Nuddelzaloot

Hokt an mengem Artikel drigt sech alles ëm den Nuddelzaloot. Den Nuddelzaloot ass een richtigen Klassiker, deen sech durich seng aafwiässlungsräich an die einfasch Zoubereedung auszeechent.

Ursprünglich als “Summerässen” gedeit, hat sech den Nuddelzaloot längst een festen Platz op den Dëcher weltwégt gesëchert. Watt den Nuddelzaloot su spannend mëcht sen die vill verschidden regional Varianten. Während die Däitsch hir Nuddelzaloot dachs mat Iärbessen, Ham an Mayonnaise maan, hat sech bei den Amerikaner de Ranchdressing durichgesatt.

Hokt mixen ech bëssen van deen 2 Welten zesaammen an brengen Faaref mat ant Spill. Mat knackigem gréinen an rugden Kappes, séiss Muurten, frësch Geméisscornichon, rugden Paprika an gebroodene Poulet, alles vermëscht mat menger würziger Ranchzooss an getoppt mat mengen angeleiten Ënnen.

Zutaten fir meng Nuddelzaloot

  1. Nuddelen: D’Nuddelen sen Basis fir dësen Zaloot, dës kéier sen et sugar hausgemaaten Nuddeln, allerdings net van mir selwer. D’Nuddelen maan satt an sie hualen d’Aromen vam Dressing wonnerbar op. Ausserdeem suarigen d’Nuddeln dofir, datt dës Zaloot net nëmmen eng Beilaag ass.
  2. Pouletfilet: Saaftig gebroodene Pouletfilet, deen kleng gewürfelt jëtt, brengt Protein an een köstlichen Umami-Aroma. De Pouletfilet ass optional, du kanns deen fort loossen an su eng vegetarisch Zaloot maan.
  3. rugden Kappes: Dësen Kappes brengt net nëmmen Faaref ant Spill mais o een séissen, mëllen Goût an eng knackig Textur. Sein erdigen Aroma harmonéiert goud mat deem würzigen Ranchdressing.
  4. gréinen Kappes: Deen gréinen Kappes ass bekannt fir seng gesondheetlich Virdeeler. Heen brengt een liiten batteren Kontrast, deen goud bei die séiss Muurten an rugden Kappes passt.
  5. Geméisscornichon: Cornichon sen erfrëschend, knackig an sie brengen hiren liit neutralen Goût matt an ergänzen domatt deen würzigen Dressing an sie suarigen ausserdeem fir een erfrëschende, saaftigen Goût.
  6. rugden Paprika: De Paprika ass séiss an saaftig en mëcht dësen Zaloot na mi faarwig an brengt eng knackig Textur mat.
  7. Ranchdressing: Een cremigen würzigen Dressing, deen traditionell mat Bottermëlich, sauer Rahm an Mayonnaise, frëschen Krégder, Schalotten an Knuawléck gemaat jëtt.
  8. angeleiten Ënnen: Meng angeleiten Ënnen sen sauer an würzig, sie droen wonnerbar den Geschmaasch deen all Ässen een Frëschekick jëtt.

Zoubereedung

An engem gruussen Dëppen setzen ech goud gesalzent Waasser op an loossen datt opkooschen, do dran kooschen ech Nuddelen al dent! Spar net mam Salz, datt ass den Schlëssel fir datt Nuddelen goud schmaaschen. Datt meest Salz land suwiesu am Aafloss. Subal Nuddelen mëll sen schëdden ech se aaf an schrecken se am kaalen Waasser aaf. Datt ënnerbrëcht den Kooschprozess an verhënnert datt Nuddeln ze mëll oder matschig jänn.

Als nächst würzen ech den Pouletfilet mat Salz an Peffer an brooden deen an enger Pann bis en durich gar ass, deen loossen ech ganz aafkéilen an schnégden en dann an kleng Würfelen.

Dann këmmeren ech mech ëmt Geméiss:

  • Deen rugden an deen gréinen Kappes schnégden ech op der Mandoline an dënn Streifen an leen se getrennt vaneneen an Schosselen. Dann streien ech Salz driwer an kniädden die 2 Zorten Kappes goud durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Su lossen ech se dann ongeféier 30 Min. zéien.
  • D’Geméisscornichon wäschen ech grëndlich an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen. D’Cornichon leen ech an eng Sei, streien Salz driwer, vermëschen se an loossen se 30 Min. durichzéien, su zéiht Waasser an evtl. Batterstoffer raus.
  • D’Muurten schiälen ech an raspelen se fein. Déi leen ech direkt an eng gruuss Schossel.
  • De Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

Fir den Dressing han ech meng Ranchzooss, äwer ouni d’Schalotten gemaat. Déi han ech mam Essig van deen angeleiten Ënnen vermëscht bis eem cemigen, deckflëssigen Dressing entsteht. Alternativ, wans du keng angeleiten Ënnen has, maan Ranchzooss mat den Schalotten an verdënn se mat bëssen Wäissenwéngessig.

An dann kënnt alles zesaammen. Muurten han ech well an enger gruusser Schossel leien, do leen ech d’Nuddeln drop. Van den Cornichon wäschen ech Salz aaf an lossen se goud aafdrëpsen, zesaammen mam Paprika leen ech se ant Schossel bei d’Muurten. Deen rugden Kappes wäschen ech ëmmer eng kéier aaf, dann drécken ech en fest aus an leen en ant Schossel. Deen gréine Kappes drecken ech just fest aus an leen en dann bei die anner Zutaten ant Schossel. Dann leen ech na de Poulet drop an schëdden den Dressing driwer. Den Zaloot goud vermëschen su datt sech den Dressing iwerall verdeelt. Schmaaschen an evtl. noowürzen. Su setzen ech en op mannst fir 15 Min. an de Frigo, fir datt sech d’Aromen verdeelen, oder bis ech en brausch.

INFO: deen rugden Kappes wäschen ech aus deem Grond aaf, fir datt Zaloot sech nat ganz rugd fiäreft, su behällt all Element seng Faaref an du has een schingen faarwigen Zaloot.

Viraam zervéiren mëschen ech d’Zaloot na eng kéier, schmaaschen an würzen evtl. an no, dann verdeelen ech die angeleiten Ënnen an frësch gehackten Péitersilich driwer.

Dës Nuddelzaloot ass eng Symphonie aus Texturen, Faarwen an Aromen. Die mëll neutral Nuddelen bilden Grondlaag, während deen knackigen gréinen an rugden Kappes fir Frëscheet an Faaref suarigen. D’Muurten brengen niäwent der schinger oranger Faaref, een natiirlichen séissen Aroma an mat den Cornichon an dem Paprika jëtt den Zaloot na mi frësch an aafwiässlungsräich. Deen gebroodene Poulet suarigt dofir, datt dës Zaloot satt mëcht. Den Highlight sen die angleiten Ënnen déi all Maufel oppeppen. Den Ranchdressing verbënnt all Elementer zu engem harmonischen Ganzen, wu all Zutat eng perfekt Roll spillt.

D’Resultat ass een köstlichen, gesonden Zaloot deen als Hauptlat oder als Beilaag kann gäss jänn.

Nuddelzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4-6

Portiounen
Virberreedungszéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 400 g Nuddeln, deng Lieblingszort

  • Optional: 2 Pouletfilet

  • 250 g rugde Kappes, an dënn Streifen geschnidden

  • 250 g gréine Kappes, an dënn Streifen geschnidden

  • 3 Muurten, fein geraspelt

  • 2 Rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 1 Geméisscornichon, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 250 ml van menger Ranchzooss

  • 50 ml Wäissenwéngessig

  • Optional: 2 – 3 EL angeleiten Ënnen

Zoubereedung

  • Nuddelen kooschen ech am kooschende kräftig gesalzene Waasser al dent, dann schëdden ech se aaf an schrecken se ënner kaalem Waaser aaf.
  • Optional: De Poulet würzen ech mat Salz an Peffer an brooden en bis en durich gar ass, deen loossen ech aafkéilen an schnégden en dann an kleng Würfelen.
  • Deen rugden an deen gréinen Kappes salzen ech an kniädden en su lang bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Deen loosen ech 30 Min. zéien. Deen rugden Kappes wäschen ech no deen 30 Min. ënner kaalem Waasser aaf an drecken en fest aus. Deen gréine Kappes drecken ech nëmmen fest aus.
  • Cornichon leen ech an Sei, salzen se an loossen se ongeféier 30 Min. durichzéien, fir datt Waasser an evtl. Batterstoffer auszéien kannen. No deen 30 Min. ënner kaalem Waasser aafwäschen an goud aafdrëpsen lossen.
  • Zesaammen mat deen gerapelten Muurten, den Cornichon dem Paprika, deen 2 Zorten Kappes an dem Poulet leen ech alles an eng gruuss Schossel.
  • Fir den Dressing mëschen ech meng Ranchzooss mam Wäissenwéngessig bis een cremigen deckflëssigen Dressing entsteht. Deen schëdden ech op meng Zaloot, vermëschen alles goud an setzen Zaloot su op mannst 15 Min. an de Frigo oder bis ech en brausch.
  • Optional: viraam zervéiren verdeelen ech die angeleiten Ënnen an bëssen frësch gehackten Péitersilich iwert der Zaloot.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*