Eent Ässen datt perfekt fir jidfereen ass, deen et jiären deftig an onkomplizéiert hat! Pasta, gebroodent Gehacktes, séiss Muurten an Iärbessen an alles vereent an enger crémiger Zooss.
Inspiréiert durich den Wikingertopf han ech meng eegen Versioun van dësem Ässen gemaat. D’Grondidee bleift die selwischt, eent nahrhaft Ässen, datt Energie liwert an d’Séil wiäremt.
Annëcht wie bei den Wikinger maan ech mir datt Ganzt mi einfasch, am Platz d‘Fleesch aam Spiess ze grillen, brooden ech alles an enger Pann, kooschen separat Nuddelen an alles kënnt dann zesaammen an wiäremt en enger crémiger Zooss. Eent Ässen datt garantéiert ënner enger Stonn fiärdig ass.

Schratt fir Schratt zum herzhaften Gehackteseintopf mat Pasta
Ech fänken domatt aan, datt ech eng Ënn schiälen an déi fein hacken. An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an loossen d’Ënnen do dran gemellig brooden, bis se goud rauschen an bëssen Faaref kreien. Déi salzen ech liit.

Iwerdeems d’Ënnen brooden schiälen ech Muurten, an schnégden sen an Würfel. D’Iärbessen hualen ech aus der Truh an loossen se entdiien. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.



Als nächst mëschen ech d’Muurten an d’Gehacktes ënnert Ënnen an brooden alles gemellig viraan bis d’Gehacktes durich gar ass. Würzen mat Salz an Peffer.
Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, an subal deen aanfänkt mat rauschen stëppsen ech alles mat Miähl an, réisteren datt kuurz mat aan an läschen datt Ganzt mat der Bréit aaf. Datt loossen ech eng kéier opkooschen, driien d’Hëtzt dann raaf an loossen alles su lang op niddriger Hëtzt kooschen bis d’Muurten mëll sen. Den Eintopf schmaaschen ech dann mat Salz, Peffer an bëssen Zitrounensaaft aaf.
Separat an engem Dëppen setzen ech goud gesalzent Waasser op, subal datt spruddelig kooscht, schëdden ech d’Pasta dran an kooschen déi no Packaaweisung al dent.
Ënnert mein Eintopf mëschen ech dann na d’Iärbessen an bëssen Schmand. Loossen alles na paar Min. kooschen, su datt d’Iärbessen durich waarem sen an datt d’Aromen sech mateneen verbannen kannen.
TIPP: Maïn Rest Fleesch van mengem Pot-au-feu han ech kleng gehackt an mat drënner gemëscht.
Wann meng Pasta al dente ass, schëdden ech se aaf, loossen se goud aafdrëpsen an mëschen se ënnert mein Eintopf.
Optional: Sollt d’Zooss na ze flëssig sen, mat bëssen, am kaalen Waasser opgeliesten Maizena bannen. Waart äwer mam Maizena aaf, bis d’Nuddelen sech mat der Zooss verbonnen han, déi bannen datt Ganzt nämlich o na zousätzlich.
Den Eintopf verdeelen ech dann an déif Telleren, streien na bëssen Péitersilich driwer an zervéiren en mat engem rustikalen Brugt.

Virdeeler van dësem Rezept?
- Et steht ënner enger Stonn om Dësch!
- Et ass perfekt fir kaal Deeg oder wann et einfasch jiät sen muss, datt Séil wiäremt.
- Et ass eng perfekt Mëschung aus würzigem Gehacktes, séisst Geméiss an crèmiger Zooss.
- Den Daag drop schmescht et dachs na besser.
- Et ass eeng perfekt Restverwiärtung, deen Rest Fleesch van mengem Pot-au-feu hann ech kleng gehackt an zum Schluss mat gewiäremt.
Lost op een Upgrade?
Du kanns d’Gehacktes durich Lamm- oder Wëldgehacktes ersetzen, su ass et na mi authentisch.
Fir et na mi herzhaft ze kreien kanns du zousätzlich Speckwürfel mat brooden oder eng goud handvoll Kiiss mat ënnert d’Zooss mëschen.
Zousätzlich kanns du na Kohlrabi, Chouxfleurs oder Broccoli mat drënner mëschen an mat kooschen.
Am Platz van den Nuddelen kanns du o kleng gewürfelt Gromperen hualen.

Fazit
Wanns du eent onkomplizéiert Comfort Food séichs, datt no Doheem schmëscht ass mein Eintopf genau datt rischtigt. Probéier et aus, an looss dech van den Aromen iwerraschen. Solls du dëst Rezept nookooschen, loss mech wossen wie et dir geschmaascht hat, oder deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane op Social Media.
Gehackteseintopf mat Pasta
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen45
MinutenZutaten
400 g Pasta, hual einfasch den Lieblingspasta
Botterschmalz fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
1 Muurt kleng gewürfelt
500 g Gehacktes
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 EL Miähl
400 ml Bréit
150 g Iärbessen, TK
150 ml Schmand
Saaft van 0,5 Zitroun
Salz & Peffer
Optional: 1-2 EL Maizena an kaalem Waasser opgeliest fir ze bannen.
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an loossen d’Ënnen do dran gemellig brooden, bis se goud rauschen an bëssen Faaref kreien. Déi salzen ech liit.
- Als nächst mëschen ech d’Muurten an d’Gehacktes ënnert Ënnen an brooden alles gemellig viraan bis d’Gehacktes durich gar ass. Würzen mat Salz an Peffer.
- Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, an subal deen aanfänkt mat rauschen stëppsen ech alles mat Miähl an, réisteren datt kuurz mat aan an läschen datt Ganzt mat der Bréit aaf. Datt loossen ech eng kéier opkooschen, driien d’Hëtzt dann raaf an loossen alles su lang op niddriger Hëtzt kooschen bis d’Muurten mëll sen. Den Eintopf schmaaschen ech dann mat Salz, Peffer an bëssen Zitrounensaaft aaf.
- Separat an engem Dëppen setzen ech goud gesalzent Waasser op, subal datt spruddelig kooscht, schëdden ech d’Pasta dran an kooschen déi no Packaaweisung al dent.
- Ënnert mein Eintopf mëschen ech dann na d’Iärbessen an bëssen Schmand. Loossen alles na paar Min. kooschen, su datt d’Iärbessen durich waarem sen an datt d’Aromen sech mateneen verbannen kannen.
- Wann meng Pasta al dente ass, schëdden ech se aaf, loossen se goud aafdrëpsen an mëschen se ënnert mein Eintopf.
- Optional: Sollt d’Zooss na ze flëssig sen, mat bëssen, am kaalen Waasser opgeliesten Maizena bannen. Waart äwer mam Maizena aaf, bis d’Nuddelen sech mat der Zooss verbonnen han, déi bannen datt Ganzt nämlich o na zousätzlich.
- Den Eintopf verdeelen ech dann an déif Telleren, streien na bëssen Péitersilich driwer an zervéiren en mat engem rustikalen Brugt.