Nudelgratin mat Poretten an Wiischtercher

Lost op eent herzhaft, cremigt Nudelässen, eent datt einfasch nëmmen goud schmëcht? Hokt kooschen ech een wonnerbaren Nudelgratin mat Poretten, Wiischtercher an enger cremiger Mornayzooss – iwerbaaschen mat enger knusperiger Krust aus Parmesan, Panéiermiähl an engem Hauch Rosmarin.

Den Nudelgratin ass weltwégt beléift an et fënnt een en an verschidden Varianten. An Frankreich krëss du een “Gratin de pates” zervéiert an aus Italien kënnt den “Pasticcio di Pasta”. Dëst Ässen verbënnt d’Léift zu Kiiss, Pasta an enger kräftiger Zooss an engen wonnerbaren goldbrongen an goud rauschendem Gratin. Den Ursprong vam Gratin légt wahrscheinlich am 19ten Joerhonnert, wu einfasch Zutaten zu richtigen Festässen verwandelt sen jänn.

Zutaten fir mein Nudelgratin mat Poretten an Wiischtercher

1. Nudelen

  • Nudelen sen Herzstéck van dësem Gratin. Du kanns Penne, Rigatoni oder eng anner kuurz Nudelzort hualen, eng Zort déi Zooss goud ophëlt. D’Nudelen sollen al dent gekooscht jänn fir datt se beim Iwerbaaschen net matschig jänn.

2. Poretten

  • D’Poretten gehiiren zur der Familjen van den Ënnengewächser an han een mëllen, liit séisslichen Goût. Sie jänn dem Gratin een angenehm würzigen Aroma an suarigt ausserdeem fir eng gewëss Frëscheet an bëssen Faaref. Vill Rezepter schreiwen nëmmen datt Wäisst an datt Hellgréint ze notzen, ech hualen ëmmer die ganz Stang.

3. Wiischtercher

  • Hei kanns du déi Wuuscht hualen déi dir am besten schmëcht, ob Brootwuuscht, Mettwuuscht, Wiischtercher oder eng anner Zort, Sie brengen een herzhaften Goût an d’Ässen an suarigen dofir datt den gratin su richtig satt mëcht.

4. Parmesan

  • Parmesan ass een Hartkiis aus Italien, deen fir sein würzigen Goût bekannt ass. En jëtt dachs geriwen oder an “Flacken” verschafft, fir Ässen, wie dësen Gartin ze verfeineren an eng knusperig Krust ze kreien.

5. Panéiermiähl

  • Panéiermiähl ass gedrëchent, fein geriwent Brugt. Zesaammen mam Parmesan an dem Rosmarin suarigt Panéiermiähl fir eng knusprig herzhaft Krust.

6. Rosmarin

  • Rosmarin ass eent aromatischt Krogt, datt an der mediterraner Këchen dachs verschafft jëtt. Mat sengem holzigen, erdigen Aroma passt dëst Krogt perfekt zu deen anneren Zutaten an jëtt der Krust een besonnig herzhaften Aroma.

7. Botter & Miähl

  • Aus dem Botter an Miähl jëtt een Roux gemaat, deen suarigt dofir datt Zooss bënnt.

8. Mëlich

  • Fir eng Béchamel brausch een Mëlich, sie bild Basis van der Mornayzooss, watt eng Variant van der Béchamel ass. Sie suarigt fir eng cremig Konsistenz an een mëllen Goût.

9. Salz, Peffer & Muskot

  • Dës Gewürzer sen entscheedent, fir den Goût an der Zooss auszebalancéiren. Salz verstärikt d’Aromen, de Peffer brengt een liit scharefen Goût an Muskot suarigt fir een waarmen, nossigen Hauch.

Sämtlich Zutaten spillen eng wichtig Roll, fir aus dësem Ässen een klengt Festässen ze maan!

Zoubereedung

An engem waarmen Dëppen loossen ech den Botter schmëlzen, wann deen bis afänkt liit ze sprudelen, réiren ech d’Miähl drënner an réisteren datt fir paar Min. aan. Dobäi ass opzepassen, datt d’Miähl keng Faaref aanhualen soll. De Roux setzen ech op Ségt an loossen en aafkéilen.

An engem anneren Dëppen setzen ech d’Mëlich op an lossen se opkooschen. Hei dobäi stoen bleiwen well d’Mëlich ganz siier aanbrennt. Die kooschend Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech d’Mëlich opkooschen. D’Hëtzt driien ech raaf an ech loossen Zooss op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. auskooschen. Ëmmer mol rëm dran réiren an d’Zooss mat Salz, Peffer an Muskot würzen.

No der halwer Stonn, d’Halschent vam Parmesan ënnerréiren an schmëlzen loossen. Eng Mornayzooss ass eng Béchamel mat Kiis.

Iwerdeems Zooss kooscht, schnégden ech d’Wiischtercher an dënn Scheiwen an brooden se an enger Pann aan.

D’Poretten halbéiren ech längs an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, déi schnégden ech an dënn Streifen. An enger waarmer Pann loossen ech bëssen Botter schmëlzen an brooden do dran op mëttel Hëtzt Poretten, bis se mëll sen.

An enger klenger Schossel mëschen ech deen Rest Parmesan mat ongeféier genausuvill Panéiermähl an bëssen gedrëchentem oder frëschem fein gehacktem Rosmarin.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Als nächst setzen ech eent Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, kooschen ech Nudelen no Packaaweisung al dente.

D’Nudelen schëdden ech aaf an mëschen se zesaammen mat den Wischtercher an den Poretten ënnert Zooss, dës Mëschung schëdden ech an eng feierfest Form, do driwer streien ech d’Parmesan-Panéiermiähl-Rosmarin-Mëschung an verdeelen paar Flacken Botter driwer.

Su setzen ech den Gratin fir ongeféier 20 bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis en goldbrong iwerbaasch ass.

Deen färdigen Gratin loossen ech ongeféier 10 Min. ruhen, dann verdeelen ech en op Telleren an streien na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Gouden Appetit!

Tipp

  1. Ech han geliiert datt die kooschend Flëssigkeet op deen aafgekéilten Roux geschott jëtt, du kanns datt o ëmgdrigt maan, sollten Klëmpercher entstoen, Zooss durich eng Passette schëdden.
  2. Wanns du frëschen Rosmarin hëlls, Noolen geent den Strich vam Ast streifen an se dann ganz fein hacken.
  3. Du kanns dësen Gratin o mat Ham oder Speck zoubereeden.

Nudelgratin mat Poretten an Wiischtercher

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 60 g Botter

  • 60 g Miähl

  • 750 ml Mëlich

  • Salz

  • Peffer

  • Muskot

  • 200 g Parmesan, fein griwen

  • 1-2 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 100 g Panéiermiähl

  • 400 g Nudelen

  • 200 g Wiischtercher, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 dënn Poretten, an dënn Streifen geschnidden

Zoubereedung

  • An engem waarmern Dëppen loossen ech op mëttel Hëtzt den Botter schmëlzen, subal deen aafänkt mat sprudelen, mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt paar Min. aan, äwer ouni datt et Faaref aanhëllt. Den Roux setzen ech op Ségt an loossen en aafkéilen.
  • An engerm anneren Dëppen setzen ech d’Mëlich op an loossen se opkooschen, dobäi stännig dran réiren. Die kooschend Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. D’Hëtzt driien ech raaf an loossen se ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen. Mat Salz, Peffer an Muskot würzen.
  • No der halwer Stonn mëschen ech d’Halschent vam Parmesan drënner an loossen deen schmëlzen.
  • An enger waarmer Pann brooden ech d’Wiischtercher.
  • An enger annerer waarmer Pann, schmëlzen ech bëssen Botter an brooden op mëttel Hëtzt Poretten bis se mëll sen.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180° Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech den Parmesan mam Panéiermiähl an mam Rosmarin.
  • Als nächst setzen ech eent Dëppen mat kräftig gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, kooschen ech d’Nudelen no Packaaweisung al dente.
  • D’Nudelen schëdden ech aaf an mëschen se mat der Zooss, den Wiischtercher an den Poretten,dës Mëschung schëdden ech an eng feierfest Form an streien Parmesan-Panéiermiähl-Rosmarin-Mëschung driwer.
  • Als nächst verdeelen ech paar Botterflacken driwer an setzen de Gratin fir ongeféier 20 bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis en goldbrong gebaasch ass.
  • Viraam zervéiren loossen ech den Gratin ongeféier 10 Min. ruhen, verdeelen en op Telleren an streien na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*