Kappesrouladen

Kappesrullen oder Kappeswuuscht sen verschidden Bezeechnungen wir Kappesroulade, sie jiänn gedënst oder geshmoort.

Du kanns wäisse Kappes, Wirsing, Chinakohl oder sugar rugde Kappes dofir hualen. Gefëllt jiänn se hei bei eis, mat gewürztem Gehacktes. An bëssen Bréit jiänn se dann geschmoort. Et jëtt se durich ganz Europa bis an Russland. Mat klengen Ënnerscheeder, om Balkan jiänn z.B. gesäiert Bläder vam wäissen oder gréine Kappes geholt, oder sugar Wéngbläder.

Fir 5 Portiounen brauchst du?

Fir meng Kappesrouladen han ech:

  • 1 wäisse Kappes, Wirsing, Chinakohl…
  • 500-600 g selwer gewürzten Gehacktes
  • 1-2 EL Botterschmalz
  • 0,5 L Fleeschbréit
  • 1 gehackten Ënn
  • 3-4 gehackten blacnhéiert Kappesbläder

De Kappes ronderëm de Stronk aschnegden an en 5 Min. am kooschende Salzwaasser blanchéieren. Am besten eng Forschette an den Stronk picken an während dem kooschen Bläder liisen. Wann en richtisch ageschnidden as liisen sech Bläder baal van alleng.


Fir Gehacktes:

  • 500 Randsgehacktes
  • 1 kleng gehackten an gebrooden Ënn
  • 1 EL gehackte Péitersilich
  • 1 TL Salz
  • 1 Tl Peffer
  • 0,5 TL Paprikapolwer
  • 0,5 TL Canelle
  • 0,5 TL Korianderpolwer
  • 0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)
  • 3 geheefte EL Panéiermiähl
  • 2 Eier
  • 1,5 EL mëllen Botter

Ënn aanbrooden, sie kann bëssen brong jiänn an aafkéihlen loossen. Zesaammen mam Gehacktes, den ganzen Gewürzer, den Eier, dem Panéiermiähl an dem Botter mëschen an goud durich kniädden su datt alles goud vermëscht as.

Botter hualen ech well Randsgehacktes soss ze drëchen jëtt. Hëlls du gemëschten Gehacktes brauchst du keen Botter, durich Schwengefleesch as genou Fett am Gehacktes. Du kanns dengt Randsgehacktes o mat 100 g – 150 g kleng gewürfelten Speck mëschen am Platz vam Botter.

Canelle, ech sen absolut keen Frënd van Canelle op enger Äppeltaart oder soss an engem Dessert. Ech han eng kéier arabisch Bouletten gäss déi mat Baharat gewürzt woren an do as Canelle dran, an ech muss soen datt as richtisch goud. Baharat as eng arabisch Gewürzmëschung aus Peffer, Paprika, Koriander, Neelchsekäpp, Cummin, Kardamon, Muskot an Canelle. An jëtt haupstächlich dir deftig Fleeschzoubereedungen gehollt.


Wie jëtt gekooscht?

Kappesbläder op der Aarbichtsplaque ausbreeden an op all Blaad een goude Läffel Gehacktes drop leen. Datt Ganzt anroulen an dobäi Segten anklappen. Dann mat engem Zahnstocher zoupicken oder mat enger Fissell zou bannen.

Botterschmalz an enger mi hiier Pann oder engem Dëppen erhëtzen an Rouladen dodran aanbrooden su datt se Faaref aanhualen. Rouladen aus dem Dëppen hualen an op segt stellen. D’Ënn anbrooden, deen gehackte Kappes mat drënner mëschen. Dann d’Bréit drop schëdden, kuurz opkooschen loossen, Rouladen rëm dran leen. D’Hëtzt raaf driien an se 45 Min bis 1 Stonn sudderen loossen.

2 Comments

  1. Gerard

    Gudden Owend,
    Schéin Websäit mat leckere Rezepter. Ech probéieren geschwënn een aus. Nach méi lëschteg ass, datt d’Lëtzebuergescht ganz ähnlech wéi eisen Achterhoeker Dialekt (Niddersächsesch) ass. Ech ka bal alles liesen a verstoen.
    Mat kulinareschen Gréiss,
    Gerard

    • Guten Abend
      Danke.
      Das freut mich, dass du fast alles verstehst. Solltest du eine Frage haben, oder etwas nicht verstehen meld dich einfach.
      Kulinaresch Gréiss jänn ech zerëck. 🙂
      Josiane

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*