Putensteak op Paprikageméiss

Mengt Rezept fir Putensteak op Paprikageméiss, kombinéiert zart Putenfleesch mat séissem an herzhaftem Paprika. Een Menü deen seng Wuurzelen an der traditioneller “Hausmannskost” hat. Am Loof van den Joeren hat sech dësen Menü viraan entweckelt, fir sech deem modernen Geschmaasch aanzepassen. Hogt ass den Putensteak eent beléift Ässen weltwégt an kann mat vill verschidden Zorten Beilaagen kombinéiert jänn.

Putensteak op Paprikageméiss ass een einfaschen Menü deen siier zouzebereeden ass an ganz bestëmmt denger ganzer Familjen schmëscht.

Wat brausch ech fir Putensteak op Paprikageméiss ze kooschen?

Vill Saaschen brauchst du net fir dësen Menü ze kooschen, aus dem Buttik brengen ech vam Metzler Putensteaks mat an beim Geméiss hualen ech na Paprika mat. Du kanns hei die 3 Zorten hualen oder just déi die dir am besten schmaaschen.

An menger Spënnchen han ech dann na Ënnen, Knuawléck, meng italienisch Krégdermëschung, suwie Salz, Peffer, Miähl an Zitrounen.

Ausserdeem brausch ech dann na, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Pann mat Deckel, een Holzeläffel an eng Zang fir d’Fleesch ze driien.

Tipps fir Putengeschnetzeltes op Paprikageméiss

Mat dësen Tipps kanns du dësen Menü ganz einfasch zoubereeden.

  1. Putensteak koofen: Pass do drop op, goud Qualitéit van Fleesch ze koofen, fir een besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Fleesch richtig aanbrooden: Broot Putensteaks kuurz an kräftig aan, huale et dann aus der Pann. Bleift Fleesch ze lang an der waarmer Pann leien jëtt et jären zii an drëchen.
  3. Geméiss brooden: Geméiss brausch dofir bëssen mi lang, datt kann op mëttel Hëtzt karamelsiséiert jänn an dann mam Zitrounensaaft aafgeläscht jänn. All Geméiss, datt beim brooden Zocker entwéckelt verdrigt ëmmer bëssen Saier an Form van Zitrounensaaft oder Wéng.

Wann lo na die passend Beilaagen fehlen, mat deene kann ech dir o hëlefen, wie z.B. die einfasch Salzgromper oder een lockeren Pilawreis.

Zoubereedung

De Putensteak salzen ech, an loossen en eng halef Stonn durich zéien.

Iwerdeems wäschen an entkären ech den Paprika an schnégden deen an graff Stécker.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg, iwerdeems pefferen ech d’Putensteaks an driien se am Miähl dann brooden se kräftig all rondrëm aan. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt.

An der selwischter Pann brooden op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan an loossen se karameliséiern, sibal déi sching brong sen mëschen ech den Knuawléck mat drënner an brooden deen kuurz mat.

Wann den Knuawléck aafänkt mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner, an loossen deen o karamelsiéiren. Würzen mat Salz, Peffer an italienisch Krégdermëschung an läschen datt ganzt mam Zitrounensaaft.

D’Putensteaks leen ech op den Paprika, leen een Deckel drop an wiärmen déi fir ongeféier 5 Min.

Variéiren kanns du dësen Menü, andeems du mat verschidden Gewürzer experimentéiers wie z.B. Paprikapolwer oder mat Curry.

Putensteak op Paprikageméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Putensteaks

  • 2-3 EL Miähl

  • 3 Paprika, an graff Stécker geschnidden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Olivenualeg

  • Gewürzer
  • Salz

  • Peffer

  • italienisch Krégdermëschung

Zoubereedung

  • D’Putensteaks salzen an eng halef Stonn durich zéien loossen, dann pefferen an am Miähl driien.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an Putensteaks kräftig van 2 Ségten aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden an karamelsiséiern loossen. De Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Subal den Knuawléck aafänkt mat rauschen den Paprika ënnermëschen an deen o karameliséiren loossen.
  • Dann Putensteaks drop leen, een Deckel drop leen an ongeféier 5 Min. wiärmen.
  • Dobäi passt die einfasch Salzgromper, oder een Pilawreis

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*