Pasta no türkisch Art mat Gehacktes an Joghurt

Hogt beshreiwen ech dir eent Rezept van enger Variant van der Bolognesezooss – die türkisch Bolognese mat Joghurtdip an Paprika-Botter. Dës Kombinatioun kombinéiert die herzhaft Aromen vam Gehacktes mat der Frëschhheet vam Joghurt. Nuddelen an Gehacktes sen jo well eng Garantie fir eent goud Ässen, mat deene Gewürzer an deem kaalen, crémigen Jorghurtdip, han Pasta no türkisch Art een Platz ganz Uawen op menger Lieblingslëst verdéint.

Die türkisch Këchen ass bekannt fir hir vill Anflëss aus verschiddene Kulturen an Epochen. D’Bolognese urspünglich aus Italien stammend, ass an der Türkei mat lokalen Gewürzer an Zutaten aangepasst jänn, fir hir een eenzigartigen Aroma ze jänn. De Joghurtdip ass eng beléift Beilaag an der türkischer Këchen an ergänzt Fleeschmenüer perfekt mat senger kéiler crèmiger Textur.

Datt brausch ech fir meng Pasta

  • Gehacktes: Fir eng Pasta no türkischem Rezept jëtt meestens Lammgehacktes gehollt, oder eng Mëschung aus Lamm an Kalef oder Rand. Ech hualen äwer rengt Randsgehacktes, et entsprëcht zwar net dem Originalrezept, ass äwer o ganz lecker. Du kanns natiirlech datt Gehacktes hualen watts du gewiännt bas. Wie schreiwen ech äwer ëmmer, am besten Ongewürztent.
  • Joghurt: Ech hualen grieschichen Joghurt fir dëst Rezept mat 12% Fett, hei ass et deng Entscheedung ob’s du eng Lightversioun hëlls oder deen mam vollen Geschmaasch.
  • Pasta: Vill Rezepter schreiwen fir Spiralnuddelen oder kuurz Nuddeln wie Penne ze hualen, well dës Nuddelen Zooss besser ophualen. Ech haat Troccoli datt ass eng mi déck Spaghetti.
  • Tomaten an Paprika: Fir Frëscheet suarigen Tomaten an Paprika, du kanns o rugden Paprika hualen, wann dir deen gréine net schmëscht, oder eng anner Zort Geméiss wie z.B. Cougetten, Auberginen.
  • Péitersilich: Viraam zervéiren driwer gestreit jëtt datt dem Ässen na een zousätzlichen Frëschenkick.
  • An deen Rest: Olivenualeg, Paprikapolwer, Ënnen, Knuawléck, Salz, Peffer an Cumin, hat eigentlich all Haushalt an senger Spënchen stoen.

Zoubereedung

Fir Zooss

De Knuawléck an d’Ënnen schiälen ech an hacken se kleng.

Zwiebeln

De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

Tomaten wäschen ech, an schnégden se deemno wie déck datt se sen an véirel oder an aaschtel. Du kanns o Kiischtentomaten hualen an déi dann halbéiren. Leen déi an eng Schossel, Saaft watt austrëtt jëtt mat gekooscht.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg, an brooden op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen aafänk mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner. Datt loossen ech op niddriger Hëtzt brooden bis et mëll ass, salzen datt Ganzt liit.

Als nächst mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt su lang aan bis et durich gar an grimmelig ass. Würzen mat Salz, Peffer an Cumin.

Wann Gehacktes durich gar ass, mëschen ech den Tomatenpürée drënner, du kanns deen bëssen mi kräftig aanbrooden, su datt sech Röstaromen om Buadem van der Pann bilden.

Hei kanns du well draan denken fir goud gesalzent Waasser fir d’Nuddelen op ze setzen, an Nuddelen no Packaanweisung al dent kooschen.

Zum Schluss jänn Tomaten mat drënner gemëscht, geschmaascht, evtl, na nogewürzt an op niddriger Hëtzt ongeféier 15 Min. kooschen loossen. Sollt et ze drëchen jänn, bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.

Den Joghurtdip

De Knuawléck schiälen ech an zerreiwenen am Mörser mat bëssen Salz zu enger feiner Past. Deen mëschen ech dann ënner den Joghurt, ech han en mat Espelettepeffer gewürzt, du kanns äwer o einfaschen Peffer hualen.

De Paprika-Botter

De Botter loossen ech op niddriger Hëtzt schmëlzen an är en aafänkt mat spruddelen mëschen ech d’Paprikapolwer drënner, zéihen Casserolle dann äwer van der Plaque, well datt alles ganz siier verbrennen kann. Du kanns den Botter na mat Salz aafschmaaschen, allerdings just wann z.B. deng Nuddelen net genou gesalz sen, oder wann an der Zooss villächt na jätt fehlt. Dësen Botter brengt deen richtigen Geschmaasch an soll op keen fall fortgeloss jänn.

Op den Teller

Nuddelen aafschëdden, dann kanns du Nuddelen einfasch su op Telleren verdeelen, dann Gehackteszooss, den Joghurt dann den Paprikabotter. Du kanns äwer o Nuddelen mat der Gehackteszooss mëschen, dann den Dip an dann de Botter, oder du vermëchs alles mateneen.

Ech han Nuddelen mat der Paprikabotter gemëscht, dann han ech Gehackteszooss driwer verdeelt, dann den Joghurt an zum Schluss vill Péitersilich driwer gestreit.

Tipps

  1. Pass do drop op, datt Gehacktes durich gebrooden ass, befirs du deen Rest ënnermëchs.
  2. Du kanns eng beschicht Pann notzen, fir datt et net aanbrennt.
  3. Schmaaschen an schmaaschen, just su kanns du Zooss dengem Geschmaasch aanpassen.
  4. Loss Zooss su lang kooschen datt se goud andëchst an d’Aromen sech su verbannen.

Pasta no türkisch Art mat Gehacktes an Joghurt

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • Fir Zooss
  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 1 gréin Paprika, kleng gewürfelt

  • 500 g Gehacktes (ongewürzt)

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 4 frësch Tomaten, an véirel oder aaschtel geschnidden

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 0,5 TL Cumin

  • 500 g Pasta

  • Fir den Dip
  • 250 g grieschichen Joghurt

  • 1 Ziif Knuawléck, mam Salz zu enger Past zerriwen

  • Salz

  • Peffer

  • Botter-Paprika
  • 60 g Botter

  • 2-3 EL séisst Paprikapolwer

  • 3-4 EL gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fir Zooss
  • An enger waarmer Pann den Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden, subal deen aafänk mat rauschen, Paprikawürfel ënnermëschen an op mëttel Hëtzt brooden bis se mëll sen. Liit salzen.
  • Als nächst Gehacktes ënnermëschen an su lang brooden bis et durich gar ass. Mat Salz, Peffer an Cumin würzen.
  • Wann Gehacktes gar ass, den Tomatenpürée mat brooden, hei kenn sech Röstaromen om Buadem bilden.
  • Eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opsetzen an Nuddelen no Packaaweisung al dent kooschen.
  • Tomaten ënnermëschen an opkooschen lossen, schmaaschen an evtl. noowürzen. Op niidriger Hëtzt kooschen loossen. Sollt datt Ganzt ze drëchen jänn, bëssen Nuddelwaasser dobäi schëdden.
  • Den Dipp
  • Den Joghurt mam Knuawléck, Salz an Peffer vermëschen.
  • Paprika-Botter
  • De Botter an enger Casserolle op niddriger Hëtzt schmëlzen loossen, är en aafänkt mat spruddelen den Paprikapolwer ënnermëschen an van der Plaque zéien.
  • Op den Teller
  • Nuddelen aafschëdden zeréck ant Dëppen schëdden an mat der Paprika-Botter vermëschen. Op Telleren leen, Gehackteszooss driwer verdeelen, paar EL Joghurt drop leen an mat Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*