Kappesgratin

An dësem Artikel, deelen ech eent Rezept mat dir, datt eng perfekt Kombinatioun aus Gemütlichkeet an Geschmaasch vereent – Gebroodene Kappesgratin mat Gromperen, Wiischtercher an iwerbaaschen mat würzigem Raclette-Kiiss.

Dësen Menü kombinéiert die rustikal Gromper mam Kappes, an der Gesellschaft vam Raclette-Kiiss, deen ursprünglich aus der Schweiz kënnt. Kombinatioun jëtt na mat Herzhaften Wischtercher getoppt. Een Gratin deen mat engem beandrockende Geschmaasch iwerzeecht.

Fir dësen Gratin ze kooschen brauschst du:

  1. eeng gruust Messer
  2. eent Schnégdbrett
  3. eent Gossendëppen oder -Pann
  4. evtl. eng feierfest Form
  5. Holzeläffel

Zoubereedung

Et ass egal watt fir een Kappes datts du hëlls, ech haat na Wirsing doheem dofir han ech deen gehollt.

Gromperen schiälen ech, schnégden se an Scheiwen van 0,5 cm bis 1 cm an wäschen se grëndlich ënner kaalem fléissenden Waasser. Am waarmen Gossendëppen oder Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden Gromperen do dran bis se mëll an goldbrong rondrëm sen. Ech han Gromperen gar net gewürzt, Wiischtercher sen gewürzt, den Raclette-Kiiss as würzig an Bréit ass gewürzt.

Iwerdeems Gromperen brooden, schnégden ech Wiischtercher an dënn Scheiwen.

Vam Kappes hualen ech die bausegt Bläder raaf, zerdeelen den Kappes an Véirel. Schnégden den Stronk raus an schnégden den Kappes an dënn Streifen. Am kaalen Waasser wäschen ech den Kappes grëndlich an loossen en goud aafdrëpsen.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

Subal Gromperen mëll sen, hualen ech se raus an stellen se op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech Wiischtercher rondrëm brong aan, hualen déi raus an stellen se op Ségt.

Als nächst brooden ech den Kappes, würzen deen mat Salz, Peffer an bëssen Cumin (Kreuzkümmel), du kanns o normalen Kümmel hualen wann dir den Cumin net schmëscht. Subal deen aafänk zesaammen ze fällen schëdden ech bëssen Zitrounensaaft drop, vermëschen alles goud an loossen Zitrounensaaft ganz ankooschen. De Kappes hualen ech raus an stellen en op Ségt.

Dann draan denken den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Dann erhëtzen ech na bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen aan, subal déi aafänken Faaref ze kreien mëschen ech den Knuawléck drënner an brooden deen nëmmen kuurz aan. Datt Ganzt stëppsen ech dann mat bëssen Miähl an, vermëschen alles goud an schëdden Bréit drop. Ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Driien Hëtzt raaf loossen Zooss ongeféier 15 Min. bis 20 Min. kooschen, heinsdo mol dran réiren. Schmaaschen an evtl. bëssen würzen. Pass äwer mam würzen op!

Schëdden Rahm dobäi erhëtzen Zooss kuurz an mëschen Gromperen, Wiischtercher an den Kappes drënner.

Du kanns die ganz Mëschung an eng gebotter feierfest Form schëdden. Fir deen rustikalen Charme na ze ënnerstreichen han ech alles an der Gossenpann geloss. Iwert den Gratin han ech na Scheiwen Raclette-Kiiss verdeelt an et bei 200°C am waarmen Schiäffchen 20 Min. bis 30 Min. iwerbaasch. Fir den Kiiss bëssen mi brong ze kreien han ech 10 Min. viraan Schluss den Schiäffchen op Grillen ëmgestallt.

Ech han alles eenzel an grëndlich aangebrooden. Aus deem Grond, ech wollt erreechen datt die ganz Röstaromen, déi beim brooden entstinn, sech hanneno am Gratin mateneen vermëschen, watt mir o gelongen ass.

Du kanns dësen Gratin natiirlech o annëcht maan. Du kanns Gromperen kooschen an se dann kleng schnégden. Deen geschniddene Kappes 5 Min. blanchéiren. Wiischtercher kleng geschnidden an dann alles ënnert Zooss mëschen an am waarmen Schiäffchen baaschen.

Ankoofslëst

  • Botterschmalz
  • Gromperen
  • Wiischtercher
  • Kappes (Wirsing, wäissen, gréinen oder rugden Kappes, Chinakohl…)
  • Zitrounen
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Miähl
  • Bréit, hei ass natiirlech ëmmer die selwer gekooschten am besten.
  • Rahm
  • Péitersilich

Tipps

  1. Kappesbläder kanns du durich Kohlrabibläder ersetzen, oder durich annert Geméiss, dësen Gratin kanns du ganz denger Virléift aanpassen.
  2. Kuck datt Gromperenscheiwen ongeféier gläich déck geschnidden sen, fir datt se glächmässig mëll jänn.
  3. Zooss soll crémig äwer net ze déckflëssig sen, evtl. na bëssen Bréit oder Waasser noschëdden.
  4. Bei der Bréit kanns du selwer entscheeden watt dir am besten schmëcht, op Geméiss- oder Fleeschbréit ass egal.

Varianten

Zoss kanns du na mat bëssen Dijon-Mostert aafschmaaschen, fir na mi eng würzig Variant ze kreien.

Am Platz van den Wiischtercher kanns du Ham, Mettwuuschten, Gesolpertes hualen oder sugar mat Brootwuuscht oder Gehacktes.

Kappesgratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • Botterschmalz

  • 500 g Gromperen, geschiält, an Scheiwen van 0,5cm bis 1cm geschnidden

  • 1 mëttelgruussen Wirsing, an dënn Streifen geschnidden

  • Salz & Peffer

  • 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 4 Wiischtercher

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 EL Miähl

  • 300 ml Bréit

  • 150 ml Rahm

  • 200 g Raclette-Kiiss

  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Gossenpann bëssen Botterschmalz erhëtzen, Gromperen op mëttel Hëtzt mëll an goldbrong brooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann, Wiischterscher brong aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Als nächst den Kappes an der selwischter Pann brooden. Mat Salz, Peffer an Cumin würzen. Subal den Kappes aafänkt zesaamenzefällen d’Zitrounensaaft drop schëdden, goud mëschen an ankooschen loossen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • Bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen aanbrooden, wann se aafänken Faaref ze kreien den Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Mat Miähl anstëppsen an alles goud vermëschen.
  • Bréit drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Hëtzt raaf driien an Zooss ongeféier 15 Min. bis 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen. Heinsdo mol dran réiren. Schmaaschen an nëmmen liit würzen.
  • Rahm ënnermëschen kuurz erwiärmen an dann den Kappes, Gromperen an Wiischtercher ënnermëschen.
  • Du kanns den Gratin an eng gebotter feierfest Form fëllen. Wanns du eng Pann has déi’s du an den Schiäffchen kanns stellen jiff ech en do dran loossen.
  • Den Raclette-Kiiss iwert dem Gratin verdeelen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. bis 30 Min. baaschen.
  • 10 Min. viraan Schluss han ech den Schiäffchen op Grillfunktioun ëmgestallt fir datt den Kiiss sching brong jëtt.
  • Viraam zervéiren mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*