Gremolata

Gremolata? Watt ass datt? Watt kann ech domatt maan?

Watt ass Gremolata?

Gremolata ass eng Krégdermëschung, mi genau eeng italienisch Krégdermëschung. Gremolata ass eng einfasch an beandrockend Krégdermëschung, déi hiren Ursprong an der Lombardei hat. Bekannt ass Gremolata datt se als Topping iwert den Osso Buco gestreit jëtt. Aus den Këchen weltwégt fënnt een äwer mi wie 1000 verschidden Rezepter, an jidfereen behaupt – “ech han d’OriginalRezept”.

Wann een die italienisch Këchen äwer bëssen kennt, wees een, datt sie no engem ganz einfaschen Prinzip schaffen:

Haal et einfasch!

Bei der Gremolata handelt et sech em eng Mëschung aus deene fir Lomardei typischen Krégder an Aromen, datt sen Knuawléck, Péitersilich an Zitroun. Dës Mëschung ass entwéckelt jänn fir geschmoorten Menüer wie z.B. fir dem Osso Buco, Kanéngchen oder Houhn deen ultimativen Doft an Frëscheet ze jänn.

Datt italienischt Wuort “Gremolata” kënnt aus dem Wuort “gremolaa”, watt suvill wie “gekörnt” bedeit. Datt bezéiht sech an ischter Linn op Textur van dëser Krégdermëschung. Dës “Körnung” entsteht äwer nëmmen wann alles manuell geschnidden jëtt.

Gremolata ass eent aalt Gewürz, datt mat deen winigen Mëttel déi zu där Zéckt zur verfügung stungen zoubereet juff. Zur Hand, an meestens aus deem eegene Gaart, woren ëmmer Péitersilich, Zitroun an Knuawléck. Heinsdo jänn o na Anchoisfilet mat ënnergemëscht, fir na een besseren Geschmaasch ze kreien, an well et een erschwinglischen Artikel wor.

Vill Rezepter, déi een am Internet fënnt, hualen am Platz van der Zitroun, Orange oder eng Mëschung aus Zitroun an Orange. D’Zitroun ass d’Fruucht van der Sonn, déi jären réist an goud haltbar ass. Denk aant Seelékt, déi d’Zitroun als eenzig Vitamin-C-Quell mat op d’Miär gehollt han.

D’Orangen am Géigendeel woren an villen nördlichen Regiounen an Länner een seelenen Artikel an sie han sech net goud transportéiren geloss. Et ass definitiv keng typisch Zutat fir d’Gremolata! Doriwer hinaus ass den Goût van der Zitroun besser an en brengt deen richtigen Ausgläich zum Knuawléck.

Zutaten fir Gremolata

Aus dem Buttik brengen ech mir glatte, gréine an frëschen Péitersilich mat. Fir datt sämtlich Bloudsauger Aafstand haalen, hualen ech na Knuawléck mat. Dann brausch ech na die ultimativ Frëschheet, an well ech nëmmen Zesten brausch – Biozitrounen. Wanns du den Goût jären has, kanns du dir o na Anchoisfilet matbrengen.

D’Mëschung ensteht äwer net einfasch su, ech brausch na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Zalootenschleider, een Raspel fir Zitrounenzesten an eng kleng Schossel.

Zoubereedung

De Knuawléck schiälen ech, drécken en dann mam flaaschen Messer platt an hacken en fein, deen leen ech an eng Schossel.

Vam Péitersilich plécken ech Bläder raaf, déi wäschen ech an drëchnen se an der Zalootenschleider, déi hacken ech ganz fein an leen se bei den Knuawléck ant Schossel.

D’Zitrounen wäschen ech grëndlich an raspelen Zesten raaf, sollten déi ze gruuss oder ze deck sen o fein hacken. Déi leen ech bei den Péitersilich an den Knuawléck ant Schossel. Pass op datt’s du nëmmen datt jällt van der Schaal hëlls, datt wäisst ass batter an verdiräreft den Geschmaasch.

Optional: D’Anchoisfilet ganz fein hacken an mat ant Schossel leen. Beim mir sen keng Anchoisfilet dran, well ech Problemer mat Fësch han.

Datt jëtt alles mateneen vermëscht an iwert dein Menü als Topping gestreit.

Watt maan ech mat der Gremolata?

Am Prinzip ass Gremolata fir den Osso Buco erfond jänn, die liit doftend, krégderig an frësch Aromen passen perfekt op datt langt geschmoortent Fleesch, iwerigens op all geschmoortent Fleesch. Well all Rezept sech äwer am Loof van der Zékt vriaan entwéckelt ass dës Mëschung gehollt jänn, ähnlich wie den Pesto Genoves, fir anner Menüer ze verfeinern.

Su kann een z.B. d’Gremolata ënnert een färdigen Risotto mëschen. Genausu kann d’Gremolata als Topping op enger einfascher Pasta mat Olivenualeg genotzt jänn. Ganz goud passt dës Krégdermëschung o zu gebroodenem oder gedënstem Fësch an Geméiss. Du kanns o deng Zoppen an Velouté’en domatt verfeineren.

Miilichkeeten sen endlos, su gesehen passt Péitersilich, Zitroun an Knuawléck zu ganz villen Menüer.

Varianten

Natiirelch mëscht et Spass anner Varianten auszeprobéiren, an deem Iwerfloss an deem mir Hokt liäwen, kann een alles ausprobéiren. Probéier et aus, an hual am Platz van den Zitrounenzesten Orangenzesten fir deng Gremolata oder ersetz d’Zitroun durich Limetten- oder Pampelmuss-Zesten. De Knuawléck kanns du z.B. durich Schalotten ersetzen, oder du mëchs die 2 Zorten drënner. De Péitersilich kanns du durich eng Mëschung aus Basilikum an Bratzelen oder Mënz, oder sugar Koriander ersetzen.

Et légt aan dir, ze experimentéiren an auszeprobéiren fir su rauszefannen watt dir am besten schmëscht.

Gremolata

Schwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 50 g glatte Péitersilich, fein gehackt

  • Zesten van enger décker oder 2 klengen Zitrounen, fein gehackt

  • 1-2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • Optional: 1-2 Anchoisfilets, fein gehackt

Zoubereedung

  • Sämtlich Zutaten an enger Schossel mateneen vermëschen an su als Topping oder Gewürz verschaffen.
  • Loftdicht verschloss hällt Gremolata sech ongeféier 3 Deeg bis 4 Deeg am Frigo. Am besten ass et natiirlech ëmmer sie jëtt frësch verschafft.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*