Wann Comfort Food op d’Aromen vam Mëttelmiär trëfft! Bei dësem Rezept han ech mech van den Klassiker wie deem englischen Shepards pie an dem fransiischen Hachis Parmentier inspiréiren geloss, äwer datt Ganzt mat südlännischen Aromen op een anneren Level gehiäft. Am Platz normalen Gromperenpürée han ech mein Pürée des Kéier mat frëschem Basilikum an Péitersilich liit gréin angefiäreft. Ënnert dem Pürée fënnt een eng würzig Tomatenzooss mat Gehacktes an Paprika, déi no Oregano, Thymian an Knuawelek rëcht. Getoppt ass datt Ganzt mat enger knusperiger Krust aus Parmesan, Panéiermiähl an bëssen Olivenualig.

Zutaten an Zoubereedung
1. Die aromatisch Basis, Tomatenzooss mat Gehacktes an Paprika.
Ech fänken aan mat der Zooss, sie ass d’Herzstéck van dësem Ässen. Ech well eng kräftig, sämig Zooss, déi voll Aroma ass.
Dofir han ech Ënnen fein gehackt an, an enger waarmer Pann mat bëssen Olivenualig op mëttel Hëtzt gebrooden bis se mëll sen, goud rauschen an bëssen Faaref kreien.
Do han ech dann Gehacktes drënner gemëscht an datt mat aangrbrooden.
Subal datt durich gar ass, han ech gewürfelten rugden Paprika an fein gehackten Knuawelek drënner gemëscht. Würzen mat Salz an Päffer an enger Msp. Cannelle, de Cannelle gläicht Säier van der Tomat bëssen aus.
Alternativ: du kanns all Geméiss hualen datt dir schmëcht. Wanns du den Paprika net jiären has, dann hual z.B. Courgetten oder Auberginen.
Fir datt Zooss na bëssen mi no Tomaten schmëscht han ech dann na Tomatenpürée drënner gemëscht an alles op mëttel Hëtzt goud aangebrooden.
Zooss han ech dann mat wäissem Wéng aafgeläscht an deen ganz ankooschen geloss.
Alternativ: D’Zooss kanns du o mat rugdem Wéng, oder wanns du keen Alkohol hualen wëlls mat bëssen Bréit aafläschen.
Subal den Wéng angekooscht ass, schëdden ech den Pelati drop zerdrecken Tomaten mat engem Holzeläffel an mëschen den Oregano an den Thymian drënner. Su loossen ech Zooss op niddriger Hëtzt kooschen bis d’Gromperen mëll sen.

2. De Pürée zoubereeden
Een Pürée ass jo su well net langweilig, wann en goud gemaat ass, mais mat frëschen Krégder ass et een Highlight.
Fir den Pürée schiälen ech Gromperen an schnégden se an Würfel. Déi setzen ech mat kaalem Salzwaasser op an subal d’Waasser kooscht driien ech d’Hëtzt raaf an kooschen se mëll.
TIPP: Et ass iwerigens egal watt fir eng Gromper datts du fir den Pürée hëlls, ech hualen meestens festkooschender déi schmaaschen bëssen mi intensiv wie die miählisch kooschend. Ausserdeem loossen ech mengt Waasser net die ganzen Zékt sprudelnd kooschen, dodurich zerfällen d‘Gromperen an sie hualen vill mi Waasser op wie se sollen wudurich den Pürée wässerig schmaaschen kann.
Iwerdeems d’Gromperen kooschen setzen ech d’Mëlich op niddirig Hëtzt op an schmëlzen den Botter do dran, zousätzlich leen ech d’Basilikumbläder an de Péitersilich mat an d’Mëlich. Wann den Botter geschmolz ass püréiren ech alles. Dodurich kreien ech eng liit gréin Faaref an deen frëschen Aroma.
Die mëll Gromperen schëdden ech aaf an schëdden se zeréck ant Dëppen, op der waarmer Plaque loossen ech déi kuurz ausdämpen, dann zerdrecken ech se zu Pürée mam Püréestampfer, no an no mëschen ech meng Mëlich-Botter-Krégder-Mëschung drënner. De Pürée schmaaschne ech dann na mat Salz an Muskot aaf. D’Ergebnis ass een schingen hell gréine Gromperenpürée.

3. Dann kënnt alles beineen an jiët iwerbaaschen
De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- en Ënnischthëtzt fir.
An enger Schossel mëschen ech mir zu ongeféier gläichen Deeler frësch geriwene Parmesan mat Panéiermiähl. Do drënner mëschen ech 1EL bis 2 EL Olivenualig

Dann reiwen ech eng feierfest Form mat bëssen Olivenualig an. Om Buadem van der Form verdeelen ech Tomaten-Gehacktes-Zooss, do drop verdeelen ech den Pürée. Op den Püreé streien ech meng Panéiermiähl-Parmesan-Mëschung. Datt Ganz setzen ech dann fir oneféier 20Min. bis 25Min. an deen waarmen Schiäffchen an iwerbaschen et bis et goldbrong ass.




Zervéiren an Varianten
- Fir deen extra mediterranen Kick kanns du dësen Gratin mat frëschem Baslikum an Oliven garnéiert zervéiren.
- Du wëlls et ganz ouni Fleesch zoubereeden, hual am Platz vam Gehacktes eng Mëschung aus Lënsen an Kooschelen.
- Fir mi an die griechisch Rischtung ze goen kanns du am Platz vam Parmesan, Feta-Kiiss hualen.
- An fir na mi Aroma kanns du geréistert Pinienkären ënnert den Pürée mëschen.

Fazit: een Klassiker mat Wow-Effekt
Wanns du dëch net zwëschen herzhafter Gehackteszooss an crémigem Pürée entscheeden kanns, firwatt net die 2 Saaschen? Dësen Pie ass eent perfekt Beispill, wie aus einfaschen Zutaten jiät Gruussartiges ensteht.
Loss mëch wossen, ob’s du en nogekooscht has, deel den Kreatioun ënnert dem #beijosiane, ech sen gespannt wie et dir geschmaascht hat.
Mediterranen Hachis
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten25
MinutenZutaten
- Fir Zooss
500 g Gehacktes
Olivenualig fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Optional: 2 rugd Paprika, kleng gewürfelt
Salz & Päffer
1 Msp. Cannelle
1 EL Tomatenpürée
100 ml wäissen-, rugden- Wéng oder Bréit
400 ml Pelati
1 TL Oregano
0,5 TL Thymian
- Fir den Pürée
800 g Gromperen, fest- oder miählischkooschender, geschält an a Würfel geschnidden
50 g frëschen Péitersilich
30 g Basilikumbläder
100 ml Mëlich oder Schmand
50 g Botter
Salz an Muskot
- Fir d’Krust
50 g frësch geriwene Parmesan
50 g Panéiermiähl
1EL bis 2 EL Olivenualig
Zoubereedung
- Fir Zooss
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se mëll sen, goud rauschen an bëssen Faaref krii han.
- Do han ech dann Gehacktes drënner gemëscht an mat gebrooden.
- Subal datt durich gar ass, mëschen ech de Paprika an den Knuawelek drënner an würzen mat Salz, Päffer an Cannelle.
- Do drënner mëschen ech dann den Tomatenpürée an réisteren deen mat aan.
- Datt läschen ech dann mam Wéng aaf, an loossen deen ganz ankooschen.
- Als nächst schëdden ech den Pelati drop an zerklengeren Tomaten mat engem Holzeläffel. Dann mëschen ech den Thymian an den Oregano drënner an loossen Zooss kooschen bis d’Gromperen mël sen. Schmaaschen an würzen etl. na bëssen no.
- Fir den Pürée
- D’Gromperen setzen ech mat kaalem Salzwaasser op, subal d’Waasser kooscht driien ech d’Hëtzt raaf an loossen d’Gromperen kooschen bis se mëll sen.
- D’Mëlich schëdden ech an eng Casserolle, leen den Botter an die frësch Krégder dran, op niddriger Hëtzt erhëtzen ech d’Mëlich bis den Botter geschmolz ass. Datt püréiren ech dann mam Püréierstaaf.
- D’Gromperen schëdden ech aaf, an schëdden se zereck an Dëppen, op der waarmer Plaque loossen ech se kuurz ausdämpen an mam Püréestampfer zerdrecken ech se an mëschen no an no d’Mëlich-Krégder-Mëschunh drënner. De Pürée würzen ech mat Salz an Muskot.
- Dann kennt alles beineen an jiët iwerbaaschen
- De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
- An enger Schossel mëschen ech d’Panéiermiähl mam Parmesan an dem Olivenualeg
- An enger agfetter feierfester Form verdeelen ech om Buadem Tomatenzooss, do drop verdeelen ech den Pürée, an iwert den Pürée streien ech Parmesan-Mëschung.
- Su setzen ech datt Ganzt fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen, an lossen et goldbrong iwerbaaschen.