Pommes de terre au „Kachkéis“

Aafgeleet van den Pommes de terre à la normande han ech dëst Rezept bëssen verännert. Die traditionell Pommes de terre à la normande ass eng kleng Zecktréis an d’Normandie, eng Regioun, déi fir hir deftig Schmandzoossen, aromatisch Äppel an botterig Spezialitéiten bekannt ass. Pommes de terre à la normande ass genau datt! Gromperen, gemellig an Botter, Schmand oder Mëlich heinsdo mat enger Schlupp Äppelwéng oder Calvados verfeinert. Eent einfascht, deftigt an aromatischt Ässen, datt sein Ursprong an deen ländlichen Këchen vam 18ten an 19ten Joerhonnert hat.

Van der Baurekëchen zur Haute Cuisine

D’Bauren aus der Normandie han siier rausfond, datt die fiit, mëll Klimabedingungen perfekt fir den Grompernaabau geegent woren. Kombinéiert mat deen berühmten nomrannischen Mëlichprodukter, Schmand, Botter an Kiiss ass doraus eent einfascht, äwer köstlicht Ässen enstannen.

Traditionelle sen dës Gromperen am Schmand geschmoort jiän, mat Äppelweng oder Calvados verfeinert. Dobäi kommen Ënnen, Poretten an dachs o Speck oder Hamm, fir deen Rustikalen Goût ze ënnersträichen.

August Escoffier, wor een Pionéier van der moderner fransiischer Këchen. An sengem Guide Culinaire (1903) hat heen dëst Rezept well verfeinert an et mat Mëlich mi „liit“ gemaat. Bei him ass alles sching geschicht jiän an mat Kiiss garatinéiert jiän. Aus engem einfaschen Baurenässen ass su eng Beilaag jiän, déi an feiner Gesellschaft zervéiert jiän ass.

Wie sech Zoubereedung verännert hat.

Wie all goud Traditionsässen hat o dëst Rezept am Loof van den Joerhonnerten Verännerungen durichloof. Während fréiher d’Gromperen dachs an gruussen Mengen zoubereet se jiän, fir d’Bauren an d’Fëscher iwer die kaal Wantermeent ze versuarigen, sen d’Zutaten spéider mi fein aafgestëmmt jiän.

Mat der Zékt sen regional Zutaten an den Fokus geréckt. Vill Familjien han hir eegen Variant entweckelt, andeems sie anstatt van Speck, Kooschelen oder sugar Miäresfriischten gehollt han. Modern Anflëss haaten Anfloss op mi eng bewosst Auswiäl van den Zutaten.

Hokt jieet alles mi einfasch:

  • Dampfgaren oder Sous-vide suarigen fir eng glächmässig Garzekt
  • Induktioun ermiilischt präzist Schmooren, ouni datt stännig geréiert muss jiän.
  • De Schiäffchen fir ze gratinéiren, deen suarigt dofir datt den Kiiss golbrong jiët, déi et fréiher su net jiän ass.

An o d’Zutaten han sech verännert. Während Botter onersetzlich bleift, setzen vill op mi eng liit Variant mat Mëlich. Calvados oder Äppelwéng jiän net mi genotzt, just na fir een Highlight oder een besonnigen Grond.

Werfen mir een Bleck op Zutaten an Zoubereedung

Gromperen, hei hualen ech eng festkooschend Zort, sie sen crémig äwer zerfällen net. Déi kannen geschiällt jiän oder fir meng rustikal Variant d’Schaal einfasch draan loossen.

Fir all Schmoorässen brausch et natiirlich Ënnen, sie suarigen fir die aromatisch Grondlaag. Déi schiälen ech an hacken se fein.

Fir zousätzlich eng mell séisslich Würzigkeet schnegden ech datt wäisst van Porette kleng.

Ausserdeem schnégden ech säierlich Äppel wie z.B. Boskop an kleng Würfelen, deen suarigt fir fruuchtig Nuancen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt Botterschmalz, deen suarigt fir deen gouden Goût an bëssen Glanz. Do dran brooden ech d’Ënnen, Poretten an d’Äppel aan, bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref aanhualen. Datt läschen ech mat bëssen Calvados aaf an flambéiren et. Deen loossen ech ganz ankooschen.

Als nächst schëdden ech d’Mëlich drop, erhëtzen déi, loossen se äwer net ze kräftig kooschen, well se jären ausflockt. Dann mëschen ech den Kooschkiiss drënner an loossen deen schmëlzen. Schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer an bëssen Muskot. Dann mëschen ech d’Gromperen drënner. Ech han datt Ganzt na mat bëssen Krégder aus der Provence verfeinert, traditionell jiët een Bouquet garni dobäi geleit. Mat Deckel loossen ech datt Ganzt ongeféier 15 Min. op niddriger Hëtzt kooschen.

Iwerdeems wiärmen ech den Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

D’Gromperen schëdden ech an eng feierfest Form, streien gerriwene Gruyère driwer an baaschen se bis de Kiiss sching goldbrong an d’Gromperen mëll sen.

Bléck an d’zukunft

Während dëst Ässen wonnerbar satt mëcht, lungt et sech iwer eng noohaltig Zoubereedung nozedenken. Dozou gehiiren o Techniken fir Liäwensmëttel haltbar ze maan.

Fermentatioun an Ankooschen

Eng spannend Variant ass d‘Fermentatioun van Poretten an Ënnen. Durich Mëlichsäiergärung entsteht een liiten säierlichen Aroma, deen als Topping wonnerbar mat deen crèmigen Gromperen harmonéiert. Alternativ kann een d’Gromperen an griisseren Mengen an enger Mëschung aus Bréit, Gewürzer an Äppelwéng an Gläser, ënner Drock ankooschen, eng wonnerbar Alternativ fir stressfräi Deeg.

Regional Produkter entdecken

D’Wiäll van der Gromperenzort kann dëst Ässen veränneren. Aal Zorten brengen eng besonnig Textur an Faaref op den Teller. An o den Kiiss lisst sech variéiren, van engem mëllen Camembert bis zu engem mi kräftigen Livarot jiët et vill Miilischkeeten. Ech han hei z.B. Kooschkiiss geholt an mat ënnert Zooss gemëscht, een Kiiss deen sech perfekt mat den Gromperen verbënnt an eng fein Würzigkeet matbrengt, ouni deen typischen Goût ze iwerdecken,

Fazit, een klassiker mat Potenzial

Pommes de terre à la normande ass eent Ässen datt Vergangenheet éiert an d’Gegenwart genéisst. Durich eng bewosst Wiäll van den Zutaten, noohaltigt Zoubereedung an moderen Aanpassungen bleift et een Highlight an der Këchen, egal op traditionell oder mat engem perséinlichen Twist.

Pommes de terre au „Kachkéis“

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

40

Minuten

Zutaten

  • 2 Porettenwäisst, kleng geschnidden

  • 2 Ënnen, fein gehackt

  • 2 Äppel, kleng gewürfelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 kg Gromperen, geschiält an, a Scheiwen van 0,5 cm Déckt geschnidden

  • 50 ml Calavados

  • 1 L Mëlich

  • 100 g Kooschkiiss

  • Salz & Peffer

  • Muskot

  • 1 Tl Krégder aus der Provence

  • 150 g geriwene Gruyère

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann lossen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz schmëlzen, do dran dënsten ech Poretten, d’Ënnen an d’Äppel aan bis alles mëll ass, äwer ouni datt se Faaref kreien.
  • Datt läschen ech dann mam Calavdos aaf, flambéiren et an loossen deen ganz ankooschen.
  • Als nächst schëdden ech d’Mëlich drop, erhëtzen alles, äwer ouni datt et ze kräftig kooscht, do mëschen ech dann den Kooschkiiss drënner an lossen deen schmëlzen. Schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer, Muskot an den Krégder aus der Provence.
  • Dann schëdden ech d’Gromperen dobäi, vermëschen alles goud an loossen datt Ganzt op niddrieger Hëtzt mat Deckel ongeféier 15 Min. schmooren.
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180° Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • D’Gromperen schëdden ech an eng feierfest Form, streien geriwene Kiiss driwer an setzen datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss Goldbrong ass an d’Gromperen mëll sen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*