Et jiän Ässen, déi schmaaschen net nëmmen goud, mais die féihlen sech aan wie eng Erënnerung aus der Vergangenheet. Fir mech sen datt „Nuddelen am Komb“ genausu eent Ässen. Et erënnert mech aan Ässen mat der ganzer Familjen an aan deen ganz besonnigen Komb an deem des Nuddelen ëmmer gemaat se jiän.
Deen aalen Komb van Bomi
Et wor een gruussen ronnen Komb, van baussen brong an van bannen wäiss, an en wor voll kleng ganz dënn Rëss. Keen moderne schnick schnack konnt dësen Komb ersetzen, en wor bëssen mi wie nëmmen eng einfasch Form an der gebaasch jiän ass. En wor Zeihen van villen Ässen, Gespréicher an vill Laaschen aam Ässdësch. Irgendwann, durich een Rass zevill ass den Komb gebroosch. Hokt notzen ech eng einfasch Inoxform, de Goût ass deen selwischten an trotzdeem denken ech na heinsdo aan deen aalen Komb
Et jiän Rezepter, déi sen net nëmmen Ässen, sie sen Erënnerungen.
An villen Familjien jiët et Ässen, déi et ëmmer rem jiän, déi ouni gruust Gedeesems op den Dësch kommen sen, an äwer déif am Herz verankert sen. Nuddelen am Komb ass su eent Ässen, een einfaschen Spaghetti-Gratin, deen nëmmen aus paar Zutaten besteht an äwer pur Gemütlichkeet ausstrahlt.
Eent Rezept datt bei eis well ségt Genartiounen gekooscht jiët an durich sen Einfaschheet iwerzeecht. Spaghetti, Ei-Mëlich- oder Schmand-Mëschung, Panéiermiähl paar Botterflocken an je no Traditoun Mettwuuscht oder eng anner herzhaft Zutat.
Well ech selwer Mettwuuscht net su jären han, an et bei mir Lékt jiän déi sech halal ernähren, han ech eng alternativ mat Gefligelwiischter ausprobéiert. An ech kann soen de Goût ass ëmmer na wonnerbar herzhaft, D’Panéiermiähl suarigt fir die perfekt Krust an d’Ei-Mëlich-Mëschung hält alles saaftig.

Zutaten an Zoubereedung
Spaghetti, sie sen d’Basis van dësem Ässen. Sie hualen d’Aromen perfekt op an verbannen sech wonnerbar mat deen anneren Zutaten. Du kanns o anner Nuddelen hualen, äwer fir mech passen d’Spaghetti am besten bei dësen Menü.
Pasta rischtig kooschen
Et jiän suvill verschidden Meenungen an Beschreiwungen wie een Pasta kooschen soll, van angeblichen Faustregelen wie z.B. 10 g Salz op 1 L Waasser an 100 g Pasta, datt ass puren Blödsinn!
- D’Waasser muss spruddelnd kooschen!
- D’Waasser soll su salzig sen wie d’Mëttelmiär, wann ech mir net sëcher sen schmaaschen ech mengt Waasser.
- Spaghetti jiän net gebroosch 😉 datt kann äwer jidfereen maan wie en denkt.
- Packaaweisungen vir d’Nuddelen al dente ze kooschen ass eng goud Richtlinn, trotzdem Nuddelen eng kéier schmaaschen, et jiän Zorten die brauschen bëssen mi lang.

D’Wuuscht, an der traditoneller variant ass Mettwuscht dran. D’Wuuscht jiët an dënn Ronselen oder Halefronselen geschnidden. Ech han mi liit halal frëndlich Gefligelwiischtercher genotzt, sie brengen eng mëll Würzigkeet, ouni dominant ze sen.
D’Ei-Mëlich-Mëschung, déi mëschen ech mir an enger Schossel oder an engem Literpatt an würzen se mat Salz, Peffer an bëssen Muskot. Dësen Mëschung suarigt dofir datt de Gratin net ausdrëchent an eng liit stëchfest Konsitenz krëtt. Een Hauch Muskot brengt liit wrürzig Nuancen.
Subal Nuddelen mëll sen, schëdden ech se aaf, an hei jiän d’Nuddelen eng kéier ënner kaalem Waasser aafgeschwenkt. Du kanns o Nuddelen vam Daag vridraan notzen, et ass also o eng Restverwiärtung.
De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
Meng Form reiwen ech mat bëssen Botter an, dann jiët datt Ganzt liit geschicht. D’Halschent van den Nuddelen verdeelen ech om Buadem van der Form su datt deen ganz bedeckt ass. Op den Nuddelen verdeelen ech d’Wuuscht an do drop leen ech dann deen Rest Nuddelen. Uawen drop streien ech d’Panéiermiähl an om Panéiermiähl verdeelen ech paar Botterflocken.

Su setzen ech den Gratin fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Noom baaschen loossen ech den Gratin paar Min. ruhen an bei mir jiët ëmmer een Komb gréin Zaloot mat enger würziger Vinägrette dobäi.

Fazit
Du has villäicht o su aal Erënnungsstécker, déi mat schingen Momenter verbonnen sen? Traditioun hängt äwer net van dësem Komb aaf, mais van Familjen, Lékt an Erënnerungen, déi domatt verbonnen sen.
Nuddelen am Komp
Schwierigkeit: einfasch2
Portiounen45
MinutenZutaten
300 g Spaghetti
4 Gefligelwiischterscher oder Mettwuuschten, an dënn Ronselen oder Halefronselen geschnidden
250 ml Mëlich
3 Eier
Salz, Päffer & Muskot
75 g Panéiermiähl
20 g Botter
Zoubereedung
- Nuddelen kooschen ech no Packaaweisung an kräftig kooschendem Salzwaasser al dente, déi schrecken ech ënner kaalem Waasser aaf.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.
- D’Mëlich, d’Eier, d’Salz, de Päffer an de Muskoot vermëschen ech an engem Literpatt.
- Meng Form reiwen ech mat bëssen Botter an, dann jiët datt Ganzt liit geschicht. D’Halschent van den Nuddelen verdeelen ech om Buadem van der Form su datt deen ganz bedeckt ass. Op den Nuddelen verdeelen ech d’Wuuscht an do drop leen ech dann deen Rest Nuddelen. Uawen drop streien ech d’Panéiermiähl an om Panéiermiähl verdeelen ech paar Botterflocken.
- Ongeféier 45 Min. baaschen.
- Noom baaschen den Gratin paar Min. ruhen loossen an mat engem gouden Komb Zaloot zervéiren.