Griechisch Gromperen

Hogt an mengen kulinarischen Universum beschreiwen ech dir, wie ech griechisch Gromperen maan. Eng Beilaag, déi einfasch zouzebreeden, an voller Geschmaasch an Aromen ass.

Griechisch Gromperen oder “Patates sto forno”, sen eng beléift Beilaag an der griechischer Këchen an spéielen die traditionell Aromen an Techniken, déi ségt Joerhonnerten van Generatioun zu Generatioun gin. Ursprünglich stammt dëst Ässen wahrscheinlich aus ländlichen Regiounen, wu einfasch Zutaten wie Olivenualeg, Zitrounen an frësch Krégder am iwerfloss ze fannen sen. Hogt sen griechisch Gromperen net nëmmen an Griechenland, mais op der ganzer Welt beléift an jänn dachs als Beilaag bei gegrillten Fleesch, Fësch oder als einfaschen herzhaften Snack zervéiert.

Zutaten fir griechisch Gromperen mat Joghurtdip

Fir dës Gromperen ze maan brausch ech bëssen mi Zutaten, datt wichtigst sen Gromperen, do brengen ech mir Grenaille mat, die kanns du ganz loossen. Dann brausch ech na Kiischtentomaten ech haat Rispentomaten déi sen bëssen mit déck wie Kiischtentomaten, an fir deen rischtigen Geschmaasch ze kreien, brausch ech na Olivenualeg, Dijon-Mostert, gedrëchenten Oregano, Knuawléck, Salz, Peffer an Zitrounensaaft van Biozitrounen. Fir den Joghurt-Dip brausch ech, griechischen Joghurt, Zitrounenzesten an Péitersilich. Du kanns o na Feta mat drënner mëschen.

Ausserdeem brausch ech eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eent Baaschblech mat Baaschpapaier, paar Schosselen, an eng Raspel.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Gromperen an Tomaten wäschen ech an leen Gromperen an eng Schossel, Tomaten brausch ech rischt mi spéit.

Den Knuawléck schiälen ech an zerreiwen en am Mörser mam Salz zu enger feiner Past.

An enger Schossel mëschen ech den Mostert, Zitrounensaaft, d’Knuawléckpast, Peffer, Oregano an den Olivenualeg. Ongeféier een Drëttel van dëser Mëschung mëschen ech mat den Gromperen an leen Gromperen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech, su datt se net openeen leien. Déi setzen ech dann fir ongeféier 30 Min. bis 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems den Joghurt-Dip zoubereeden, hei mëschen ech Joghurt mat Péitersilich an Zitrounenzesten, bëssen Salz an Peffer. Wanns du Feta mat drënner mëschen wëlls, hual gleich Deeler Joghurt an Feta. Datt vermëschen ech alles zu enger crémiger Zooss an stellen den Dip an den Frigo bis ech en brausch.

No deen 35 Min. hualen ech Gromperen raus an driien se eng kéier, dann leen ech Tomaten dowzëschent, an verdeelen paar EL van der Marinade driwer. Su setzen ech Gromperen mat den Tomaten fir ongeféier 10 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Behaal alles am Au, subal Tomaten aafänken mat baschten sen se durich waarem.

Fir ze zervéieren, verdeelen ech den Joghurt an enger mi gruusser platter Schossel oder een mi gruussen Teller, do leen ech Gromperen mat den Tomaten drop an verdeelen deen Rest van der Marinade driwer.

Tipp

  1. Du muss fir dëst Ässen keng Grenaille-Gromperen hualen, hual dann festkooschend Gromperen an schnégd se an mi oder winiger gläich gruuss Stécker, fir datt se gläichmässig garen.
  2. Experimentéier mat verschidden Kégder an Gewürzer fir su dein eegene eenzigartigen Geschmaasch ze kreien. Goud passen sämtlich mediterran Krégder.
  3. Fir na mi een intesinven Geschmaasch kanns du an Streifen geschnidden Ënnen mat ënnert Gromperen mëschen.
  4. Den Feta kanns du, wanns du Tomaten mat drënner mëchs, iwert deem Ganzen verdeelen an iwerbaaschen.

Griechisch Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 700 g Gromperen

  • 500 g Kiischtentomaten

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 1 EL Dijon-Moster

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

  • 3 Ziiwen Knuawléck, mam Salz zu enger Past verreiwen

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 60 ml Olivenualeg (ongeféier 3 EL – 4 EL)

  • Fir den Joghurt
  • 300 g griechischen Joghurt

  • Optional: 150 g griechischen Joghurt 150 g Feta

  • Zeste van 1 Zitroun

  • 2 El gehackten Péitersilich

  • Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Gromperen an Tomaten wäschen.
  • Gromperen an eng Schossel leen. Tomaten op Ségt stellen bis se gerbauscht jänn
  • Fir Marinade den Mostert, Zitrounensaaft, Oregano, Knuawléckspast, Peffer an Olivenauleg goud vermëschen.
  • Een drëttel van dëser Marinade mat den Gromperen vermëschen. Gromperen op eent mat Baaschpapaier ausgeleiten Blech leen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. bis 35 Min. baaschen.
  • Iwerdeems den Joghurt zoubereeden, dofir jänn sämtlich Zutaten zu enger crémiger Zooss vermëscht. An den Frigo stellen bis en gebrauscht jëtt.
  • No deen 35 Min. Gromperen aus dem Schiäffchen hualen eng kéier goud vermëschen an Tomaten dozwëschent verdeelen. Paar EL Marinade driwer verdeelen an fir 10 Min. zeréck an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • Fir ze zervéieren, den Joghurt an enger platter Schossel oder een mi gruussen Teller verdeelen, Gromperen mat den Tomaten drop leen, an deen Rest Marinade driwer verdeelen.
  • Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*