Hackbroot am Bläderdeeg

Wie ech dës Woosch bei menger Mamm wor, hat sie mir Courgetten aus dem Gaard mat jiänn. Natiirlech han ech iwerläit watt ech doraus maan kann?

Courgette

Courgette as eng Geméissplanz déi mam Kürbis Familjien as. Van Juli bis Oktober kann een dës Planz aus dem Gaart genéissen. Sie kann ronn oder lang sënn, gréin jiäll, wäiss sen paar van den Faarwen déi dës Planz han kann. Ausserdeem as net nëmmen Courgette ässbar, mais o Bléih kann an der Këchen mat verschafft jiänn.

Courgette iwerzeecht net nëmmen durich hiren gouden Geschmaasch, sie as o gesond mat ënner annerem wichtigen Inhaltsstoffe wie Vitamin-C an Kalium. Durich die niddrig Kohlenhydrate klëmmt den Bloudzockerspéijel nëmmen geméllig an Courgette mëcht lang satt.

An der Këchen jëtt Courgette als Zaloot, waaremt Geméiss, wie z.B. an enger Ratatouille, oder fir ze baaschen gehollt.

Zeréck zu menger Courgette, op eng einfasch Zopp haat ech keen Iddi, an o Ratatouille wor net datt watt ech wollt maan. Am Internet han ech du eent Rezept van Courgettenrouladen fond. An no bëssen änneren as dëst Rezept entstannen.

Zutaten:

  • Gehacktes
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Oregano
  • Eier
  • Peffer & Salz
  • Panéiermiähl oder aalt Brigdchen
  • Courgetten
  • Kooschelen
  • Schalotten
  • Bläderdeeg

Zoubereedung:

Ënnen, Schalotten, de Knuawléck an Kooschelen han ech fein gehackt.

Aus engem Deel van den Ënnen, der Schalotte an de Kooschelen han ech eng Duxelles gekooscht. Déi han ech op Ségt gestallt an auskéilen geloss.

Gehacktes han ech mat deem rest Ënnen, dem Knuawléck, Ei, Peffer, Salz, Oregano an Panéiermiähl goud vermëscht.

Courgette han ech mat engem Sparschiäler, der Längt no an dënn Scheiwen geschnidden. Déi Scheiwen han ech an eng Sei geschicht an all Schicht liit gesalzen. 30 Min. stoen loossen, su kann Waasser raus zéien. Mat Këchenpapeier han ech no der halwer Stonn Scheiwen drëchen getupft.

Well datt jo gebaasch jëtt muss o den Schiäffchen virgwiäremt jiänn, 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt.

Als nächst han ech eent Steck Folie op meng Arbichtsplaque geleit, dorop han ech Courgettenscheiwen geleit, su datt se sech liit iwerlappen an ongeféier gekuckt datt se een Véiereck oder een Rechteck bilden. Dodrop han ech Gehacktes su dënn wie miilech verdeelt. Mat Hëlef van der Folie han ech alles angerullt.

Dann han ech den Bläderdeeg auserneengeleit an op deem han ech Duxelles dënn verdeelt. Dodrop han ech meng Courgettenrull geleit den Deeg zougeklappt an liit aangedreckt. Subal alles goud zou as, den Deeg mat Ei anpinselen.

Datt Ganzt as dann op engem Blech mat Baaschpapeier fir ongeféier 35-45 Min. bei 180°C gebaasch jiänn.

Dobäi han ech eng Tomatenzooss gekooscht, gebrooden Gromperen an een Komb Zaloot.

Hackbroot am Bläderdeeg

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 500 g gehackten Kooschelen

  • 1 gehackten Schalott

  • 500 g Gehacktes

  • 2 gehackten Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 TL Oregano

  • Peffer & Salz

  • 3 EL Panéiermiähl

  • 2 Eier

  • 2 Courgetten

  • 2 Bläderdeeg

Zoubereedung

  • Aus den Kooschelen, der Halschent van den Ënnen an der Schalott eng Duxelles kooschen. Auskéilen loossen.
  • Gehacktes mat dem rest Ënnen, dem Knuawléck, 1 TL Oregano, 2 TL Salz, 1 Tl Peffer, dem Panéiermiähl an 1 Ei goud vermëschen.
  • Courgetten mam Sparschiäler, längs an dënn Scheiwen schnégden, an eng Sei schichten an all Schicht liit salzen, su ongeféier 30 Min. stoen geloss, su kann Waasser raus zéien. No der halwer Stonn Scheiwen mat Këchenpapeier drëchen tupfen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Zwee Stécker Folie op Aarbichtsplaque leen, an Courgettenscheiwen niäwenteen leen, su datt se sech liit iwerlappen. Kuck fir een Véiereck oder Rechteck zesaammen ze bastelen.
  • Gehacktes su dënn wie miilech op den Courgetten verdeelen. Mat Hëlef van der Folie datt Ganzt zesaammenrullen.
  • De Bläderdeeg op Aarbichtsplaque leen an Duxelles drop verdeelen. Courgettenrullen drop leen an den Deeg rondrëm zou klappen an fest drecken. Op een Blech mat Baaschpapeier leen.
  • 1 Ei opklappen an den Broot domatt anpinselen. Fir ongeféier 35-45 Min am waarmen Schiäffchen baaschen.
  • Dobäi passt Tomatenzooss, gebrooden Gromperen, Salzgromperen, Reis Nuddelen…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*