Et jiän nëmmen paar Saaschen, déi su triistlich an aromatisch sen, wie eng hausgemaaten Zopp. Dës geréistert Paprika-Tomaten Zopp ass een Klassiker deen an villen Kulturen ze fannen ass. Van der spanischer „Sopa de tomate“ bis zur italienischer „Zuppa di peperoni e pomodoro. D’Réisteren vam Geméiss intensivéiert die natiirlich Aromen an jiët dëser Zopp een wonnerbaren intensiven Aroma.
Hokt hualen ech dech mat op eng kulinarisch Réis an d’Sonn, an d’Këchen vam Mëttelmiär, wu Röstaromen, Krégder an een intensiven Goût d’Geheimnis van deen besten Ässen sen.
Firwatt ass dës Zopp su goud ?
- Durich d’Réisteren vam Geméiss entsteht een natiirlich séissen Aroma.
- Perfekt püréiert ass sie een Genoss, ween et jiären mi crèmig hat kann d’Zopp na mat Schmand verfeineren.
- Gesond an voll mat Nährstoffer, räich aan Vitamin C, Antioxidantien an einfasch nëmmen goud fir d’Séil.
- Op mat Chili fir d’Schiäreft, Parmesan fir italienisch Aromen oder mat bëssen Joghurt, du kanns dës Zopp ganz dengem Goût aanpassen.

Den Zauber vam Réisteren
Datt ass d’Geheimnis van dësem Rezept. Am Platz d’Geméiss nëmmen ze kooschen, lossen ech et am Schiäffchen réisteren. Dodurich karamelsiéiert deen netiirlichen Zocker vam Paprika, den Tomaten, den Ënnen an dem Knuawelek.
Datt siiert réisteren bei hiier Temperatur, wu een rischtig geségt wie d’Geméiss karameliséiert. Et brengt donkel Röstaromen an een wonnerbaren déiwen, kräftigen Goût.
An datt gemelligt réisteren op niddriger Temperatur, hei gesegt een net direkt datt Geméiss karameliséiert, et krëtt een äwer een herzhaften, aromatischen Goût, deen na baal mi intensive ass wie die anner Methoud. Den Virdeel beim réisteren op niddriger Temperatur, du kanns frësch Krégder mat dobäi leen ouni datt se verbrennen, an jiëss hinnen su die beste Zékt fir sech mat allen Aromen ze verbannen.
Et jiët also keen Grond fir eng langweilig Zopp, wanns du su mat deem vollen Goût rechnen kanns.
Zutaten an Zoubereedung
1. Réisteren fir deen maximalen Goût
De Schiäffchen wiärmen ech op 220°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir oder op 200°C Ëmloft. Ech notzen fir ze réisteren am léifsten Ëmloft.
Ech fänken aan mam Geméiss, de Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an graff Stécker. Tomaten wäschen ech an schnégden se an Stécker, véirel oder aaschtel. D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an graff Stécker an de Knuawelek jiët nëmmen geschiält.
D’Geméiss leen ech an eng feierfest Form oder verdeelen et op eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Blech, verdeelen bëssen Olivenualig driwer an setzen datt Genzt fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
TIPP aus menger Këchen: sollt d’Schaal vam Paprika ze donkel jiän, kanns du déi ganz einfasch aafzéien.

2. Aus dem Schiäffchen an d’Kooschdëppen
Datt geréistert Geméiss schëdden ech an eent Kooschdëppen, do schëdden ech dann o driekt d’Bréit oder d’Waasser drop. Dann mëschen ech Oregano, Rosmarin, Basilikum, Thymian, Salz an Päffer drënner. Optional kanns du o na Chiliflocken mat drënner mëschen. Zopp loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen alles ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, su datt sech die ganz Aromen mateneen verbannen kanne. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
3. Püréiren an perfektionéiren
Als nächst zéien ech Dëppen van der Plaque an püréiren se mam Püréierstaaf. Sollt d’Zopp ze déckflëssig jiän, längen ech se na mat bëssen Bréit oder Waasser. Zopp setzen ech dann zeréck op Plaque, schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
Fir na mi Goût mëschen ech lo bëssen Basamico drënner. Fir jidfereen deen et jiären crèmig hat kann lo o well Schmand drënner mëschen. Ech notzen deen äwer als Topping.

4. Zervéiren an genéissen
Zopp verdeelen ech an déif Telleren, bei mir kënnt lo Schmand dobäi, bëssen gehackten Péitersilich, an een Toast mat geschmolzenem Kiiss.

Variatiounen an kreativ Idiien
Fir mi eng italienisch Variant kanns du d’Zopp mat frësch geriwenem Parmesan an frëschem Basilikum toppen.
Bei der spanischer Variant kann een gereechert Paprikapolwer an geréistert Mandelen ënnermëschen.
Fir all déi et léiwer orientalisch han, déi kannen Zopp mat bëssen Cumin würzen an mat Joghurt toppen.
Eng Variant bei der ech mir virtsellen datt se rischtig goud ass, eng Mëschung aus Feta, Schmand, bëssen Zitrounensaaft, bëssen Olivenualig an frësch gemahlene Päffer alles zu enger deckflëssiger Crème vermëscht an d’Zopp domatt toppen.
Firwatt solls du dës Zopp probéiren ?
Dës geréistert Paprika-Tomaten Zopp ass eent Erliäfnis, einfasch, gesond an voll mediterran Aromen. Sie brengt d’Sonn op dein Teller an lisst sech perfekt aanpassen. Also, réister dengt Geméiss an loss dech van dëser aromatischer Zopp begeesteren!
Loss mëch wossen op dës Zopp dir geschmaascht hat. Oder deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane. Ech freien mech op deng Kreatioun.
Geréistert Paprika-Tomaten Zopp
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten40
MinutenZutaten
4 rugd Paprika, entkärt an graff geschnidden
6 gruuss Tomaten, an graff Stécker geschnidden
2 Ënnen, geschiält an zerschnidden
3 Ziiwen Knuawelek, geschiält
500 ml Geméisbréit oder Waasser
1,5 TL gedrëchenten Oregano
1 TL gedrëchenten Basilikum
0,5 TL gedrëchenten Rosmarin
0,5 TL gedrëchenten Thymian
Salz & Päffer
Optional: 0,5 TL Chiliflocken
1TL bis 2 TL Balsamico-Essig
- Topping
100 ml Schmand
1 EL gehackten Péitersilich
- Optional Feta-crème
100 g Feta
50 ml Schmand oder Joghurt
1 TL Zitroun
1 EL Olivenualiag
frësch gemahlene schwarze Päffer
Zoubereedung
- De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft oder 220°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir
- D’Geméiss leen ech an eng feierfest Schossel oder verdeelen et op engem mat Baaschpapeier ausgeleitem Blech.
- Datt setzen ech fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
- No der halwer Stonn schëdden ech d’Geméiss an eent Kooschdëppen, schëdden dann direkt d’Bréit oder d’Waasser drop an mëschen sämtlich Krégder drënner.
- Zopp loossen ech opkooschen, driien Hëtzt raaf an loossen se ongeféier 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer an optional den Chiliflocken.
- Als nächst zéien ech Dëppen van der Plaque an püréiren datt Ganzt mam Püréierstaaf zu enger crèmiger Zopp. Zopp setzen ech zeréck op d’Plaque, schmaaschen an würzen evtl no.
- Lo mëschen ech den Balsamico drënner, loossen dann Zopp äwer net mi kooschen.
- Zervéiren an Toppen
- D’Zopp verdeelen ech an déif Telleren, an schëdden bëssen Schmand drop, garnéiren mat gehacktem Péitersilich.
- Fir den Toast han ech Brugdscheiwen mat enger Ziif Knuawelek angeriwen, den Kiiss drop geleit, zougeklappt an am waarmen Schiäffchen geréistert bis den Kiiss schmëlzt.
- Optional Feta-Topping
- Wanns du den Feta-Topping probéiren wëlls, dofir jiän sämtlich Zutaten an enger Schossel vermëscht bis eng deckflëssig Crème entstannen ass. Evtl. bëssen mi Schmand oder waaremt Waasser drënner mëschen sollt Crème net flëssig genou sen. Déi jiët dann wie de Schmand op der Zopp verdeelt.