Hähnchen, Petersilie, Pilze, Rahmsosse, Pilzrahmsosse

Poulet an enger Kooschelzooss

Poulet an enger Kooschelzooss as eent köstlicht Ässen, bei deem zart Pouletstécker an enger crémiger Koschelzooss zervéiert jiänn. Zouereedung geht mam aanbrooden vam Pouletfilet oder Pouletstrempelen aan, déi jiänn am Botterschmalz goldbrong aangebrooden.

Watt muss ech wossen?

  1. Auswahl vam Poulet: Wichtig as natiirlech Regional ze koofen. Du kanns Pouletfilet oder Pouletstrempelen notzen. Hual einfasch déi Stécker déi dir am besten schmaaschen.
  2. Kooschelen: Champignons sen meestens Kooschelen déi een wiällt fir dësen Menü ze kooschen, du kanns äwer o mat anneren Kooschelen wie z.B. Shiitake, Pfifferlingen oder Portobello probéiren, su krësse du verschidden Aromen an dengt Ässen.
  3. Kooschelen brooden: Beim brooden van de Kooschelen as opzepassen Pann net ze iwerfëllen. Deel dir Kooschelen op an brood se an paar Etappen, su jiänn se sching brong an jiänn net suvill Waasser aaf.
  4. Würzen: Expirimentéier mat verschidden Gewürzer an Krégder, fir den Geschmaasch aanzepassen. Estragon as z.B een Krot wat goud mam Poulet an de Kooschelen harmonéiert.
  5. Beilaagen: Bei dësem Mneü kanns du vill verschidden Beilaagen zervéiren. Van der normaler Salzgromper bis zu Reis, Nudelen oder Gromperenpürée. Gréint Geméiss wie Broccoli oder gréin Bungen wärten dësen Menü na op.
  6. Garnéiren: Bëssen frësch Bratzelen, Péitersiich oder/an Parmesan brengt net nëmmen zousätzlichen Aroma et as eppes fir Optik.
  7. Rester: Falls Rester iwerig bleiwen kanns du déi am Frigo opbewahren an den Daag drop rëm opwiärmen.

Zoubereedung

Poulet Owes virdraan virbereeden.

Wanns du een ganzen Poulet hëlls, zerdeel deen an 6 oder 8 Stécker, Peffer, Salz, Thymian, Rosmarin, Paprikapolwer an Curyypolwer mat bëssen Ualeg oder Olivenualeg mëschen. De Poulet domat anreiwen an Marinade goud anmasséiren. Iwert Nait an de Frigo stellen. Eng Stonn viraam brooden aus dem Frigo hualen.

Geméiss schnibbelen.

Ënnen, den Knuawléck an de Péitersilich jiänn fein gehackt. Kooschelen mat enger mëller Biischt botzen an a Scheiwen oder an véirel schnégden.

Aanbrooden:

De Schiäffchen op 120°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

An enger waarmer gruuser Pann oder Dëppen de Botterschmalz erhëtzen. De Poulet all rondrëm bei mëttlel Hëtzt goldbrong aanbrooden. Fleesch raus hualen an eng feierfest Form leen, an de Schiäffchen stellen.

Kooschelen an die aromatisch Zutaten.

An der selwischter Pann na bëssen Bottershmalz schmëlzen an d’Ënnen mam Knuawléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann Kooschelen ënnermëschen an déi brooden bis se liit brong sen. Datt Ganzt liit würzen am mam Miähl anstëpsen.

Zooss zoubereeden.

Kooschelen mat der Halschent vam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen. Mam Rest Wéng na eng kéier genau datt selwischt maan. Als nächst Bréit drop schëdden, opkooschen loossen an déi bis op Halschent ankooschen loossen. Zum Schluss Rahm drop schëdden. Schmaaschen evtl. nowürzen. Dann de Poulet rëm dran leen an der Zooss ganz durich zéihen loossen. Stell secher, datt de Poulet ganz durich gegart as an net mi rosa an der Mëtt.

Zervéiren.

De Poulet mat der Zooss op een Teller leen Beilaagen dobai leen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Poulet an enger Kooschelzooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 6-8 Stécker oder 6 Pouletstrempelen

  • Salz & Peffer

  • 1 TL Rosmarin

  • 1 TL Thymian

  • 1 TL Currypolwer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

  • 250 g an dënn Scheiwen geschnidden Kooschelen

  • 2 gehackten Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knauwléck

  • 2 EL Miähl

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 100 ml Rahm

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Peffer, Salz, Thymian, Rosmarin, Paprikapolwer an Curyypolwer mat bëssen Ualeg oder Olivenualeg mëschen. De Poulet domat anreiwen an Marinade goud anmasséiren. Iwert Nait an de Frigo stellen.
  • De Schiäffchen op 120°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen
  • An engem waarmern Dëppen oder déiwer Pann de Botterschmalz erhëtzen. De Poulet all rondrëm kräftig aanbrooden. An eng feierfest Form leen an de Schiäffchen setzen.
  • An deem selwischten Dëppen Kooschelen kräftig aanbrooden, sie kanne Faaref aanhualen. Ënnen an den Knauwléck ënnermëschen an mat brooden. Datt Ganzt liit würzen am mam Miähl anstëpsen.
  • Mat der halschent vam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen. Datt mam rest Wéng na eng kéier widderhualen.
  • Bréit drop schëdden an opkooschen loossen. Bis ongeféier op halschent ankooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Rahm dran schëdden.
  • De Poulet ant Zooss leen an kuurz zéien loossen.
  • Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*