass jänn. Spanier han Gromper am 16ten Joerhonnert mat an Europa breit, an sie hat sech ganz siier verbreet. Hogt jëtt Gromper an iwer 150 Länner aangebaut an a villen Varianten zoubereed.

Eng dovaan ass die gefëllten Gromper, déi o als Kumpir bekannt ass. Dësen Naam stammt aus dem türkischen an bedeit suvill wie “gefëllten, gebaaschen Gromper”. An der Türkei as Kumpir een beléiften Streetfood, datt mat verschidden Zutaten, wie z.B. Kiiss, Wuuscht, Oliven Maïs oder Zaloot gefëllt kann sen. O an anneren Länner jëtt et ähnlich Menüer, déi d’Gromper mat Fleesch, Fësch, Geméiss oder Kiiss kombinéiren.

Ech han mech Hogt entscheed, dir eng Variant ze beschreiwen mat Poulet an Stoffi, déi nëmmen aus winigen Zutaten besteht an no mi schmëscht.

Fir dësen Menü ze kooschen brauchst du:

  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • een Sparschiäler
  • een Läffel
  • eng Pann
  • eng feierfest Form

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 190°C Ëmloft vir.

Am besten hëlls du dofir miählisch kooschend zimlich déck Gromperen, déi han ech geschiält, an mat hëllef van engem Läffel oder Ausstecher ausgehollt. Datt Bannëscht kanns du fir jätt annëcht verwenden, wie z.B. an engem Gromperenpürée oder an enger Zopp. Kuck datt Gromperen ongeféier 0,5 cm déck bleiwen.

An enger klenger Schossel mëschen ech mir Olivenualeg mat Salz, Peffer an Thymian. Mat dëser Mëschung pinselen ech Gromperen baussen an bannen an. Dann setzen ech se an die feierfest Form an baaschen se fir 30 Min. am waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems schnégden ech den Poulet an kleng Würfel, würzen en mat Salz, Peffer an Thymian.

Als nächst schiälen ech d’Ënnen an den Knuawléck an hacken alles fein.

Bratzelen schnégden ech an fein Röllercher.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden den Poulet do dran aan, deen hualen ech raus an stellen en op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen an bis se aafänken Faaref ze kreien, mëschen dann den Knuawléck drënner an subal deen afänkt mat rauschen läschen ech datt Ganzt mat bëssen Bréit aaf, déi loossen ech komplett ankooschen.

Gromperen hualen ech aus dem Schiäffchen, stellen deen dann op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt.

Als nächst mëschen ech den Poulet rëm drënner, wiärmen alles kuurz.

Zéien Pann van der Plaque raaf an mëschen den Stoffi an Bratzelen drënner.

Dës Mëschung fëllen ech ant Gromperen, sollt zevill Mëschung do sen, deen Rest rondrëm Gromperen leen.

Deen geraspelten Kiiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen ech datt Ganzt ongeféier 25 Min.

Viraam zervéiren streien ech na bëssen Bratzelen driwer.

Zutaten

  • deck, miählisch kooschend Gromperen
  • Olivenualeg
  • Poulet
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Bréit
  • Stoffi
  • geraspelten schweizer Kiiss
  • Bratzelen

Gewürzer

  • Salz
  • Peffer
  • Thymian

Varianten

Zousätzlich bei den Poulet kanns du na Kooschelen mëschen an mat brooden.

Ganz goud schmaaschen bestëmmt o gedrëchent Tomaten an dëser Mëschung

Du kanns den Poulet durich Schwéngefleeesch ersetzen.

Gefëllten Gromperen mat Poulet an Stoffi

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4- 6 déck Gromperen

  • Olivenualeg

  • 2 Pouletfilet, kleng gewürfelt an gewürzt mat Salz, Peffer an Thymian

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt

  • 100 ml Bréit

  • 200 g Stoffi

  • 1 Botte Bratzelen, an fein Röllercher geschnidden

  • 150 g geraspelten schweizer Kiiss

  • Gewürzer
  • Salz

  • Peffer

  • Thymian

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 190°C Ëmloft virwiärmen.
  • Gromperen schiälen, an mat hëlef van engem Läffel oder Ausstecher datt Banëcht raus huas hualen. Ongeféier een rand van 0,5 cm loossen.
  • An enger klenger Schossel 2-3 EL Olivenualeg mat 1 TL Salz, 1 TL Peffer an 1 TL Thymian mëschen an Gromperen domatt baussen an bannen anpinselen.
  • Gromperen an eng feierfest Form setzen an am waarmen Schiäffchen 30 Min. baaschen.
  • Wann Gromperen färdeg se, raus hualen an op Ségt stellen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt ëmstellen.
  • An enger waarmer Pann den Poulet aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänkt mat rauschen Bréit drop schëdden an komplett ankooschen loossen.
  • De Poulet drënner mëschen kuurz wiärmen an Pann dann van der Plaque zéien.
  • Den Stoffi an Halschent van den Bratzelen ënnermëschen.
  • Dës Mëschung ant Gromperen fëllen, Sollt Mëschung zevill sen, deen Rest rondrëm Gromperen leen.
  • Deen geraspelten Kiiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen ongeféier 25 Min. iwerbaaschen.
  • Viraam zervéiren deen rest Bratzelen driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*