Kappeszaloot mat Ranchdressing

Hokt sen ech an der amerikanischer Këchen ënnerweech, mat dëser gemëschter Zaloot aus knusperigen Texturen. Eng Zaloot fir eent siiert an goud Mëttigässen. Dës Zaloot vereent deen würzigen Geschmaasch van engem Ranchdressing mat der Knusperigkeet vam Kappes.

Historisch gesehen han Kappeszalooten eng lang Traditioun an villen Kulturen, als robust Geméiss, jëtt den Kappes well ségt Joerhonnerten als Grondnahrungsmëttel genotzt. Dës Kombinatioun ass een relativ neien Trend, deen an deen letzten Joerzéinten aan Popolaritéit gewonnen hat. Den Ranch-Dressing selwer ass an den 50er Joeren van engem kalifornischen Ranchbesëtzer erfond jänn an ass ségt deem een festen Bestandeel an villen amerikanischen Zalooten.

O wann die vill Saaschen bei den Amerikaner dachs mat zevill Fett, zevill Gwürzer an vill ze vill färdig Produkter zoubereet jänn, muss ech soen datt den Ranchdressing datt net ass an datt et eng Zooss oder su wie ech en als Dip zoubereeden eng Köstlichkeet ass.

Zutaten fir mein Kappeszaloot mat Ranchdressing

Fir die ultimativ Knusperigkeet brengen ech mir gréine Kappes aus dem Buttik mat, ausserdeem fir Faaref an meng Zaloot ze kreien brausch ech na rugden Paprika, Muurten, Maïs, Frühlingszwibbelen, Eier. Fir den Ranchdressing brausch ech Bottermëlich, sauer Rahm, Mayonnaise, Dijon-Mostert, Schalotten, Knuawkléck, Péitersilich, Dill, Estragon, Bratzelen, Peffer, Salz an Chilipast oder Tabasco. Optional kanns du Pouletfilet op dës Zaloot maan. Fir der Zaloot zum Schluss na bëssen mi Frëscheet ze jänn brausch ech na Zitrounen.

Fir datt meng Zaloot jätt jëtt brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, d’Mandoline, Këchenreif, eng kleng Schossel fir den Dressing an eng gruuss fir Zaloot, eent Dëppen fir d’Eier ze kooschen, Geschiier fir alles ze réiren an ze mëschen.

Zoubereedung

Als ischt kooschen ech d’Eier hart. Dachs han ech op der Schaff Diskssiounen wie een Eier richtig kooscht, die eng soen wann Waasser kooscht, d’Eier dran leen an 5 Min. ass et dann eent Zoppei an, an 10 Min. eent hargekooschtent Ei, datt stëmmt, wann d’Eier net am Frigo stin! Meng Eier stin am Frigo an ech setzen se mat kaalem Waasser op an wann Waasser kooscht han ech an 6 Min. eent perfekt gekooschtent Zoppei an, an 10 Min. eent hart gekooschtent Ei. Wanns du d’Eier aus dem Frigo direkt an kooschend Waasser leechs baschten se, trotz den Tipps mat Salz oder Essig!

Als nächst schnégden ech den Kappes op der Mandoline an dënn Streifen, leen en an eng Schossel an met 1 TL Salz knutschen ech en goud durich bis aafänkt Waasser auszetredden, su setzen ech dann an de Frigo, bis all datt annert Geméiss geschnidden han.

D’ Muurten schiälen ech an ech raspelen se op der Këchenreif. De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen. D’Frühlingszwibelen wäschen ech an schnégden se an dënn Ronselen. De Maïs schëdden ech aaf an wäschen en grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf.

Mëttlerweil missten d’Eier hart sen, déi schrecken ech am kaalen Waasser aaf, schiälen se an hacken se graff.

Fir den Ranch-Dressing

Fir den Dressing mëschen ech d’Bottermëlich, mat der sauer Rahm, der Mayonnaise an dem Moster. De Péitersilich, Dill, Estragon an Bratzlelen, Schalotten an den Knuawléck hacken ech fein, an mëschen deen mam Salz, Peffer an der Chilipast ënnert den Dressing.

Dësen köstlichen Dressing ass den Star van der Show, en ass siier gemaat, an wann’s du en bis eng kéier geschmaascht hass, wëlls du en op alles schëdden. Sollt Zooss dir net feierig genou sen, einfasch na bëssen Chili drënner mëschen.

Optional: Pouletfilet

De Pouletfilet han ech marinéiert an am Schiäffchen gebrooden.

Fir eng goud Marinade brauchst du 3 Saaschen:

  1. Fett: an Form van Ualeg oder Joghurt, allerdings keng light Produkter, oder Bottermëlich
  2. Saier: Joghurt oder Bottermëlich brengt o well Saier mat, zousätzlich jëtt äwer jären mat Essig oder Zitrusfriischten geschafft, evtl. sugar bëssen Wéng.
  3. Gewürzer an Krégder: Van sämtlichen Gewürzer bis zu frëschen oder gedrëchenten Krégder ass alles erlaubt watt schmëscht.

Mein Filet han ech an enger Mëschung aus Olivenualge, Zitrounensaaft, Peffer Salz, Ënnen, Knuawléck an meng Gewürzmëschung fir Fleesch angeleit.

Zervéiren

An enger gruusser Schossel mëschen ech Zaloot mam Dressing, schmaaschen an würzen mat bëssen Zitrounensaaft no. Streien na bëssen gehackten Péitersilich driwer an zervéiren en. De Kappeszaloot ass am besten wann en frësch gäss jëtt. Äwer o wann en 1 Daag am Frigo steht, verléiert en net seng Knusperigkeet.

Tipps

Pass do drop op, datt den Kappes fein dënn geschnidden ass, su vermëscht en sech am besten mat sämtlichen Zutaten.

Als Topping kanns du o na gehackten Mandelen, Cranberries an Avocado driwer verdeelen.

Op dës Zaloot passt all anneren Dressing oder Vinägrett, probéier et aus, an fann su deng Variant, déi dir am besten schmëcht.

Van Geméiss kanns du genau datt hualen watt dir am besten schmëscht. Du has z.B. Paprika net jären, loss en fort an mësch rugde Kappes mat drënner. Goud schmëscht bestëmmt o an kleng Würfel geschnidden rugd Rommelen.

Kappeszaloot mat Ranchdressing

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 klenge gréine Kappes, fein op der Mandoline geschnidden

  • 2 Muurten, geraspelt

  • 4 Frühlingszwibbelen, an dënn Ronselen geschnidden

  • 1 kleng Béchs Maîs

  • 1 rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 4 Eier, hartgekooscht an graff gehackt

  • Saaft van eng halwer Zitroun

  • Fir den Dressing
  • 100 g Bottermëlich

  • 75 g sauer Rahm

  • 50 g Mayonnaise

  • 1 TL Dijon-Mostert

  • 1 TL gedrëchenten Dill, frësch 2 TL

  • 1 TL gedrëchenten Péitersilich, frësch 2 TL

  • 1 TL gedrëchenten Estragon, frësch 2 TL

  • 1 TL gedrëchent Bratzelen, frësch 2 TL

  • 0,5 TL Chilipast

  • 1 Ziif Knuawkléck, fein gehackt

  • 2 Schalotten, fein gehackt

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

Zoubereedung

  • Fir den Dressing
  • Sämtlich Zutaten mateneen vermëschen, schmaaschen an evtl. na nowürzen.
  • Fir Zaloot
  • An enger gruusser Schossel alles mateneen vermëschen.
  • Den Dressing drop schëdden an goud vermëschen, schmaaschen an evtl. na mat bëssen Zitrounensaaft aafschmaaschen.
  • Mat frësch gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*