Gromperenpürée à la Ënnenzopp

Hogt hualen ech dech mat op eng Réis, déi 2 Klassiker aus der Këchen mateneen vereent; Grompernpürée an Ënnenzopp! Stell der vir crémig, bootterigen Grompernpürée aangereichtert mat dem herzhaften Aroma van enger fransiischer Ënnenzopp. Su eent richtigt Comfortfood datt dir mat Sëcherheet eent zefriddend Grinsen ant Gesiit zaubert.

Den Ursprong van der Ënnenzopp reecht bis an datt antikt Roum zeréck, während Grompernpürée an villen Kulturen rondrëm den Globus zoubereet jëtt. Mat mengem Rezept: Gromperenpürée à la Ënnenzopp, féiren ech datt Best aus deen 2 Welten zesaammen.

Zutaten fir Gromperenpürée à la Ënnenzopp

De Star van dëser Show ass natiirlech d’Gromper, an den Geschmaachskënslter sen d’Ënnen. Fir deen onverwiässelbaren botterig, cremigen Geschmaasch brausch ech natiirlech Botter an Mëlich. Salz an Muskot duaref an engem gouden Pürée natiirlech o net fehlen. Eng rischtig Ënnenzopp jëtt mat Botter oder Botterschmalz, wäissem Wéng, Thymian an enger Randsbréit gekooscht, ech han o na zousätzlich Knuawléck mat dran gemaat. Fir deem Ganzen dann na Kroun op ze setzen jëtt o na Gruyère ënnergemëscht oder mat Gruyère iwerbaasch.

Ausserdeem brausch ech na, eent gruust Dëppen, eng Casserole, eng Pann, een Gromperenstampfer oder eng Gromperenpress, eent Schnégdbrett, eent Schareft Messer an een Holzeläffel.

Zoubereedung

Gromperen kooschen ech an der Schaal, bis se mël sen.

Während Gromperen kooschen schälen ech d’Ënnen, schnégden d’Wuurzel raus an schnégden se dann an dënn Streifen. De Knuawléck schiälen ech an zerreiwen en fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen do dran bis se karameliséiren. Wann d’Ënnen brong sen an sech om Buadem van der Pann Röstaromen gebild han mëschen ech deen zerriwene Knualéck an den Thymian drënner. Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen, bis sech rem Röstaromen om Buadem van der Pann bilden. Dann schëdden ech eng Lousch Randsbréit dobäi an déi lossen ech o rem ankooschen bis sech Röstaromen bilden, datt widderhualen ech 3 bis 4 mol. Schmaaschen an würzen.

An enger Casserole erhëtzen ech op mëttel Hëtzt d’Mëlich an schmëlzen den Botter do dran. An subal d’Gromperen mëll sen, schälen ech se an drécken se durich eng Grompernpress oder stampfen se mam Grompernstampfer. Botter-Mëlich-Mëschung schëdden ech no an no bei Gromperen bis een cremigen Pürée entstannen ass, würzen mat Salz an Muskot.

2/3 van mengen karameliséiert Ënnen mëschen ech mam Gruyére ënnert den Gromperenpürée an vermëschen alles bis den Kiiss ganz geschmolz ass. De Pürée fëllen ech an eng Schossel an als Topping verdeelen ech den rest Ënnen driwer.

Wanns du datt ganzt iwerbaaschen wëlls, dann d’Ënnen all ënnert den Pürée mëschen, an eng feierfest Form ëmfëllen den Kiiss driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen bei 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt goldbrong iwerbaaschen.

Tipps

Pass do drop op deng Ënnen bei niddrig bis mëttel Hëtzt ze karamelsiséiren. Gedold ass hei den Schlëssel, rischt su entwéckelen d’Ënnen hiren zwibbelartigen séissen Geschmaasch.

Gromperenpürée à la Ënnenzopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

35

Minuten

Zutaten

  • fir den Pürée
  • 1 kg Gromperen, festkooschend

  • 200 ml Mëlich

  • 150 g Botter

  • Salz

  • bëssen Muskot

  • fir d’Ënnen
  • 4 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • bëssen Botterschmalz

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein zerriwen

  • 1 TL gerëchenten Thymian

  • 100 ml wäisse Wéng

  • 250 ml bis 300 ml Randsbréit

  • Salz, Peffer

  • 150 g gerriwene Gruyère

Zoubereedung

  • Gromperen koschen ech an der Schaal.
  • Iwerdeems Gromperen kooschen erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz an brooden op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se brong sen an Röstaromen om Buadem van der Pann entstannen sen.
  • Dann mëschen ech den Knuawléck an den Thymain drënner an läschen datt Ganzt mam waissen Wéng aaf, deen loossen ech ganz ankooschen, bis rem Röstaromen an der Pann entstinn
  • Als nächst schëdden ech eng Lousch Randsbréit dobäi an loossen déi ganz ankooschen, bis Röstaromen entstinn. Datt widderhualen ech 3 bis 4 mol. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.
  • An enger Casserole erhëtzen ech op mëttel Hëtzt d’Mëlich an loossen den Botter do dran schmëlzen.
  • Subal Gromperen mëll sen, schiälen ech se an drécken se durich eng Gromperenpress. No an No mëschen ech Botter-Mëlich-Mëschung drënner bis een cremigen Pürée entsteht. Deen würzen ech mat Salz an Muskot.
  • 2/3 van den Ënnen an den Kiiss mëschen ech ënnert den Pürée. Goud vermëschen bis den Kiiss geschmolz ass.
  • De Pürée an eng Schossel fëllen an deen Rest Ënnen als Topping driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*