One-Pot Fleesch-Pann

Iwersatt heescht One-Pot, Eintopf watt suvill bedeit et jëtt nëmmen eent Dëppen benotzt. One-Pot-Ässen sen aus der Nugd enstannen fir mat begrenzten Ressourcen auszekommen. Geschicht vam Eintopf reecht zeréck bis ant 19te Joerhonnert, an hat sech Hogt druich een Hype aus Amerkia zu enger beléifter Kooschmethoud entwéckelt, déi weltwégt an villen Kulturen ze fannen ass. D’Zoubereedung an engem Dëppen spart net nëmmen Zéckt an Energie, mais et ermiilecht o d’Entfaalen van Komplexen Aromen, well alles mateneen gart an su sech alles goud vermëschen kann.

Zutaten fir mengt One-pot Rezept

Meng Zoubereedung besteht aus Fleesch, datt kann Schwéngefleesch, Poulet oder Kaleffleesch sen, zesaammen mat Ënnen, Knuawléck, Spitzpaprika an Kiischtentomaten han ech dann well eng goud Aromabasis.

Gewürzt an verfeinert jëtt et dann na mat Salz an Peffer, an Krégder wie Thymian, Rosmarin an Oregano. Fir deem ganzen bëssen Frëschheet ze jänn mëschen ech Zitrounensaaft drënner. Well äwer bëssen Zooss drop muss sen, mëschen ech Stoffi mat drënner.

Getoppt jëtt datt ganzt dann na mat geriwenem schweizer Kiiss, deen äwer nëmmen geschmolz jëtt.

Ausserdeem brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann an eng Kiissreif.

Zoubereedung

Fleesch schnégden ech an dënn Streifen, würzen et mat Salz an loossen et ongeféier eng halef Stonn durich zéien.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen, halbéiren se an schnégden se dann an dënn Streifen.

De Knuawléck jëtt geschiält an fein gehackt.

De Spitzpaprika wäschen ech grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, halbéiren en, entkären en an schnégden den Paprika dann an dënn Streifen.

Kiischtentomaten jänn grëndlich ënner kaalem Waasser gewäsch an halbéiert.

De Schiäffchen erhëtzen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg mat Botter, do dran brooden ech Fleesch all rondrëm sching brong aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck mat drënner.

Subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Paprika dobäi an brooden alles ongeféier fir 5 Min. op mëttel Hëtzt. Würzen mat bëssen Salz an Peffer.

Datt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf.

Als nächst mëschen ech Tomaten, Fleesch, Thymian, Rosmarin, Oregano an den Stoffi drënner, erwiärmen alles, schmaaschen an würzen evtl, na no.

Dann streien ech geriwene Kiiss iwer datt Ganzt, leen den Deckel drop an setzen et fir 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Tipps fir One-Pot mat Fleesch

  1. Beim Fleesch drop oppassen datt et durich gegart ass. Zemools, wanns du Pute oder Poulet hëlls,
  2. Hual frësch an hiiwiärtig Zutaten, fir deen besten Aroma ze kreien.
  3. Experimentéier mat verschidden Gewürzer an Krégder, fir dësen Menü dengem Geschmaasch aanzepassen.

Wanns du net wees watt fir eng Beilaag datts du dobäi zervéiren kanns, eng goud gemëschten Zaloot an Baguette an den Menü ass komplett.

Varianten

Fir mi eng mediterran Variant, kanns du Oliven, Kaperen an Feta-Kiiss drënner mëschen.

Fir eng mexikanisch Variant, passen Kidneybungen, Maïs an liit oder vill mat Jalapénõs gewürzt.

Bei enger asiatischer Variant kanns du mat Soja, Ingwer an Frühlingszwibbelen schaffen.

Natiirlich kanns du dein One-Pot o ganz vegetarisch zoubereeden, watts du do van Geméiss hëlls ass ganz egal, erlaubt ass datt watt schmëscht. Hei eent Beispill van mir, Gromperen mat Broccoli an Schalotten.

One-Pot Fleesch-Pann

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 800 g Fleesch (Poulet, Schwéng oder Kalef) an dënn Streifen geschnidden

  • 1 EL Olivenualeg

  • 1 EL Botter

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 rugd Spitzpaprika, enkärt an dënn Streifen geschnidden

  • 250 g Kiischtentomaten, halbéiert

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 250 g Stoffi

  • 0,5 Tl Thymian

  • 0,5 TL Rosmarin

  • 1 TL Oregano

  • 150 g geriwene schweizer Kiiss

Zoubereedung

  • D’Fleesch salzen an ongeféier 30 Min. durichzéien loossen.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann den Olivenualeg an den Botter erhëtzen an d’Fleesch all rondrëm brong annbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänkt mat rauschen den Paprika ënnermëschen. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Mam Zitrounensaaft aafläschen.
  • Tomaten, Fleesch an den Stoffi an d’Krégder ënnermëschen, kuurz erwiärmen, schmaaschen evtl, na bëssen noowürzen.
  • Den Kiiss driwer verdeelen an mat Deckel fir 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*