Kabesmatsch

Kappesmatsch

Ech sen van enger léiwer Followerin gefrooscht jänn op ech eent Rezept fir Kappesmatsch han? Firtischt haat ech mol eent gruust Fragezeichen am Gesiit, well ech datt su na net hiiren han. Su wie Wuort et äwer well seet, han ech mir gedeit, datt et jätt aus Kappes an Gromperen muss sen, an well mir et jo all jären herzhaft han as bestëmmt o na Wuusch oder Speck mat dran.

Froosch Google! watt ech o gemaat han, an tatsächlich fënnt een do paar Rezepter, noodeems ech déi durich geliäsen han as et menger Meenung no eng Variant vam hollännischen Stamppot, bei deem gestampften Gromperen dachs mat Kappes oder annerem Geméiss kominéiert jëtt.

Et as ëmmer rem interessant, wie regional Këchen hir eegen Variatiounen van deen verschiddensten Menüer entwecklen.

Dodurich datt hei alles mateneen gekooscht jëtt an dann gestampft behällt dësen Menü vill verschidden Texturen, su eng Nuancen maan lokalt Ässen besonnëch faszinéierend.

Ech kooschen hei meng ganz eegen Versioun van Kappesmatsch, su Rezepter sen dachs Restverwiärtung an mengt Rezept dozou as su entstannen.

Zutaten

  • am Frigo haat ech na wäisse Kappes, Brokkelcher an eent Steck Chouxfleurs
  • miählig kooschend Gromperen
  • Speck
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Botterschmalz
  • wäisse Wéng
  • Bréit (Fleesch oder Geméiss)
  • gereecherten Speck
  • Salz & Peffer
  • Muskot
  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

Meng Kappeszorten déi ech na haat, han ech gebotzt, gewäsch an d’Strénk raus geschnidden an komplett auserneen gepléckt, Brokkelcher han ech halbéiert, dann han ech eent Dëppen Waasser opgesatt an datt genz Geméiss ongeféier 5 Min. an kooschendem Waasser blanchéiert. Geméiss jëtt dann graff gehacken.

Schalotten an den Knuwléck han ech fein gehackt an de Speck gewürfelt.

Gromperen jiänn geschiält an graff gewürfelt.

An enger waarmer Gossenpann han ech Botterschmalz erhëtzt, an de Speck brong aangebooden, deen hualen ech dann raus an setzen op Ségt bis ech en brausch.

An deem selwischten Fett han ech Schalotten an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aangebrooden, su datt alles glasig as an keng Faaref aagehollt hat.

Als nächst han ech die ganz Kappeszorten ënnergemëscht an mat aangebrooden, no 5 Min. brooden jëtt datt Ganzt mam wäisse Wéng aafgeläscht an deen jëtt ankooschen geloss.

Dann han ech Gromperen ënnergemëscht, an suvill Bréit drop geschott datt just alles Bedeckt as. Kuurz opkooschen geloss an mat Salz, Peffer an Muskot gewürzt.

Mat Deckel han ech alles op niddriger Hëtzt eng goud Stonn schmoren geloss.

Mam Gromperenstampfer jëtt dann alles graff püréiert. Well ech bëssen zevill Flëssigkeet dran haat han ech alles na bëssen ouni Deckel kooschen geloss su datt et na reduzéiert. Geschmaascht an nogewürzt.

Zum Schluss han ech den Speck ënnergemëscht. An viraam zervéieren han ech na bësen gehackten Péitersilich driwer gestreit.

Jidfereen deen dësen Menü kennt hat wahrscheinlich seng ganz eegen Versioun wie et zoubereed jëtt. Datt as datt faszinéirend bei dësen herzhaften Ässen du kanns näist falsch maan. Wie deng Mëschung zum Schluss as, as ganz egal Hauptsaach et schmëscht.

Kappesmatsch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1/2 Kapp Kappes (wäisse Kappes, Wirsing, Chinakappes….) an die eenzel Bläder zerdeelt.

  • 1 kg miählig kooschend Gromperen, geschiällt an gewürfelt

  • 3 Schalotten, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 200 g gereecherten Speck, gewürfelt (oder/an Mettwuuscht, Wiischtercher)

  • 125 ml wäisse Wéng

  • Bréit

  • Salz & Peffer

  • Muskot

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Eent Dëppen Waasser opsetzen an kooschen loossen, Kappesbläder am kooschenden Waasser ongeféier 5 Min. blanchéieren. Aafschëdden, goud aafdrëppsen loossen an graff hacken.
  • An enger waarmer Gossenpann de Botterschmalz erhëtzen an den Speck brong aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen Schalotten an den Knuawléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se glasig sen äwer ouni datt se Faaref aanhualen.
  • Dann den Kappes ënnermëschen an ongeféier fir 5 Min. matbrooden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Als nächst Gromperen ënnermëschen an suvill Bréit drop schëdden datt just alles bedeckt as.
  • Kuurz opkooschen loossen, mat Salz, Peffer an Muskot würzen. Op niddriger Hëtzt mat Deckel eng goud Stonn schmoren loossen.
  • Mam Gromperenstampfer alls graff püréiren, schmaaschen evtl. noowürzen. Wann et zevill flëssig as, ouni Deckel na bëssen reduzéiren loossen.
  • Zum Schluss den Speck ënnerréiren.
  • Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*