Klassisch Cornichonzaloot

Hokt hualen ech dech mat an d’Welt van engem Klassiker, der klassicher Cornichonzaloot, su wie se meng Bomi well gemaat hat. Einfasch, frësch an köstlich, eent Ässen datt an kenger Rezeptsammlung fehlen duaref. Dës Zaloot ass wie eng kleng Zécktréis an Bomi hir Këchen an die einfasch Freid iwert eng perfekt Beilaag.

De Cornichonzaloot ass een Klassiker van der europäischer Këchen, déi durich seng erfrëschend Kombinatioun aus knackigen Cornichon an enger crèmiger Schmandvinägrette bestëcht. Et ass eng Zaloot déi ëmmer rem een Favorit op Grillmëttiger oder -owender ass. Seng Wuurzelen loossen sech an verschidden Regiounen van Europa zereckverfoligen, van der skandinaischer Versioun mat Dill, bis zu der däitscher Variant mat Joghurt. Egal, ob als een liiten Hauptplat oder als Beilaag, dës Zaloot ass ëmmer eng goud Wiäll!

Watt mëcht dësen Zaloot su besonnig

Et ass eng Zaloot déi Traditioun an Kreativitéit mateneen verbënnt. Die fein Säier vam Essig trëfft op d’Crèmigkeet vam Schmand, während den Dill deem Ganzen aromatisch Nuancen jiët. Meng Cornichon jiän, är se mat der Zooss vermëscht jiän gesalz, domatt verhënneren ech, datt Zaloot ze wässerig jiët, an ech erhaalen knackig Cornichonschweien mat intensivem Goût. An du kanns Rezept ganz dengem Goût aanpassen, mi Essig fir Frëscheet, mi Schmand fir Crèmigkeet oder am platz vam Schmand, Joghurt oder ganz vegan mat enger veganer Alternativ fir den Schmand.

Zutaten fir meng klassich Cornichonzaloot

  • Cornichon, sie han d’Hauptroll an dësem Rezept! Sie bestinn zu ongeféier 95% aus Waasser, watt sie herrlich erfrëschend mëcht. Sie sen räich aan Vitamin K an brengen eng knackig Textur. Keefs du Cornichon, dann pass op datt se eng fest, glatt Hogt han.
  • Schalotten, sie sen die kleng Schwesteren van der Ënn, mi mëll an mi séiss am Goût. D’Schalotten jiän dëser Zaloot eng dezent Würzigkeet, déi den Aroma van der Vinägrette an den Cornichon ënnersträicht, äwer ouni ze dominéiren. TIPP: Watt d’Schalotten mi fein gehackt sen watt sech hiren Goût besser verdeelt.
  • Essig, den Essig brengt Frëscheet an Balance an d’Vinägrette an en hiäft den Goût van den Cornichon. Alternativ kanns du o Wäissenwengessig hualen.
  • Mostert, de Mostert brengt Würzigkeet an eng liit Schiäreft mat an d’Vinägrette, ausserdeem suarigt en dofir datt eng sching Emulsioun entsteht.
  • Ualig, hei een neutralen Ualig fir d’Vinägrett opzeschloen, ech hualen meestens een Maisualig. (Rapsualig kënnt bei mir an keent Ässen, een Ualig deen viraan Joeren na gehollt jiän ass fir Maschinen ze schmiären, kann an mengen Auen net goud sen fir Liäwensmëttel zouzebreeden)
  • Peffer & Salz, Peffer suarigt fir een feinen pikanten Akzent, an d’Salz ass net nëmmen fir ze würzen mäis o fir d’Cornichon afanks ze salzen fir hinnen ierschëssigt Waasser ze entzéihen. Dodurich jiët Zaloot manner Wässerig an d’Aromen konzentréiren sech.
  • Schmand, de Schmand mëcht dës Zaloot crèmig, sie bënnt die eenzel Komponenten zu enger harmonischer Eenheet.
  • Péitersilich, Batzelen an Dill, den Dill, Bratzelen an de Péitersilich ass deen aromatischen Hiihpunkt van dësem Zaloot. Sie jiän der Zaloot hir charaktersitisch Frëscheet an harmonéieren perfekt mat deen aaneren Zutaten.

Zoubereedung

Du kanns Cornichon schiälen, et as äwer keen muss, ech maan se mol mat an mol ouni Schaal. Cornichon schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, leen se an eng Sei, salzen se an vermëschen se goud. Ongeféier 15 Min. bis 20 Min. durich zéien loossen. Datt zéiht iwerschëssigt Waasser aus den Cronichon an suarigt dofir datt deng Zaloot net su wässerig jiët.

Dann maan ech eng ganz klassisch Vinägrette.

  • Dofir hacken ech d’Schalotten ganz fein.
  • D’Krégder wäschen ech an hacken se fein.

An enger Schossel vermëschen ech den Essig mam Salz, Peffer an Moster. No an no, an ënner stännigem réiren mëschen ech den Ualig drënner su datt eng Emoulsioun entsteht.

Zum Schluss mëschen ech de Schmand drënner, die gehackten Schalotten, an die gehackten Krégder. Dann schmaaschen ech datt Ganzt an würzen evtl, na bëssen no.

Vinägrette

Cornichon wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an tuppen evtl. iwerschëssigt Waasser mat Këchenpapaier aaf. Dann mëschen ech se ënnert Vinägrette. Am besten lisst een se na bëssen an der Vinägrette durich zéien.

Eng Zaloot déi een goud am viraus zoubereeden kann an am Frigo opbewahren bis se gebrauscht jiët.

Onkomplizéiert an köstlich

Cronichonzaloot ass eng Zaloot déi siier an onkomplizéiert zouzebreeden ass, ausserdeem passt sie zu allem. Op beim Grillen, als liit Mëttigässen oder als erfrëschend Beilaag, et ass een Allrounder.

Lo bass du draan! Wie bereets du deng Cornichonzaloot fir? Oder has du wëlles mengt Rezept no ze kooschen, loss mëch et wossen, an deel deng Kreatioun op Social media ënnert dem #beijosiane. Ech freie mëch drop!

Cornichonzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 3 Cornichon

  • 2 TL Salz

  • Fir Vinägrette
  • 50 ml Essig

  • 0,5 TL Mostert

  • 100 ml Ualig

  • 50 ml Schmand

  • 2 Schalotten, fein gehackt

  • Peffer & Salz

  • 1 EL frëschen Péitersilich, fein gehackt

  • 1 EL frësch Bratzelen, fein gehackt

  • 1 EL frëschen Dill, fein gehackt

Zoubereedung

  • Du kanns Cornichon schiälen, et as äwer keen muss, ech maan se mol mat an mol ouni Schaal. Cornichon schnégden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, leen se an eng Sei, salzen se an vermëschen se goud. Ongeféier 15 Min. bis 20 Min. durich zéien loossen. Datt zéiht iwerschëssigt Waasser aus den Cronichon an suarigt dofir datt deng Zaloot net su wässerig jiët. .
  • Fir Vinaigrette
  • An enger Schossel vermëschen ech den Essig mam Salz, Peffer an Moster. No an no, an ënner stännigem réiren mëschen ech den Ualig drënner su datt eng Emoulsioun entsteht.
  • Zum Schluss mëschen ech de Schmand drënner, die gehackten Schalotten, an die gehackten Krégder. Dann schmaaschen ech datt Ganzt an würzen evtl, na bëssen no.
  • Cornichon wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an tuppen evtl. iwerschëssigt Waasser mat Këchenpapaier aaf. Dann mëschen ech se ënnert Vinägrette. Am besten lisst een se na bëssen an der Vinägrette durich zéien.
  • Eng Zaloot déi een goud am viraus zoubereeden kann an am Frigo opbewahren bis se gebrauscht jiët.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*