Orientalische Randsgulasch

Orientalischen Randsgulasch, mat Wuurzelen aus der orientalsicher Këchen. Datt zart geschmoortent Randfleesch jëtt mat vill exotischen Gewürzer zoubereed. Durich datt gemeeligt schmoren han sämtlich Gewürzer genou Zéckt fir sech ganz am Fleesch ze verdeelen, watt zu enger intensiver Geschmaaschexplosioun féiert. Et as eent wonnerbart Beispill fir die aromatisch orientalisch Këchen.

Gedold as den Schlëssel.

Zoubereedung van engem Gulasch brausch ëmmer Zéckt, fir datt Fleesch Zart an aromatisch jëtt muuss et lang an op niddriger Hëtzt geschmoort jiänn. Plang genou Zéckt an, fir datt Best aus dësem Menü raus ze hualen.

Variatiounen

Et jiänn vill verschidden Varatiounen van orientalsichem Gulasch. Je no Regioun an perséinlichem Geschmaasch kannen Zutaten an Gewürzer variiéiren. Probéier aus an pass Rezept dengem eegene Geschmaasch aan.

Beilagen

Traditionell jët den orientalischen Randsgulasch mat Reis, Couscous oder Fladenbrugt zervéiert. Dës Beilaagen eegnen sech goud fir die lecker Zooss opzehualen.

Gewürzer

D’Auswahl an Qualitéit van den Gewürzer sen Entscheedend fir den Geschmaasch van dësem Menü. Stell sëcher, datt Gewürzer frësch a van hiier Qualitéit sen. Beim Würzen virsichtig sen, et sen alles starik Gewürzer mat vill Aroma, ganz siier has du et iwerdriwen. Fänk mat bëssen aan an würz zu engem spéidern Zécktpunkt bëssen no wann et nigdig as.

Séiss Nuancen

Mat gedrëchente Friischten wie Aprikosen oder Korinten krëtt dësen Gulasch een angenehme séissen Aroma. Probéier et aus, wann dir séissen Geschmaasch am Fleesch schmëscht.

Zutaten

  • Randsgulasch, beim Koof natiirlech ëmmer oppassen, datt Fleesch eng liäwig rugd Faaref hat. Van brongem oder grojiem Fleesch am besten Fanger loossen, datt kann een Hinweis sen datt et schlecht as.
  • Ennen, die best Ënn fir an dein Gulasch hängt ëmmer van dengem perséinlichen Geschmaasch aaf. Die jiäll han een ausgeprägten Geschmaasch, an jiänn traditonell am meesten gehollt fir een Gulasch ze kooschen. Sie kannen dem Gulasch een angenehm würzigen Geschmaasch jiänn. Die wäiss Ënnen sen mi mëll am Geschmaasch, sie sen eng goud Entscheedung wanns du net su een stariken Ënnengeschmaasch an dengem Gulasch han wëlls. Die rugd Ënnen sen mëll an séiss am Geschmaasch, du kanns déi hualen si veränneren äwer den Goût van dengem Gulasch.
  • Kicheriärbessen, Kicheriärbessen jiänn dengem Gulasch een liit nossigen Geschmaasch. Et as eng Zutat déi an der orientaischer Këchen ganz vill verschafft jëtt.
  • Pelati (Tomate pelée), durich Tomaten krëtt den Gualsch een liit säierlichen Goût, ausserdeem droen Tomaten, durich Saier, dozou bei, datt Fleesch zart an saaftig jëtt an datt Aromen ausgeglasch jiänn.
  • Knuawléck, vill Erklärung brausch den Knuawléck net, Ouni Knuawléck wir den Gulasch wie een Hollywood-Film ouni Action-Szene, wie een Kousch ouni Zockerguss oder een Handy ouni Katzenfotoen. Knuawléck as een muss ouni deen as den Gulasch net komplett. 😉
  • Botterschmalz, ass eent Fett mat vill Geschmaasch an enger langer Geschicht. Et kann gehollt jiän fir herzhaft Menüer oder fir séisst Gebäck. Et as an villen Këchen hii geschätzt an hat sein Platz an der kulinarischer Welt fond.
  • schwarze Peffer, schwarze Peffer jëtt all Menü een pikant an würzigen Aroma, en déint als Aromaverstiärker an ënnerstëtzt anner Aromen am Ässen.
  • Neelcheskäpp, han een intensiven séissen Aroma mat enger liit würziger Nuance. De Geschmaasch as waarem an erënnert aan Cannelle, Muskot an Piment.
  • Cannelle, Cannelle as ëmmer virsichtig ze doséieren, well sein Geschmaasch den Gulasch ganz siier dominéiern kann. Een “Hauch” van Canelle jëtt dengem Gulasch een angenehmen Aroma.
  • Koriander, bëssen Koriander jëtt dengem Gulasch een erfrëschende Aroma
  • gemahlene Kardamom, Kardamom hat een séissen, Zirusartigen an liit würzigen Geschmaasch, an o bei deem Gewürz as opzepassen well et den Gulasch ganz siier dominéieren kann.
  • Muskot, hat een waarmen, séisslichen liit nossigen Geschmaasch, Muskot am Gulasch kann dem Gulasch een liit erdigen Geschmaasch jiänn.
  • Lorbeerblaad, am normalen jiänn 1-2 Lorbeerbläder mat am Gulasch gekooscht, sie jiänn deem Ganzen een authentischen an aromatischen Geschmaasch.
  • Kurkuma, Kurkma béid eng interessant Variatioun datt durich sein erdigen, waarmen Geschmaasch.
  • Salz
  • evtl. bëssen frëschen Koriander oder Péitersilich fir Garnitur

Die ganz Gewürzer, Cannelle, Kardamom, Koriander, Muskot, Kurkuma an Neelchskäpp, sen ganz starik Gewürzer an virsichtig ze doséieren, ganz siier hualen si iwerhand, an verdiärwen den Geschmaasch vam Gulasch. Ech han mir dës ganz Gewürzer ma Mörser zerriwen, gemëscht an dann mat Messerspëtzen an de Gulasch gemëscht. Sie sen just do fir den Geschmaasch ze ënnerstëtzen an ze hiäwen.

TO DO

Ënnen jiänn geschiält an längs an 8 Stécker geschnidden.

De Knuawléck han ech geschiält an kleng gehackt, du kanns die ganz Ziif dran leen an hanneno raus hualen.

Ech han gekooschten Kicheriärbessen an der Truh, wanns du eent Glas oder Bëchs hëlls, déi aafschëdden, grëndlich ënner kaalem Waasser aafschwenken an goud aafdrëpsen loossen.

Deen frëschen Koriander joder Péitersilich han ech graff gehackt.

Neelcheskäpp han ech am Mörser fein zerriwen.

Zoubereedung

An enger waarmer Pann han ech Botterschmalz erhëtzt an do dran Fleesch all rondrëm kräftig aangebrooden, datt han ech raus gehollt an op Ségt gestallt. Fleesch mat Salz an Peffer würzen. Wann et vill Fleesch as, datt opdeelen an op paar mol aanbrooden.

An deem selwischten Dëppen han ech Ënnen aangebrooden, Hëtzt dann bëssen raaf gedrigt, an sämtlich Gewürzer mam Knauwléck ënnergemëscht an mat aangebrooden. Dobäi stoen bleiwen, Gewürzer verbennen ganz siier.

Als nächst schëdden ech den Pelati drop, loossen alles opkooschen an mëschen Fleesch drënner. Schmaaschen an würzen

Dann leen ech den Deckel drop an loossen datt Ganzt ongféier 1,5 Stonnen op niddriger Hëtzt kooschen.

No där annerhalwer Stonn, mëschen ech Kicheriärbessen drënner, leen den Deckel rëm drop an loossen alles fir 30 Min. kooschen.

Viraam zervéiren, de Koriander oder Péitersilich driwer streien.

Orientalische Randsgulasch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • 1 kg Randsgulasch

  • schwarze Peffer & Salz

  • Botterschmalz

  • 2 längs an 8 Stécker geschnidden Ënnen

  • 240 g Kicheriärbessen (Béchs oder Glas)

  • 400 g steckigen Pelati (Bëchs)

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 2 am Mörser zeriwen Neelcheskäpp

  • 0,5 TL Cannelle

  • 0,5 TL Koriander

  • 0,5 TL gemahlene Kardamom

  • 0,5 TL Muskot

  • 0,5 TL Kurkuma

  • 1 Lorbeerblaad

  • bëssen frëschen Koriander oder Péitersilich, graff gehackt

Zoubereedung

  • Botterschmalz an enger waarmer Pann erhëtzen an Fleesch all rondrëm aanbrooden. Wann et vill Fleesch as, opdeelen an op paar mol aanbrooden. Mat Salz an Peffer würzen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen Ënnen kräftig aanbrooden, Hëtzt raaf driien an die ganz Gewürzer an de Knuawléck ënnermëschen an mat aanbrooden. Dobäi stoen bleiwen, Gewürzer verbrennen siier.
  • Tomaten drop schëdden, opkooschen lossen. Fleesch ënnermëschen. Schmaaschen evtl. noowürzen, dann den Deckel drop leen an 1,5 Stonnen op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
  • Kicheriärbessen aafschëdden an grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen, goud aafdrëpsen loossen.
  • No der annerhalwer Stonn Kicheriärbessen ënnermëschen, den Deckel rëm drop leen an datt Ganzt fir 30 Min. kooschen loossen. Schmaaschen
  • Viraam zervéiren Koriander oder Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*