Krégderomlette mat gréinem Spargel op gebaaschen Gromperen

Heinsdo sen die einfachst Ässen déi, déi een am meesten Begeesteren eent Beispill ass eng einfasch Omlette. Wann dann na gréine Spargel, Krégder an brong gebaaschen Gromperen dobäi kommen, jiët aus engem einfaschen Ässen eng Delikatesse!

Einfasch Zutaten mat gruusser Traditioun

D’Omlette hat seng Wuurzelen an deen ländlichen Këchen van Europa. Eier woren well ëmmer eng gënstig an nährstoffräich Proteinquell, die o an schwéiren Zékten ëmmer do woren. D’Gromperen sen rischt am 16ten Joerhonnert an Europa aankommen, sie sen äwer ganz siier zu engem Grondnahrungsmëttel jiän. Krégder hat een an all Gaart oder an Wissen oder Bëcher fond, sie woren net nëmmen eent Würzmëttel mais o Medizin. De gréine Spargel, am Gegensatz zu dem wäissen ass wëll gewaass an ass sugar van deen aalen Réimer geschätzt jiän.

An der traditioneller Këchen hat een dës Zutaten dachs mat einfaschem, äwer köstlichem Ässen verbonnen. Eng einfasch Omlette mat Krégder konnt mat engem Stéck Brugd oder Gromperen zu engem Ässen jiän datt satt mëcht. Spargel wor eng bëssen mi edel Zutat an ass rischt mi spéit dobäi kommen, wie en an Kluusteren an Gärt aangebaut jiän ass, hat en sech rischt verbreet. D’Kombinatioun aus Ei, Krégder, Gromperen an Spargel hat eng lang Geschicht, o wann se net ëmmer direkt mateneen verbonnen ass.

Këchen mat Goût

Hokt erliäwen mir eng Renaissance van der der regionaler an saisonaler Këchen. Mir wëllen wossen van wu eis Liäwensmëttel kommen, an passen dorop op, noohaltig ze kooschen. D’Zutaten spéijelen genau des Philisophie:

  • Eier, van glécklichen Houhner déi na am Dreck schären an deen een oder anneren Wurem oppicken. Sie garantéieren eng besser Qualitéit an mi Goût.
  • Gromperen, aal Zorten aus noohaltigem Aanbau brengen Charakter op den Teller.
  • Krégder, aus dem Gaart oder gesammelt, sie jiän dem Ässen een ganz besonnigen Goût.
  • gréinen Spargel: mëttlerweil krëtt een deen baal datt ganz Joer iwer ze koofen, ech han mech o dozou verleeden loossen. D’Saison fir frëschen Spargel ass kuurz watt en besonnig wiärtvoll mëcht, am besten ass deen frësch vam Maart.

Well een dës Zutaten iwer mi eng lang Zékt haalen, Kann een fermentéiert Krégderpasten zoubereeden. Meng Krégder han ech aus dem Gaart, gewäsch an gehackt an der Truh. Gromperen krëtt een datt ganz Joer iwer aus Lagerbestänn ze koofen, alternativ kann een d’Gromperen o ënner Drock ankooschen.

Nei Idiien fir eent traditionellt Ässen

Klassisch Rezepter sen ëmmer een wonnerbaren Ausgangspunkt fir kreative Variatiounen. Dës Omlette kënnt na mat Geesekiis oder enger liiter Joghurtzooss verfeinert jiän. Firwatt net mat fermentéiertem Knuawelek oder enger selwer angeleiten Zitrounenkrégder-Mëschung experimentéiren.

D’Zukunft van der Këchen legt an der Verbindung van Traditioun mat Innovatioun an genau datt mëcht dës Krégderomlette mat gréinem Spargel su spannend. Eent Ässen datt einfasch zouzebreeden an äwer raffinéiert ass.

Werfen mir en Bléck op Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech Gromperen schiälen an Würfelen, déi leen ech an eng Schossel, mëschen se mat bëssen Olivenualig, Salz Päffer an wanns du Iddi has kanns du o na bëssen Krégder wie Rosmarin oder Thymian drënner mëschen.

De Schiäffchen erhëtzen ech op 180°C Ëmloft. D’Gromperen verdeelen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an subal den Schiäffchen waarem ass, setzen ech d’Gromperen dran. D’Gromperen brauschen ongeféier 40 Min. et hängt ëmmer dovaan aaf, wie deck datt se geschnidden se.

Iwerdeems d’Gromperen am Schiäffchen stinn, wäschen ech den Spargel, schiälen deen ënnischten Drëttel an schnégden die holzig Enner aaf. De Spargel schnégden ech dann an Stécker van ongeféier 2 cm. An enger waamer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an do dran brooden ech op mëttel Hëtzt den Spargel bis en aafänkt Faaref ze kreien. Würzen mat Salz an Päffer. Alternativ kanns du den Spargel am kooschenden Salzwaasser blanchéiren. Gréine Spargel lisst sech äwer wonnerbar brooden. Subal den Spargel liit Faaref hat hualen ech en raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.

An enger Schossel schloen ech Eier op, würzen mat Salz, Päffer an mëschen Schmand oder Mëlich an den gehackten Péitersilich, Bratzelen an Dill drënner.

Ech kontrolléieren eng kéier wie wegt meng Gromperen sen, andeems ech mat engem Knäipchen dran picken.

An enger waarmer Pann loossen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt Botter schmëlzen, subal den aafänkt mat spruddelen schëdden ech d’Eier dran. Déi lossen ech dann een Moment gewärden an subal ech gesehen datt et aafänkt mat Stocken hiäwen ech vam Rand aus d’Omlett an luut su datt, datt flëssigt Ei drënner leef. Wann datt meest Ei gestock ass, verdeelen ech den Spargel huawen drop, leen kuurz een Deckel drop fir datt alles waarem jiët.

Dann kanns du probéiren d’Omlette ze faalen, bei mir klappt datt dachs net 😉

Fir ze zervéiren, leen ech die mëll Gromperen an déif Telleren an leen eent Steck Omlette drop. Garnéieren kanns du et na mat bëssen Péitersilich am mat engem Komb Zaloot oder Baguette op den Dësch stellen.

Genoss mat Geschicht

Dëst Ässen ass eent wonnerbart Beispill, wie sech Traditioun, Gegenwaart an evtl. Zukunft an der Këchen vereenen loossen. Eent Rezept datt eng Geschicht erzällt, vam einfaschen Ursprong bis zur moderner Këchen.

Gouden Appetit!

Krégderomlette mat gréinem Spargel op gebaaschen Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • 600 g Gromperen

  • Salz & Päffer

  • 3E – 4 EL Olivenualig

  • 400 g gréine Spargel, an Stécker van 2cm längt geschnidden

  • bëssen Botterschmalz oder Botter

  • 1 EL frëschen Péitersilich, gehackt

  • 1 EL Dill, gehackt

  • 1 EL frësch Bratzelen, geschnidden

  • 8 – 12 Eier, (die eng rechnen 2 Eier op der Kapp annerer 3)

  • 100 ml Schmand oder Mëlich

  • 1 gouden Schnatt Botter

  • Optional: Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.
  • D’Gromperen vermëschen ech mat Salz, Päffer an dem Olivenualig, déi verdeelen ech op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an setzen se fir ongeféier 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden do dran Spargelen bis se Faaref kreien. Würzen mat Salz an Päffer, hualen se raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
  • An enger Schossel schloen ech d’Eier op, würzen mat Salz an Päffer an mëschen de Schmand oder d’Mëlich drënner.
  • Kontrolléier eng kéier op deng Gromperen well mëll sen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt den Botter, subal den aafänkt mat spruddelen schëdden ech d’Eier dran. Déi lossen ech dann een Moment gewärden an subal ech gesehen datt et aafänkt mat Stocken hiäwen ech vam Rand aus d’Omlett an luut su datt, datt flëssigt Ei drënner leef. Wann datt meest Ei gestock ass, verdeelen ech den Spargel huawen drop, leen kuurz een Deckel drop fir datt alles waarem jiët.
  • D’Gromperen verdeelen ech an déif Telleren, an leen iwerall eent Stèck van der Omlette drop. Mat bëssen Péitersilich garnéiert, engem Komb Zaloot oder Brugd zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*