Poule au riz aus dem Schiäffchen

Poule au riz aus dem Schiäffchen, een van mengem One Pot-Menüer, deen sech fir den Alldaag eegent genausu wie fir eent Ässen mat Frënn. Poule au riz, een Menü, deen Eleganz an Gemütlichkeet vereent. Hogt ass et eent beléiften Familjenässen. Van der Verwendung van lokalen Gewürzer bis hin zu ënnerscheedlich Kooschtechniken – all Regioun brengt hiren eenzigartigen Charme an dëst traditionellt Rezept.

Aafgeleet ass mein Menü vam fransiischen Klassiker Poule au riz, dëst herzhaft aromatischt Ässen, wor am Mëttelalter beléift bei den Adligen. Am 17ten Joerhonnert hat deen fransiischen Kinik Henry IV den “Chicken Pot” angefouert. Durich die lang Reliounskréiger zwëschen Protestanten, Hugenotten an Katholiken wor d’Hongernugt gruuss. Mat dem Satz: “Wenn Gott mir noch Leben schenkt, werde ich dafür sorgen, dass es in meinem Königreich keinen Bauern mehr gibt, der nicht die Möglichkeit hat, ein Huhn im Topf zu haben.” ass den “Poulet am Dëppen” zum Nationalässen erklärt jänn.

D’Verwendung van Houhner oder Poulet wor an den Këchen van deemools üblich. Genausu wie Hogt ass Poulet oder Houhn einfasch ze ziichten an sie liweren Fleesch an Eier.

Zutaten fir Poule au riz aus dem Schiäffchen

Aus dem Buttik brengen ech Pouletstrempelen an Reis mat, fir watt fir een Reis datts du dëch entscheeds as egal, datt kann deen einfaschen Langkärenreis, Jasmine- oder Basmatireis sen. Ech hualen meestens deen gemëschten. Doheem han ech Botterschmalz oder Ualeg, Ënnen, Knuawléck, Muurten an Iärbessen han ech na an der Truh. Fir deen richtigen Geschmaasch brausch ech dann na Bréit, Salz, Peffer, Oregano, Zitrounensaaft an bëssen Olivenualeg.

Fir datt den Menü gelengt brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eent Gossendëppen mat Deckel, an een Holzeläffel.

Am Loof van den Joeren hat sech d’Rezept vriaan entwéckelt an et se vill regional Varianten entstannen, andeems Zutaten deem lokalen Geschmaasch angepasst jänn sën.

Zoubereedung

De Poulet mat Këchenpapaier drëchen tuppen.

An enger Schossel mëschen ech Salz, Peffer, Oregano, Zitrounensaaft an Olivenualeg, Pouletstrempelen goud mat der Marinade anreiwen an anmasséiren, am besten iwert Nait an den Frigo stellen. Solls du dofir keng Zéckt han, looss d’Fleesch op mannst 2 Stonnen durichzéien. D’Flesch hualen ech fréih genou aus dem Frigo fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.

Hogt jëtt Poule au riz dachs als Familjenässen zoubereet, et ass een gouden, aromatischen Menü deen Léckt beineen brengt. D’Kombinatioun aus zartem Poulet an aromatischem Reis maan dësen Menü zu engem zécktlosen Klassiker.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.

Den Reis wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser bis Waasser kloer ass.

Muurten schiälen ech an schnégden se an Ronselen. An Iärbessen hualen ech aus der Truh fir datt se entdiien kanne.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Am waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz oder Ualeg, do dran brooden ech all rondrëm Pouletstrempelen aan, hualen se raus an leen se op Ségt. Heinsdo krëtt een Poulet deen vill Fett zéiht, datt wor bei mir dës kéier o den Fall, einfasch een Deel vam Fett entsuarigen.

An deem selwischten Dëppen brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan, bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck drënner.

Subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Reis drop an réisteren deen kuurz mat aan.

Als nächst schëdden ech Bréit drop vermëschen alles su datt den Reis komplett bedeckt ass. Hei béid sech natiirlech eng Houhnerbréit aan, watt fir eng datts du hëlls hängt äwer ganz van dengem Geschmaasch aaf. Dann schëdden ech Iärbessen drop an verdeelen Muurten uawen driwer. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

D’Pouletstrempelen leen ech dran an mat Deckel setzen ech datt Ganzt fir 30 Min. an den Schiäffchen.

No deen 30 Min. hualen ech den Deckel raaf, sollt den Poulet am Reis verschwonne sen, hualen ech en raus an leen en op den Reis. Ouni Deckel setzen ech datt dann na eng kéier fir 30 Min. an den Schiäffchen, bis den Poulet goldbrong an d’Hogt knusperig ass.

Dëppen aus dem Schiäffchen hualen an na 5 Min. ruhen loossen. Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Varianten:

  1. An der Provence jëtt dachs Safran ënnert den Poule au riz gemëscht, watt dem Menü eng “goldig” Faaref an een reichen Aroma jëtt.
  2. Während an der Bretagne am platz van Bréit mat Äppelwéng gekooscht jëtt, su datt den Menü een fruuchtigen Aroma krëtt.

Fazit:

Poule au riz ass een Menü, deen Traditioun, Geschmaasch an Gemütlicheet vereent. Egal, ob’s du en fir eent Fest oder als einfascht Mëttig- oder Owesässen zoubereets, begeestert en dech mat sengem köstlichen Aroma an senger reicher Geschicht.

Poule au riz aus dem Schiäffchen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Pouletstrempelen

  • Fir Marinade
  • 2 TL Oregano

  • 2 TL Salz

  • 1,5 TL Peffer

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 100 ml Olivenualeg

  • Reis
  • bëssen Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

  • 300 g Langkärenreis, grëndlich gewäsch ( oder Basmati, Jasmine)

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 Muurten, an Ronselen geschnidden

  • 100 g Iärbessen, TK

  • 700 ml Bréit (Houhn oder Geméiss)

  • Salz

  • Peffer

Zoubereedung

  • De Poulet mat Këchenpapeier drëchen tuppen.
  • Sämtlich Zutaten fir Marinade mateneen vermëschen an den Poulet domat anreiwen an goud anmasséiren, am besten iwert Nait an den Frigo stellen op mannst äwer 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
  • D’Fleesch fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt et viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kann.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An engem waarmen Gossendëppen bëssen Botterschmalz oder Ualeg erhëtzen an den Poulet all rondrëm goldbrong aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • Sollt d’Fleesch zevill Fett gezujen han een Deel entsuarigen.
  • An deem selwischten Dëppen op mëttel Hëtzt d’Ënnen aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann den Knuawléck ënnermëschen, an subal deen aafänkt mat rauschen den Reis drop schëdden an kuurz mat anréisteren.
  • Bréit drop schëdden goud vermëschen su datt den Reis ganz bedeckt ass, dann Iärbessen an Muurten driwer verdeelen. Schmaaschen an mat Salz an Peffer würzen.
  • De Poulet drop leen an mat Deckel am Schiäffchen 30 Min. brooden.
  • No deen 30 Min. den Deckel raaf hualen an na eng kéier fir 30 Min. an den Schiäffchen stellen. Sollt d’Fleesch am Reis verschwonne sen raus hualen an rëm uawen drop leen. De Poulet soll sching goldbrong an d’Hogt soll knusperig jänn.
  • Noom brooden den Poulet 5 Min. ruhen loossen an mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*