Kniäddelen mat Gréiwen

Hogt hualen ech dech mat ant Welt van eiser Këchen, mat engem traditonellen Rezept – Kniäddelen mat Gréiwen!

Dëst leckert Ässen ass een Genoss, eent Ässen datt mat Zutaten gemaat jëtt, déi jiddfereen an senger Këchen fënnt. An all Mënsch deen Honger hat eent zefriddent Grinsen ant Gesiit zaubert. Zervéiert mat Gréiwen sen Kniäddelen datt “Comfortfood”.

Befir ech mech äwer an meng Këchen stellen, werfen ech een Bléck op den Hannergrond van dëser Köstlichkeet. Kniäddelen han hir Wuurzelen déif an eiser kulinarischer Traditioun. Ursprünglich als einfascht Baurenässen entwéckelt, kombinéiren d’Kniäddelen Grondzutaten – Miähl, Mëllich, Eier an Salz zu engem Ässen datt satt an zefridden mëscht. Zutaten erënneren aan eis landwirtschaftlich vergangen Zéckten, wu dës Zutaten existenziell Bedeitung haaten. Obwohl d’Land sech verännert hat, brengt een Teller Kniäddelen vill sching Erënnerungen mat sech. D’Knäddelen spéijelen eis rustikal Ässkultur. Dovaan aafgesehen sen die meest Rezepter van Generatioun zu Generatioun viraan verjäreft jänn.

D’Kniäddelen sen su eent einfascht an goud Ässen datt dëst Rezept absolut keng ausgefallen Zutaten nigdig hat. Die einfasch Zesaammenstellung van sämtlichen Zutaten sprëcht fir sëch an ass o fir Lékt mat winig Kooscherfahrung einfasch ze maan.

Zutaten

  • Eier
  • Mëlich
  • Sprudelwaasser, datt maan ech mat dran well Kniäddel mi fluffig jëtt an se engem net su schwiier om Moosch légt. Et jiänn o Rezepter déi hualen gar keng Mëlich, an nëmmen Waasser, watt o klappt.
  • Miähl
  • Salz & Muskot
  • gewürfelten gereecherten Speck

ech brausch

  1. Eng Schossel
  2. Een Handmixer
  3. Eent Dëppen fir Kniäddelen ze kooschen.

Zoubereedung

D’Eier mëschen ech mat der Mëllich, dem Sprudelwaasser an den Gewürzer.

No an no mëschen ech d’Miähl drënner bis een deckflëssigen Deeg entsteht. Deemno watt fir eent Miähl datts du hëlls kann et sen datts du es mi oder manner brauchs.

Den Deeg 30 Min. zougedeckt ruhen loossen.

Iwerdeems setzen ech eent Dëppen mat Salzwaasser op an loossen dat opkooschen. Op Kooschplaque doniäwent setzen ech mir eent Dëppen halef voll mat Waasser, datt erhëtzen ech, an do drop setzen ech eng Sei, fir die färdeg Kniäddelen waarem ze haalen.

Den Deeg leen ech dann Läffelweis an datt waaremt Salzwaasser, subal Kniäddelen schwammen sen se goud, ech hualen se ruas an leen sen an datt anner Dëppen an haalen se su waarem.

De Speck würfelen ech an ech brooden deen mat engem goude Schnatt Botter knusperig. Wann Kniäddelen färig sen schëdden ech den Speck mam Fett iwert Kniäddelen, vermëschen alles goud an dann:

Gouden Appetit!

Kniäddelen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten
Ruhzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4-5 Eier

  • 250 ml Mëlich

  • 250 Sprudelwaasser

  • 500 g Miähl

  • Salz & Muskot

  • 150 g – 200 g gewürfelten Speck

Zoubereedung

  • Eier mat der Mëlich, Sprudelwaasser an de Gewürzer mëschen.
  • Miähl ënnermëschen, ech han hei geschriwen 500 g Miähl, datt as äwer ënnerscheedlich, deemno wat fir eent Miähl datts du hëlls, et soll een deckflëssigen Deeg entstoen
  • Den Deeg 30 Min. zougedeckt ruhen loossen
  • Iwerdeems eent Dëppen mat Salzwaasser opsetzen an opkooschen loossen.
  • den Deeg mat engem Läffel ant Waasser maan, wann se bis schwammen raus hualen an waarem stellen.
  • De Speck brooden ech mat engem Schnatt Botter krupsig an schëdden deen hanneno mam Fett iwert die waarem Kniäddelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*