Poulet bonne femme

Poulet à la bonne femme

“Poulet à la bonne femme” as eent aalt herzhaft franiischt Pouletrezept, datt saaftigen Poulet mat knusperigem Speck an zart Gromperenscheiwen kombinéiert. Dëst Ässen vereent zart Aromen an as een klassischen Menü fir all Liebhaber van der fransiischer Këchen. Perfekt fir Familjenässen, wanns du deng Léckt mat engem gouden Geschmaasch verwiännen wëlls. Et as eent aalt Rezept an hat een klengen Update verdéint.

Fleesch virbereeden.

  • De Poulet schnégden ech an Stecker, salzen en an lossen en iwert Nait am Frigo durich zéien. Du kanns Hogt raaf hualen, dodurich jëtt dësen Menü mi liit. Knusperig Hogt vam Poulet as äwer ëmmer eppes goudes dorfir bleift se bei mir draan.
  • Den Daag drop jëtt den Poulet na gepeffert. Du kanns zousätzlich o na anner Gewürzer oder Krégder notzen, ganz no dengem Geschmaasch. Ech han na Thymian, Rosmarin, Oregano an Basilikum gehollt fir Fleesch ze würzen.
  • De Speck schnégden ech an kleng Würfelen. An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden den Speck dodran knusperig aan, deen jëtt rausgehollt an op Ségt gestallt.
Speckwürfel
  • An deem selwischten Fett brooden ech den Poulet all rondrëm kräftig aan, deen o raus hualen an op Ségt stellen.
Poulet

Geméiss virbereeden

  • De Knuawléck zerreiwen ech fein an d’Ënnen schnégden ech an dënn Halefronselen.
  • Gromperen jiänn geschiällt, an Scheiwen van ongeféier 0,5 cm Déckt geschnidden an gewäsch. An der selwischter Pann an deem Fleesch aangebrooden jiänn as brodden ech Gromperen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Dann mëschen ech d’Ënnen an de Knuawléck drënner an brooden déi o mat aan.
  • Pann hualen ech dann van Plaque, an stellen alles op Ségt bis ech et brausch.

Tipp: Ech han Gromperen gar net gewürzt, de Speck, den gewürzten Poulet an den Brootfond, deen zum Schluss na driwer kënnt brengen genou Aroma mat.

Brooden

  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • Aus Baaschpapeier Schëffer bastelen.
  • An all Schëff 1 Stéck Poulet leen, bëssen Speck, Gromperen mat den Ënnen an Knuawléck rondrëm verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen an ongeféier 30 Min. färdeg garen.
  • Pann an der ech alles gebrooden han, han ech mat bëssen wäisse Wéng aafgeläscht, an deen ankooschen geloss, dann han ech Houhnerfond drop geschott an deen o reduzéiren geloss.
  • 10 Min. firaan Schluss han ech paar Läffelen van dësem Brootfond op dem Poulet verdeelt.

Iddien an Aanpassungen

Fir deem Ganzen een internationalen Geschmaasch ze jiänn kanns du mat verschiddene Gewürzer experimentéiren, wie Kurkuma, Cumin oder Paprikapolwer.

An wie well mi Uawen erwähnt, fir mi eng Gesond Versioun, d’Hogt raaf hualen an de Botterschmalz durich Olivenualeg ersetzen.

Verschidden Geméissverianten kanns du direkt mat am Pack brooden. Wie z.B. Muurten an Stangenzellerie oder Courgetten, Paprika an Kooschelen.

Kuurz viraan Schluss Zitrounenscheiwen driwer verdeelen, su krëtt dëst Ässen een erfrëschenden Aroma.

Pesto, am Platz van klassischem Basilikumpesto kanns du all anneren Krégderpesto hualen, mat engem Tomatenpesto schmëcht dëst Ässen bestëmmt o richtig goud.

An datt Ganzt kann natiirlech o na mat Kiis iwerbaaschen jiänn.

Su kanns du “Poulet ä la bonne femme” an eent zécktgemässt kreativt Ässen verwandelen, datt den Virléiften van Hogt entsprëcht. Denk ëmmer draan, du kanns beim Kooschen Kreativ sen, an alles dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen!

Poulet à la bonne femme

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an Stécker geschnidden

  • Salz

  • Peffer

  • bëssen gedrëchenten Thymian, Rosmarin, Oregano an Basilikum

  • 150 g gewürfelten Speck

  • 1 zerriwen Ziif Knuawléck

  • 1 an dënn Halefronselen geschnidden Ënn

  • bëssen Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden

  • 4-6 mëttelgruuss geschiällt an a Scheiwen geschnidden Gromperen

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Houhnerfond

  • frësch gehackten Péitersilich fir Garnitur

  • 4 Bläder Baaschpapeier an Schëffer gefaalt

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • De Poulet mam Peffer an de Krégder würzen an bei Raumtemperatur stoen lossen.
  • An enger waarmer Pann de Botterschmalz erhëtzen an de Speck dodrann knusperig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann den Poulet all rondrëm kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann Gromperen aanbrooden bis se Faaref kreien. Ënnen mam Knuawléck ënnermëschen an mat aanbrooden. Pann van der Plaque hualen an op Ségt stellen.
  • Papeierschëffer mat 1 Stéck Poulet, bëssen Speck an Gromperen mat den Ënnen an Knuawléck befëllen.
  • Pann an der alles gebrooden jiänn as mam wäisse Wéng aafläschen an deen ankooschen loossen. Den Houhnerfond drop schëdden an bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Am waarmen Schiäffchen an ongeféier 30 Min. durich garen.
  • 10 Min. firaan Schluss den reduzéierten Fond iwert dem Poulet verdeelen.

Notiz

  • Ech han Gromperen gar net gewürzt, den Speck, den gewürzten Poulet an zum Schluss den Brootfond brengen genou Aroma mat.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*