Marinéierten Pouletfilet

Hogt hualen ech dech mat ant d’Welt van den Aromen, mat mengem Rezept van marinéiertem Pouletfilet an iwerbaaschen mat karameliséiertem Geméiss. Zarten Poulet marinéiert an enger Mëschung aus Mëllich, Olivenualeg, Salz, Peffer an engem Hauch van Espelette Peffer.

Marinéiren

Poulet as eent Fleesch datt ganz dachs op eisen Telleren land, jëtt äwer beim brooden dachs drëchen an ziih. Eent Hëllefsmëttel, datt dir datt erspart fënns du wahrscheinlich an dengem Frigo.

Pouletfilet as villségtig an einfasch zouzebreeden, et ass also keent Wonner datt en dachs an eisen Këchen zoubereed jëtt. Allerdings as Poulet ganz siier drëchen an zii, aus deem Grond, dëst Fleesch muss durich gegart jänn. Vill Lékt brooden, kooschen oder grillen hiren Poulet dofir léiwer mi lang wie net lang genou, watt o richtig ass!

Niäwent der Temperatur vam Fleesch, et soll Raumtemperatur han fir ze brooden, sen Marinaden eng einfasch Methoud, d’Fleesch ze würzen an zart ze maan. Et jänn verschidden Flëssigkeeten an déi’s du deng Fleesch anleen kanns:

  • Essig
  • Alkohol
  • Zitrounensaaft
  • Sojazooss

All déi Flëssigkeeten han äwer deen Nodeel datt sie een stariken Eegengeschmaasch han an datt den Geschmaasch vam zarten Pouletfleesch do dran ënnergeht.

Die anner Flëssigkeet, déi den Poulet zart mëscht, an datt ouni den Geschmaasch vam Fleesch zevill ze iwerdecken ass:

  • Mëllich

D’Mëllich brëcht Protéinen op déi am Fleesch enthaalen sen an mëscht Fleesch dodurich zart. Genau wie den Essig ant Zitrounensaaft. Fir mi een stariken Effekt ze erhaalen kanns du Natur gesäiert Mëlichprodukter hualen wie Joghurt oder Bottermëllich.

Zutaten

  • Pouletfilet
  • Mëllich
  • Olivenualeg
  • Knuawléck
  • Salz
  • Peffer
  • Optional: Espelette Peffer oder frësch Chilischot

Fir Geméiss

  • Kooschelen
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Paprika
  • Tomaten
  • Salz & Peffer

Zoubereedung

De Knuawléck zerreiwen ech zu enger feiner Past.

An enger Schossel mëschen ech Mëllich, den Olivenualeg, Peffer, Salz, den Knuawléck an den Espelette Peffer.

De Poulet schnégden ech mat engem scharefen Messer quadratisch an, tupfen en mat Këchenpapeier drëchen an leen en an eng Schossel, déi ech fest verschléissen kann. Marinade schëdden ech iwert den Poulet, vermëschen alles goud an masséiren Marinade bëssen an. Dann verschléissen ech Schossel loftdicht an loossen Fleesch iwert Nait durichzéien.

Datt as die besten Optioun. Well een sech äwer dachs ganz spontan entscheed watt een kooschen well, loss den Poulet op mannst 30 Min. durich zéihen. Ech setzen Fleesch dofir net an den Frigo, Fleesch soll jo Raumtemperatur aanhualen befir et zoubereed jëtt.

Iwerdeems den Poulet marinéiert, hacken ech d’Ënnen an den Knuawléck kleng. Tomaten an den Paprika würfelen ech kleng an d’Kooschelen schnégden ech an dënn Scheiwen.

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden d’Ënnen an den Knauwlécl op mëttel Hëtzt aan, bis se aafänken Faaref ze kreien.

Als nächst mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat aan.

Dann mëschen ech Tomaten an de Paprika drënner, würzen mat Salz an Peffer an vermëschen alles goud, datt loossen ech dann bëssen brooden bis die meest Flëssigkeet verdonst ass.

De Poulet aus der Marinade hualen, bëssen aafdrëpsen loossen an deen leen ech dann an eng feierfest Form, do drop verdeelen ech Geméiss. Ech han hei direkt o na Gromperen mat dran geleit su as alles angem Dëppen,

Am waarmen Schiäffchen loossen ech datt Ganzt 35 Min. bis 40 Min. brooden.

Tipps

  1. Hual hiiwiärtig Zutaten fir datt besten Resultat ze erhalen.
  2. Wanns du Fleesch iwert Nait marinéiers suarig dofir datt Schossel loftdicht verschloss as. Mëllich hëllt d’Aromen van anner Liäwensmëttel déi am Frigo stin siier aan, an dein Menü schmëscht dann no Frigo.
  3. Jëff dem Fleesch die nigdig Zéckt fir Raumtemperatur aanzehualen.

Varianten

Du kanns mat anneren Geméisszorten experimentéieren, fir Léckt die den Paprika net goud verdroen kanns du z.B. Cougetten oder Auberginen hualen.

Dësen Menu kann natiirlech o mat Kiiss iwerbaaschen jiänn, een würzigen Raclette-Kiiss, Mozzarella oder Gruyére béiden sech do aan.

Marinéierten Pouletfilet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • Fir Marinade
  • 5 EL Mëllich

  • 5 EL Olivenualeg

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 1 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • Optional: 1 frësch Chilischot, gehackt oder 1 TL Espelette Peffer

  • Fir Geméiss
  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 250 g Kooschelen, an Scheiwen geschnidden

  • 1 Paprika, kleng gewürfelt

  • 2 Tomaten, gewürfelt

  • Salz an Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet schnégden ech mat engem scharefen Messer Quadratisch an, an leen en an eng Schossel.
  • Zutaten fir Marinade goud vermëschen an iwert den Poulet schëdden, goud mësch an anmasséiren, de Poulet op mannst 30 Min, durich zéihen loossen. Am besten iwert Nait.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Fir Geméiss
  • An enger waarmer Pann Olivenualge erhëtzen, d’Ënnen an den Knuawléck op Mëttelhëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Kooschelen ënnermëschen an mat brooden.
  • Als nächst den Paprika an Tomaten ënnermëschen, mat Salz an Peffer würzen an su lang brooden loossen bis die meest Flëssigkeet verdonst ass.
  • De Poulet aus der Marinade hualen, aadrëpsen loossen, an eng feierfest Schossel leen an d’Geméiss driwer verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. bis 40 Min. brooden.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*