Prinzesi

Hokt hualen ech dech met an die bulgarisch Këchen, mat engem Rezept, datt su simple, einfasch an voller Geschmaasch ass. D’Iddi fir dëst Rezept noozekooschen han ech van enger Studentin déi bei mir schafft. Hat hat mir virgeschwärmt van dësem Ässen, an ech han nogefrooscht an han mech am Internet op Séich gemaat.

Watt ass Prinzesi?

Prinzesi ass eng Bottisch mat Gehacktes dachs vermëscht mat Kiiss, déi am waarmen Schiäffchen gebaasch jëtt. Prinzesi ass eng typisch bulgarisch Spezialitéit, mat där all Kand opwiist. Et ass eent Ässen datt et o just an der Form an Bulgarien jëtt, keent van den Noopischlänner hat dësen Snack. Dobäi ass rem bewissen datt aus deen einfaschsten Zutaten eng richtig Delikatess entstoen kann. Den Ursprong van dëser Bottisch legt gar net wégt an der Vergangenheet, datt watt ech durich nooséichen am Internet fond han, soll dësen Snack an den 60er Joeren entstannen sen, an hat sech ganz siier am ganzen Land verbreet.

Zutaten fir Prinzesi

Traditionell jëtt Prinzesi mat Gehacktes, geriwenem Kiiss, Gewürzer an Brugd gemaat. Gehacktes kanns du hualen watt dir am besten schmëscht, op rengt Randsgehacktes oder gemëscht mat Schwéng, am besten natiirlech ëmmer ongewürztent, su kanns du dech austoben an et ganz dengem Geschmaasch no würzen. Beim Kiiss kanns du een typisch bulgarischen hualen oder een dir am besten schmëscht, ech han Parmesan gehollt. An beim Brugd ass et genau datt selwischt hual datt watts du am léifsten has kuck just datt et mi déck geschnidden ass, du kanns sugar Baguette hualen. Gewürzt jëtt Gehacktes dachs mat enger Gewürzmëschung déi sech “Sharena sol” (faarwigt Salz) nennt, die typisch Zutaten sen Bungenkrogt, Paprikapolwer an Salz, dachs na mat Bochshornklee an Thymian oder o anner Krégder verfeinert. Ech han meng Mëchung fir Fleesch gehollt.

Su han ech Prinzesi zoubereet

Gehacktes virbereeden

Ënnen an Knuawléck han ech geschiält an ganz fein gehackt, watt mi fein, watt den Geschmaasch sech am Gehacktes besser verdeelen kann. Dann mëschen ech na Gehackten Péiterilich, meng Gewürzmëschung fir Fleesch, Salz, de Kiiss an d’Eier drënner. Datt vermëschen ech alles mam Gehacktes, kuck datt Mëschung net ze fest ass, soss verdeelt se sech net goud om Brugd. Sollt se ze fest se kanns du einfasch bëssen Waasser, Olivenualeg oder na eent Ei drënner mëschen.

Wanns du et jären scharef has, kanns du eng frësch Chilischot entkären, fein hacken an mat ënnert Gehacktes mëschen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Bottischen virbereeden

Brugd kanns du mat engem Krégdersalz datts du jären has würzen oder et einfasch su loossen. Dann jëtt Gehacktes om Brugd verdeelt, du kanns datt mat engem Läffel, engem Messer oder einfasch mat den Fanger maan, pass just do drop op datt Gehacktes bis wirklich aan oder sugar liit iwert den Rand vam Brugd verdeelt jëtt, während dem baaschen zéiht datt sech na bëssen zesaammen. Du kanns Gehacktes bëssen mi deck driwer verdeelen oder ganz dënn, ech han Rezepter fond do steht dran ganz dënn driwer schmiären an annerer déi soen ongeféier 0,5 cm bis 1cm déck Schicht driwer verdeelen.

Bottischen baaschen

Bottischen leen ech op eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Blech. De Schiäffchen stellen ech ëm op nëmmen Iäwischthëtzt an setzen Blech op die drëtt Schinn van ënnen. Su loossen ech d’Bottischen ongeféier 20 Min. baaschen.

Zervéiren

Als Topping han ech na an Ronselen geschnidden Ënnen driwer verdeelt, Dachs jëtt o na eent Krégdersalz an evtl. bëssen Chili driwer gestreit. Oder du leechs als Topping datt drop watt dir schmëscht, Tomaten, Oliven….

Tipps

  1. Wanns du Brugd hëlls watt well mi aal ass, jëtt et beim baaschen mi knusperig an et hëllt Aromen besser op.
  2. Experimentéier mat verschidden Kiiszorten an fann su dein perséinlichen Favorit.
  3. Du kanns dës Bottischen o an der Pann brooden. Bei mëttel Hëtzt, bis Brugd knusperig an Gehacktes durich gar ass.

Prinzesi

Schwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 1 Brugd, an mi deck Scheiwen geschnidden

  • Fir d’Gehacktes
  • 500 g Gehacktes

  • 1 Eier

  • 2 TL van menger Gewürzmëschung fir Fleesch (Peffer an Paprikapolwer)

  • 1 TL Salz

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 2 EL Péitersilich

  • 100 g frësch geriwene Kiiss (z.B. Parmesan, Cheddar, …)

  • Optional: 1 rugd Chilischot, entkärt an fein gehackt

  • Topping
  • 1 Ënn, an dënn Ronselen geschnidden

  • oder an Scheiwen geschnidden Tomaten, gehackten Oliven…

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten mam Gehacktes. Pass hei op datt Mëschung net ze fest jëtt, sollt datt den Fall se, bëssen Waasser, Olivenualeg oder na 1 Ei drënner mëschen.
  • Gehacktes verdeelen ech om Brugd, kuck datt Gehacktes biss aan oder sugar liit iwert den Rand ass, beim baaschen zéiht d’Fleesch sech na zesammen. Bottischen op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech leen.
  • De Schiäffchen op Iäwischthëtzt ëmstellen an Blech mat den Bottischen op die drëtt Schinn van ënnen an deen waarmen Schiäffchen stellen an fir ongeféier 20 Min. baaschen.
  • Den Topping driwer verdeelen an direkt zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*