Kégdergromperen

Krégdergromeren sen eng einfasch an lecker Beilaag, déi aus Gromperen, Knuawléck an aus engem oder mi Krégder besteht. Et ass eng typisch Beilaag zu Fleesch, Fësch, kann äwer o als Hauptplat mat enger Zaloot gäss jänn.

Et jänn verschidden Varianten van dësen Gromperen, z.B. kanns du se mat Rosmarin, Thymian, Salbei, Oregnao oder Péitersilich maan, oder du hëlls eng Mëschung van allem. Ech han se ganz klassisch mat Rosmarin an Péitersilich gemaat.

Krégdergromperen ass eng Beilaag déi je no Regioun variiéiren kann, deemno watt fir eng Krégder datt ënnergemëscht jänn han dës Gromperen een anneren Naam. Die gemeinsam Zutaten sen äwer ëmmer Gromperen, Knuawléck, Olivenualeg, Salz an Peffer.

D’Ergebnis sen aromatisch o alt mol mi knusperig Gromperen bei deenen dir d’Waasser am Mond zesaammenleeft.

fir dësen Menü ze kooschen brauchst du:

  • eent Schnégdbrett
  • eent Messer
  • eng Gossenpann

Zoubereedung

Et jänn verschidden Varianten dës Gromperen zouzebreeden, du kann se an véirel oder aaschtel schnégden, se mam Olivenualeg, den Gewürzer an den Krégder vermëschen, op engem Baaschblech mat Baaschpapeier auserneenleen an am waarmen Schiäffchen baaschen, die klassisch Gromper aus dem Schiäffchen.

Du kanns se äwer o an der Schaal kooschen, schiälen dann an Scheiwen schnégden, mat Salz an Peffer würzen an am Olivenualeg goldbrong brooden. kuurz viraan Schluss jëtt dann den Knuawléck mat den Krégder ënnergemëscht.

Oder, su wi ech se am léifsten maan.

Ech schiälen Gromperen an schnégden se an Würfelen van ongeféier 1 cm bis 2 cm, pass do drop op, datt se ongeféier gläich-déck oder -dënn geschnidden se, fir datt se glächmässig garen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Gromperen all rondrëm aan. Dann driien ech d’Hëtzt raaf, an lossen Gromperen su lang brooden bis durich mëll sen. Datt hëllt bëssen Zéckt an aansprosch an kann bis zu 45 Min. dauren.

Zwëschen durich salzen an pefferen ech Gromperen.

Iwerdeems Gromperen brooden schiälen ech den Knuawléck an hacken deen fein. De Rosmarin strëppen ech an hacken Rosmarinnoolen an den Péitersilich o fein.

10 Min. viraan Schluss driien ech Hëtzt raaf op niddrig an mëschen den Knuawléck mat den Krégder drënner. Leen dann fir 10 Min. den Deckel drop, su datt den Knuawléck- an Krégder-Geschmaasch ant Gromper anzéien kann.

Dobäi as et bei mir Kleng Bouletten “Toskana” jänn.

Zutaten

  • Gromperen
  • Olivenualeg
  • Salz & Peffer
  • Knuawléck
  • frëschen Rosmarin
  • frëschen Péitersilich

Tipps

  1. Du kanns Krégder ganz dengem Geschmaasch no Variiéiren, fir den Gromperen dein perséinlichen Geschmaasch ze jänn.
  2. Hëlls du gedrëchent Krégder, kanns du se well bëssen mi fréih ënnermëschen.

Varianten

Et jänn Varianten do jänn na zousätzliche mi Krégder an Fenschelsoom mat ënnergemëscht.

Oder fir mi een erfrëschenden Geschmaasch kanns du bëssen Zitrounensaaft ënnermëschen.

Kégdergromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 800 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • bëssen Olivenualeg

  • Salz & Peffer

  • 5 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 Rosmarinast, gestrëppt an fein gehackt

  • 2 EL Péitersilich, gehackt

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann, bëssen Olivenualeg erhëtzen an Gromperen all rondrëm aanbrooden.
  • Hëtzt raaf driien an Gromperen op mëttel Hëtzt su lang brooden bis se mëll sen
  • Zwëschendurich salzen an Pefferen, wanns du gedrëchent Krégder hëlls kanns du déi lo o well mat ënnermëschen.
  • 10 Min. viraan Schluss Hëtzt op niddrig driien an den Knuawléck mat deen frëschen Krégder ënnermëschen, den Deckel drop leen, su datt den Knuawlécks- an den Krégder- Geschmaasch ant Gromper anzéien kann.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*