Gefëllten Gromperen >> Tartiflette <<

Hogt an mengem Artikel drigt sech alles ëm dës Rustikal Köstlichkeet, déi perfekt fir een gemütlichen Owend ass. Inspiréirert van einfaschen Zutaten aus der Baurekëchen, verbënnt “Tartiflett” Gromperen, Ënnen an Kiiss.

Hannert all Rezept steht eent goud Produkt. Hei ass et den Reblonchon. Kuck beim Koof datts du een Kiiss van gouder Qualitéit keefs, deen iwert eng “Appellation d’origine controlée” verfügt. Mat engem crèmigen, elfenbeinfaarwigen zaarten Reblonchon, krëss du mat Sëcherheet datt best Ergebnis.

Oh wann Tartiflette su richtig rustikal ass, su datt een aanhualen kënnt, datt se aus dem Mëttelalter kënnt, ass et eent Kand aus dem 20ten Joerhonnert. Erfond vam “Syndicat interprofessionel du Reblonchon”, inspiréiert van deem aalen Rezept van “Pêla”. Grondbestanddeeler van der Tartiflette sen gekooschten Gromperen, Ënnen an Kiiss, déi an enger feierfester Form gebassch jänn. Bei der Pêla sen Grondbestandeeler die selwischt hei jänn Gromperen an d’Ënnen gebrooden an, an der Pann mam Kiss iwerbaaschen.

Zutaten fir meng gefëllten Gromperen >>Tartiflette<<.

Aus dem Buttik brengen ech mir déck Gromperen mat, die gruuss genou sen datt ech se aushualen kann an Reblonchon-Kiiss. Doheem han ech Ënnen, Salz an Peffer.

Ausserdeem brausch ech eent Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann an eng feierfest From oder eent Baaschblech.

Zoubereedung

Ech han Rezept bëssen geännert an maan gefëllten Gromperen noom Tartiflette oder ischter Pêla Rezept.

De Schiäffchen wiärmen ech op 190°C Iäwischt. an Ënnischthëtzt vir.

Gromperen wäschen ech grëndlich, schnégden een Deckel raaf, deen ech äwer drop leien loossen an leen se op eent Baaschblech. Su setzen ech Gromperen an deen waarmen Schiäffchen an garen se bis se mëll sen. Datt kaan 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen daueren deemno wie déck d’Gromper ass.

Kartoffeln

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen an hacken sen fein.

Zwiebeln

Vill Rezepter maan Speck mat dran, deen kanns du o kleng würfelen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen (an evtl. den Speck) do dran aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Zwiebeln

Subal d’Gromperen mëll sen hualen ech déi aus, o Deckelen aushualen, déi jänn net mi gebrauscht, an trippsen datt Bannëcht graff, datt leen ech bei d’Ënnen ant Pann an brooden alles aan bis et eng sching goldbrong Kuuscht krëtt. Würzen mat Salz an Peffer.

Datt fëllen ech zeréck an d’Gromperen.

gefüllte Kartoffel

Den Reblonchon jëtt halbéiert, äwer su wie wanns du een Kousch opschnégs. Dann an Stécker schnégden an mat der Kuuscht no uawen op Gromperen leen.

Kartoffel, Reblonchon

Am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen bis den Kiiss geschmolz an alles durich waarem ass.

gebackene Kartoffel mit Reblonchon

Am besten schmaaschen dës Gromperen mat engem gouden gemëschten Zaloot.

Vill Rezepter déi ech geliäsen han, maan Rahm mat dran an evtl. bëssen Wéng. Mat engem gouden Reblonchon brauschst du datt net, deen suarigt fir die richtig Crèmigkeet an verdeelt sech durich die ganz Gromper. De Wéng am besten dobäi dranken 😉 .

Varianten

Als Alternativ zum Reblonchon kanns du o een würzigen Raclette-Kiiss hualen.

Tartichèvre – hei jëtt am Platz vam Reblonchon, Geesekiiss gehollt.

Croziflette – bei der Croziflette jänn Gromperen durich Crozets ersatt, datt sen kleng quadratisch Nuddelen.

Vosgiflette – kënnt aus den Vogesen hei jëtt am Platz vam Reblonchon een Münterkiiss gehollt.

Et jänn ganz vill Varianten an du kanns dës Gromperen ganz dengem Geschmaasch aanpassen, die eenzig déi sech äwer Tartiflette nennen duaref ass die mam Reblonchon.

Gefëllten Gromperen >> Tartiflette <<

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

1

Stunde 

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 kg festkooschend Gromperen

  • 2 mëttelgruuss Ënnen

  • 1 ganzen Reblonchon

  • 2 EL Botterschmalz

  • Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 190°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Gromperen grëndlich wäschen an Deckelen raaf schnégden, déi äwer op der Gromper leien loossen an op eent Baaschblech setzen.
  • Am waarmen Schiaffchen baaschen bis se durich mëll sen, datt kann 1,5 bis 2 Stonnen daueren.
  • D’Ënnen schiälen an fein hacken.
  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz op mëttel Hëtzt erwiärmen an d’Ënnen do dran brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Gromperen aushualen an datt Bannëcht mat enger Forschett graff trippsen. O Deckelen aushualen déi jänn net mi gebrauscht.
  • Gromperen ënnert d’Ënnen mëschen an op mëttel Hëtzt brooden se eng sching goldbrong Kuuscht han, mat Salz an Peffer würzen. Zeréck ant Gromperen fëllen.
  • De Reblonchon längs halbéiren, su wie wanns du een Kousch opschnégs, dann an Stécker schnégden an mat der Kuuscht no uawen op den Gromperen verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen baaschen bis den Kiiss geschmolz an alles durich waarme ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*