Ranchsosse

Meng Ranchzooss

Ranchzooss, o bekannt als Ranch-Dressing, as eng beléift amerikanisch Zalootenzooss mat enger cremiger Konsistenz an een charakteristischen Geschmaasch. Sie jëtt dachs als Dip fir Geméiss, Chicken Wings oder Fritten gehollt, kann äwer o als Zalootenzooss verwendt jiänn.

Original Hauptbestandeeler van dëser Zooss sen Mayonnaise, sauer Rahm an Bottermëlich, frësch oder gedrëchent Krégder wie Péitersilich, Dill, Estragon an Bratzelen. Gewürzer wie Knuawléck, Schalotten, Dijonmoster, Chilipaste oder Tabasco, Salz an Peffer. Ranch-Zooss hat een würzigen, liit säierlichen Geschmaasch mat engem mëllen Krégderaroma. Sie as villségtig Ansetzbar an jëtt an villen verschiddene kulinarischen Zoubereedungen verschafft. Well mir dësen Dip mat der Bottermëlich äwer ze flëssig jëtt hualen ech grieschischen Joghurt fir se ze maan.

Bei watt kann ech dës Zooss oder Dip ansetzen?

  1. An Zalooten: Ranch-Dressing as een beléiften dressing an jëtt dachs an gemëschtem Zaloot, Caesar-Zaloot, Gromperenzaloot oder Nudelzaloot verschafft.
  2. Dip: Ranch-Zooss jëtt dachs als Dip bei Geméisssticks oder Fingerfood zervéiert.
  3. Sandwiches, Burritos an Wraps: Als Zooss op engem Sandwich oder engem Wrap, fir allem een würzigen Geschmaasch ze jiänn.
  4. Gromperen: Dës Zooss passt zu allen Varianten van Gromperen
  5. Bei Gegrilltem: Deen optimalen Dip bei allem watt gegrillt jëtt.

Deen gouden Geschmaasch van dëser Zooss, mëcht en zu enger beléifter Wiäll an all Këchen.

Ranchzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Zubereitungszeit

20

Minuten

Zutaten

  • 100 g Naturjoghurt

  • 75 g Sauerrahm

  • 50 g Mayonnaise

  • 1 TL gedrëchenten Estragon

  • 1 TL gedrëchenten Dill

  • 1 TL gedrëchent Bratzelen

  • 1 TL gedrëchenten Péitersillich

  • 1 Ziiw Knuaweléck, fein gehackt

  • 2 Schalotten, gehackt

  • 1 Messerspëtz Chillipaste, kann een o paar Drëpsen Tabasco hualen

  • 1 TL Dijonmostert

Zoubereedung

  • Alles an eng Schossel maan an gout mateneen verréieren, iwert Näit durich zéien loossen. Een Dipp deen bei alles passt, ech han ëmmer eent Glas am Frigo an mëschen mir een Läffel mat ënnert Zaloot. 
  • Et kann een frësch Kregder hualen oder gedrëchent, bei frëschen jëtt den Geschmaasch na mi intensiv.
Ranchzooss
Ranchzooss

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*