De Ranch-Dipp oder d’Ranchzooss hat hiren Ursprong an den USA an ass an den 50er Joeren van engem Rancher entwéckelt jiän. D‘ Original Hauptbestandeeler van dëser Zooss sen Mayonnaise, sauer Rahm an Bottermëlich, frësch oder gedrëchent Krégder wie Péitersilich, Dill, Estragon an Bratzelen. Gewürzer wie Knuawléck, Schalotten, Dijonmoster, Chilipaste oder Tabasco, Salz an Peffer. Ranch-Zooss hat een würzigen, liit säierlichen Geschmaasch mat engem mëllen Krégderaroma. Sie as villségtig Ansetzbar an jëtt an villen verschiddene kulinarischen Zoubereedungen verschafft.
Noom bekannt jiän van dëser Zooss hat sie sech zu engem internationalen Liebling entwéckelt, als Zalootenzooss gedeit jiët sie hokt iwerall angesatt, ob als Dip, einfasch op enger Bottisch, oder an enger Zaloot ass sie ëmmer een Hit.
An menger Interpretatioun van dësem Dip, kombinéiren ech am Platz van der Bottermëlich, griechischen Joghurt, ausserdeem krëtt mäin Dip een pikanten Hauch andeems ech Habaneropast mat drënner mëschen.
Deen perfekten Dip, bei Fleessch, Geméiss, ob gegrillt oder gebrooden, an enger Zaloot an ganz besonnig goud op Gromperen.
Zutaten fir mäin Ranch-Dipp
- Griechischen Joghurt, ech hualen léiwer deen griechischen Joghurt, well en dësen Dip mi deckflëssig mëcht. Mat Bottermëlich jëtt en o goud en bleift äwer zimlich flëssig.
- Sauer Rahm, brengt extra Crèmigkeet an eng mëll Saïer.
- Mayonnaise, d’Mayonnaise ronnt den Goût aaf an suarigt fir mi eng glatt Konsistenz.
- Salz, verstiärikt den Goût van sämtlichen Zutaten.
- Peffer, de Peffer brengt een dezent würzigen Aroma.
- Schalotten, suarigen fir een mëllen, séissen Zwibbelaroma.
- Knuawelek, brengt die richtig Würzigkeet. Vill Lekt mat deen ech schwätzen han de Knuawelek zwar jiären, ässen en äwer net weent dem Geroosch. Komischerweis ass Dëppchen no engem Raclette-Owend oder engem Grillmëttig ëmmer gebotzt.
- Mostert, brengt schiäreft an verfeinert d’Aromen.
- Frësch Krégder, wie Péitersilich, Bratzelen, Dill an Estragon, fir den Krégdergoût.
- Habaneropast, fir eng intensiv, fruuchtig Schiäreft. Alternativ kanns du Chilipast oder Tabasco hualen.
Zoubereedung
- De Knuawelek an d’Schalotten schiälen ech an hacken alles fein.
- D’Krégder wäschen ech, drëchnen se an deem ech se rëselen, an hacken se fein.
An enger Schossel mëschen ech den Joghurt, mat der Sauer Rahm, der Mayonnaise an dem Mostert.
Do drënner mëschen ech den Knuawelek, d’Schalotten, d’Krégder, Salz, Peffer an Habaneropast.
Den Dip op mannst 30 Min. an den Frigo stellen fir datt sech d’Aromen entfaalen kanne. Am besten natiirlech ëmmer iwert Nait.
Den Dipp an Schosselen fëllen an bei Geméiss-Sticks, Grillfleesch, Raclette oder Fondue zervéiren.
Tipps
- Solls du dech dofir entscheeden Habaneropast ze hualen, die ass intensiv, fänk mat bëssen aan, jiëf der Zooss Zékt fir d’Aromen ze enfaalen an mësch dann evtl. na bëssen Paste drënner.
- Hack d’Schalotten, den Knuawelek an Krégder ganz fein, su verdeelen sech d’Aromen am besten.
- Loss den Dipp mi lang durichzéien, en schmëscht ëmmer besser.
Ranchzooss
Schwierigkeit: einfasch20
MinutenZutaten
150 g griechischen Joghurt
100 g Sauerrahm
50 g Mayonnaise
1,5 TL Dijonmostert
2 Ziiw Knuaweléck, fein gehackt
2 Schalotten, fein gehackt
1 EL frëschen Péitersillich, fein gehackt, alternativ 2 TL gedrëchenten Péitersilich
1 EL frësch Bratzelen, kleng geschnidden, alternativ 2 TL gedrëchent Bratzelen
2 TL frëschen Dill, fein gehackt, alternativ 1 TL gedrëchenten Dill
1 TL frëschen Estragon, fein gehackt, alternativ 1 TL gedrëchenten Estragon
1 Messerspëtz Habaneropast, alternativ 1 MSP Chilipast oder paar Drëpsen Tabasco
Zoubereedung
- An enger Schossel mëschen ech den Joghurt, mat der Sauer Rahm, der Mayonnaise an dem Mostert.
- Do drënner mëschen ech den Knuawelek, d’Schalotten, d’Krégder, Salz, Peffer an Habaneropast.
- Den Dip op mannst 30 Min. an den Frigo stellen fir datt sech d’Aromen entfaalen kanne. Am besten natiirlech ëmmer iwert Nait.
- Den Dipp an Schosselen fëllen an bei Geméiss-Sticks, Grillfleesch, Raclette oder Fondue zervéiren.