Geréisterten Chouxfleurs

Dëst Rezept fir geréisterten Chouxfleurs mat Knuawkléck ass eng einfasch an absolut köstlich Art Geméiss ze genéissen! Ursprünglich kënnt den Chouxfleurs aus dem Mëttelmiärraum an ass well viraan Joerhonnerten an Europa angefouert jänn. Ganz besonnëch beléift wor dëst Geméiss am 16ten Joerhonnert bei deen fransiischen Kiniken. Hokt erliäft den Chouxfleurs eng Renaissance an glänzt an geréisterter Form, déi sugar Geméiss-Skeptiker iwerzeecht.

Zutaten fir mein geréisterten Chouxfleurs

  1. Chouxfleurs: De Chouxfleurs ass d’Basis fir dëst Ässen, mat sengem mëllen, liit nossigen Aroma béid en die perfekt Leinwand fir kräftig Gewürzer an herzhaft Marinaden. Beim réisteren entwéckelt den Chouxfleurs een séissen Aroma.
  2. Knuawléck: De Knuawkléck brengt deen würzigen Aroma an all Ässen. Jëtt en mat geréistert, entwéckelt en een séissen, manner scharefen Goût, deen wonnerbar zum geréisterten Chouxfleurs passt. De Knuawléck hiäft deen erdigen Aroma vam Chouxfleurs an suarigt fir een intensiven an herzhaften Goût.
  3. Olivenualeg: den Olivenualeg drigt net nëmmen d’Aromen van den Gewürzer, mais en suarigt o dofir, datt den Chouxfleurs sching goldbrong jëtt. En brengt een liit fruuchtigen Aroma an eng angenehm Textur, déi d’Röstergebnis perfekt aafronnt.
  4. Salz & Peffer: Dës 2 Klassiker suarigen dofir, datt die natiirlech Aromen vam Chouxfleurs an van deen anneren Zutaten verstiärikt jänn. D’Salz verstiärikt deen séissen Aroma vam Chouxfleurs an den Peffer brengt eng dezent Schiäreft.
  5. Zitrounensaaft: Den Zitrounensaaft brengt die nigdig Frëschheet, déi perfekt bei deen geréisterten Chouxfleurs passt, D’Saier van der Zitroun balancéiert d’Schiäreft an die erdig Aromen van den Gewürzer aus an suarigt fir eent liäwigt Finish.
  6. Kurkuma: Kurkuma brengt net nëmmen eng wonnerbar goldjiäll Faaref ant Spill, mais o een waarmen, liit batteren Goût. Seng erdig, liit pefferig Aromen passen wonnerbar bei den Chouxfleurs, deen dëst Gewürz goud ophëllt. Ausserdeem hat den Kurkuma entzündungshemmend Eegenschaften, watt dëst Ässen o aus gesondheetlicher Siicht beräichert.
  7. Schwarzt Currypolwer: Schwarzt Currypolwer brengt een déiwen komplexen Aroma an den geréisterten Chouxfleurs. Dës Mëschung aus verschiddene Gewürzer, wie z.B. Cumin, Koriander, Fenchel an schwarze Peffer, jëtt dem Chouxfleurs een robusten, erdigen Aroma. Dat würzigt schwarzt Currypolwer harmonéiert perfekt mat den Aromane vam geréisterten Chouxfleurs an hiäft dëst Ässen op een ganz neien Level.
  8. Oregano: Den Oregano kënnt aus dem Mëttelmiärraum an jëtt dachs an herzhaften Menüer verschafft. Sein intensiven Goût brengt deen mediterranen Aroma ant d’Ässen déi perfekt mat deen würzigen Elementer vam Chouxfleurs an der wiäremt vam Kurkuma harmonéiert. Zesaammen mam Knuawléck an dem Zitrounensaaft verstiärikt den Oregano d’Frëschheet van dësem Ässen.

De Chouxfleurs béid deen idealen Hannergrond, fir mat deen kräftigen Gewürzer wie Knuawkléck, Kurkuma, schwarzt Currypolwer an Oregano ze schaffen. Den Olivenualeg an den Zitrounensaaft ergänzen dës Aromen, andeems sie alles ausbalancéieren an aafronnen.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischëtzt vir.

Vam Chouxfleurs schnégden ech Bläder raaf an zerdeelen en an kleng Ruussen, de Stronk kanns du mat verschaffen andeems du en Würfels. Dann wäschen ech den Chouxfleurs an loossen en goud aafdrëpsen.

Als nächst schiälen ech den Knuawkléck an hacken en fein.

An enger gruusser Schossel mëschen den den Olivenualeg, mam Knuawléck, Kurkuma, schwarzt Currypolwer, Oregano, Salz, Peffer an Zitrouensaaft. Dann mëschen ech den Chouxfleurs drënner an vermëschen alles goud su datt d’Marinade iwerall verdeelt ass.

De Chouxfleurs schëdden ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech. Pass äwer op datt en net zewill openeen legt. Plaque setzen ech an deen waarmen Schiäffchen an baaschen den Chouxfleurs ongeféier 25 Min. bis 30 Min. Zwëschendurich mëschen ech den Chouxfleurs eng kéier fir datt en all rondrëm baaschen kann.

Subal den Chouxfleurs färdig ass, kanns du na paar sprutzen Zitrounensaaft driwer verdeelen an en waarem, garnéiert mat bësse gehacktem Péitersilich, als Beilaag oder als Snack mat Dip zervéiren.

! Pass äwer op, den Chouxfleurs schmëscht su goud, datts du en o mat jidferengem deels 😉 .

Geréisterten Chouxfleurs

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 gruusen Chouxfleur, an kleng Ruusen zerdeelt

  • 2-4 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 50 ml Olivenualeg

  • Saaft avn enger halwer Zitroun

  • 1-2 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL Kurkuma

  • 1 TL schwarzt Currypolwer, alternativ normalt Currypolwer

  • 2 Tl gedrëchenten Oregano

  • frësch gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger grusser Schossel mëschen ech den Olivenualeg, Salz, Peffer, Kurkuma, schwarzt Currypolwer, Oregano an den Zitrounensaaft. Do drënner mëschen ech den Chouxfleurs, vermëschen allles goud su datt d’Marinade iwerall verdeelt ass.
  • De Chouxfleur schëdden ech op eent mat Baaschpapeir ausgeleiten Blech, verdeelen en bëssen su datt en net zevill openeen legt.
  • Datt setzen ech dann fir 25-30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • Wann den Chouxfleur färdig ass, kanns du na bëssen Zitrounensaaft driwer verdeelen an mat gehacktem Péiterslich garnéiert waarem als Beilaag oder als Snack mat Dip zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*