Karottensalat, Petersilie

Muurtenzaloot mat Hunnig

Een knackig, frëschen Muurtenzaloot ass net nëmmen jätt fir d’Au, mais o een Genoss. An mengen Blogartikel hualen ech dech mat ant Welt van deen knalligen Muurten an weisen dir, wie’s du aus paar winigen Zutaten een köstlichen Muurtenzaloot maan kanns. Dëst Rezept ass net nëmmen einfasch zouzebreeden, mais et ass voller Geschmaasch an Vitaminen – perfekt als gesond Beilaag.

Zutaten

  • Muurten

Fir Vinaigrette

  • Zitrounensaaft
  • Hunnig
  • Dijon-Mostert
  • Salz an Peffer
  • Ualeg oder Olivenualeg
  • Schalotten
  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

D’Muurten han ech geschiällt an geraspelt.

Karotten geraspelt

An enger Schossel mëschen ech den Zitrounensaaft, mam Mostert, Hunnig, Peffer an Salz, datt vermëschen ech goud, bis den Hunnig sech komplett opgeliist hat. Dann schëdden ech no an no an ënner stännigem réiren den Ualeg dobäi, su datt eng crémig Vinaigrette entsteht. Quantitéit vam Hunnig kanns du dengem Geschmaasch aanpassen, je noodeems wie séiss oder herzhaft du dein Muurtenzaloot han wëlls,

Schalotten han ech geschiält, fein gehackt an ënnert die färdeg Vinaigrett gemëscht.

Vinaigrett schëdden ech dann iwert Muurten, vermëschen alles goud an setzen den Zaloot fir ongeféier 15 Min. an de Frigo.

Viraam zervéiren mëschen ech na frësch gehackten Péitersilich drënner.

Tipps

  1. Hual frësch an knackig Muurten, fir deen besten Geschmaasch an die best Textur. D’Muurten sollen keng Platzen an Téitschen opweisen.
  2. Schiäl den Muurten grëndlich an hual eng Raspel oder Këchenmaschin, du has Wiäll ob’s du se graff oder mir reng raspels.
  3. Suarg dorfi datt Vinaigrett gläichmässig mam Zaloot vermëscht ass, su datt all Maufel deen vollen Geschmaasch hat.
  4. Jëff dem Zaloot die nigdig Zéckt fir durich ze zéien. Setz en fir 15 Min. bis 20 Min. an de Frigo.

Varianten

MUURTEN-ÄPPEL-ZALOOT: Mësch gewürfelt oder an dënn Spalten geschniddenen Appel mat ënnert Zaloot, datt brengt zousätzlich Textur an een fruchtigen Geschmaasch.

MUURTEN-KORIANDER-ZALOOT: Den Koriander jëtt dësem Zaloot een erfrëschenden Krégdergeschmaasch.

Mat INGWER krëss du een würzigen exotischen Geschmaasch.

Muurtenzaloot mat Hunnig

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 4-5 gruuss Muurten

  • Fir Vinaigrette
  • 50 ml Zitrounensaaft

  • 1 TL Dijon-Mostert

  • 1 TL Hunnig

  • Salz & Peffer

  • 1 Schalott, fein gehackt

  • 150 ml Ualeg oder Olivenualeg

  • 1-2 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Muurten grëndlich schiälen an fein oder mi graff raspelen
  • Fir Vinaigrette, den Zitrounensaaft, mam Mostert, Hunnig, Peffer an Salz goud mëschen bis sech den Hunnig opgeliest hat. No an no, an ënner stännigem réiren den Ualeg ënnermëschen.
  • Schalotten an die färdeg Vinaigrette mëschen.
  • Vinaigrett iwert Muurten schëdden, alles goud vermëschen, fir ongeféier 15 Min. an de Frigo stellen.
  • Viraam zervéiren deen gehackten Péitersilich ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*