Quitten-Äppel Gebeets

Quitten stinn fir Gléck, Bestännigkeet, Schingheet, Léift, Fruchtbarkeet an Wäisheet. Ween sech Zéckt fir ankooschen hëllt, kann dann well moies seng Bottisch mat dësen positiven Eegenschaften genéissen. Wees du, Quitten sen bëssen geheimnisvoll Friischten, déi hokt kaum na een kennt – dobäi gehiiren sie zu enger van deen älsten Obstzorten, déi den Mënsch kultivéiert hat.

Eng Quitte gesegt bëssen aus wie eng Mëschung aus Appel an Birr, meest zimlich jäll an mat enger Schaal op der su een Floom driwer wiisst, vriaam verschaffen soll deen aafgriwen jänn. Hei bei eis an Mëtteleuropa sen frësch gepleckten Quitten hart, sauer, batter an ongenéissbar! Datt ass äwer net iwerall su, et jänn o Quittenzorten déi rii kanne gäss jänn, sie bauschen äwer dann bëssen mi waarem Temperaturen. D’Quitten entweckelen rischt hiren wonnerbaren séisslichen Aroma an hiren angenehmen Geroosch wann se gekooscht jänn. Datt ass eigentlich o d’Geheimnis van der Quitte – rischt durich d’Hëtzt entfaalt sie hiren eenzigartigen Goût.

D’Äppel déi een dobäi hualen kann – am léifsten Rambo! Eng goud aal Zort, saaftig an liit séiss-säierlich, die wirklich goud zu den Quitten passt. Well ech äwer keen Äppelboom am Gaart han, an om Maart han ech o keng fond, hualen ech Boskop. De Boskop ass o een traditonellen Appel, mat kräftigem Aroma an enger liiter Säier. Dësen Appel ass eng wonnerbar Wiäll fir mengt Quitten-Äppel Gebeets. Eng anner Zort déi na gehollt kann jänn sen – Elstar.

Zoubereedung

Fir Quitten-Äppel Gebeets schnegden ech die aafgriwen Quitten an d’Äppel kleng, geschiält mussen se net jänn, an o den Batz kann dran bleiwen, datt eenzigt waat ech rausschnegden ass Bléih. Su leen ech alles an d’Waasser datt ech mam Saaft van enger Zitroun vermëscht han, an loossen se eng goud halef Stonn stoen. Datt setzen ech dann op an loossen et opkooschen. Noodeems alles gekooscht hat driien ech Hëtzt raaf an loossen dës Mëschung ongeféier 1 Stonn op niddriger Hëtzt kooschen. Su setzen ech meng Dëppen dann mat Deckel op eng kéil Platz an loossen et 24 Stonnen stoen.

Den Daag drop schëdden ech meng Quitten-Äppel-Mëschung durich eent Dousch an drecken alles fest aus. Gebeets jëtt dodurich mi dréif mais et krëtt äwer vill mi Aroma. Datt mëschen ech mam Zocker an loossen ënner stännigem réiren opkooschen. Iwerdeems Gebeets erhëtzt weechen ech am kaalen Waasser bëssen Gelatine an, deen drecken ech goud aus an schmëlzen en om Waasserbad, oder ech réiren en no an no direkt an datt kooschend Gebeets. Gebeets soll mam Gelatine 4 Min. bis 5 Min. sprudelend kooschen, dobäi stännig dran réiren fir datt et net aanbrennt. Dann driien ech Hëtzt raaf an lossen mengt Gebeets ongeféier 90 Min. op ganz niiddriger Hëtzt kooschen, dobäi ëmmer mol rem dran réiren.

INFO: Gelatine muss net an dëst Gebeets gemaat jänn. Am normalen han Quitten an d’Äppel genou Pektin fir dëst Gebeets ze bannen. Viraan 2 Joer han ech dëst Rezept well gekooscht mat Rambo-Äppel, do han ech keen Gelatine gebrauscht. Dëst Joer han ech et gekooscht mat Boskop, déi haaten vill mi Waasser, su datt ech äwer op Gelatine han mussen zereckgräifen.

Kuurz viran Enn van der Kooschzéckt, kann een Gläser färdeg maan. déi setzen ech bei 100° Grad 15 Min. an den Schiäffchen fir se ze steriliséiren an vir ze wiärmen.

Fir ze kucken op d’Gebeets färdeg as, setzen ech een klengen Teller ant Truh datt deen durich kaal as. Ech maan dann 1 TL Gebeets op den Teller a setzen deen fir 5 Min. an den Frigo, wanns du den Teller dann schief hälls an et leeft naist oder just na ziehflëssig raaf as et goud.

Quitten-Äppel Gebeets

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Kooschzekt

1

Stunde 
Ruhzekt

24

Zutaten

  • 1 kg Quitten

  • 500 g Äppel

  • Waasser

  • Saaft van 1 Zitroun

  • Optional: 2 Stangen Canelle

  • Fir d’Gebeets
  • 900 g Zocker

  • 1 L Quitten-Äppelsaaft

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 1- 3 Bläder Gelatine (pro Liter)

Zoubereedung

  • Quitten an Äppel proper wäschen. Mat engem Handdousch die fein Härercher van den Quitten reiwen. Véirelen, Bléih raus schnegden an dann kleng schnegden. De Batz an Schaal kann draan bleiwen.
  • Du kanns Zirounensaaft lo su iwert Quitten an Äppel jiän, oder du mëchs et direkt mat bëssen Waasser an lees Stecker direkt do dran. Mat Waasser opfëllen su datt Obst just bedeckt as.
  • Optional den Canelle mat dran leen.
  • Opkooschen loossen, an dann 50-60 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
  • Op Ségt stellen, an mat Deckel oder Folie 24 Stonnen ruhen loossen.
  • Fir d’Gebeets
  • Obst durich eent Dousch schëdden an fest auspressen.
  • Op 1 L Saaft maan ech 900 g Zocker an Saaft van 1 Zitroun.
  • Ënner stännigem réiren loossen ech d’Gebeets opkooschen an 4 Min. bis 5 Min. sprudelnd kooschen loossen, dobäi stännig dran réiren fir datt näist aanbrennt,
  • De Gelatine weechen ech an kaalem Waasser an, drecken en goud aus. Du kanns den Gelatine om Waasserbad schmëlzen loossen, oder du mëchs se no an no ënner datt kooschend Gebeets. De Gelatine soll mat kooschen.
  • INFO: Gelatine muss net an dëst Gebeets gemaat jänn. Am normalen han Quitten an d’Äppel genou Pektin fir dëst Gebeets ze bannen. Viraan 2 Joer han ech dëst Rezept well gekooscht mat Rambo-Äppel, do han ech keen Gelatine gebrauscht. Dëst Joer han ech et gekooscht mat Boskop, déi haaten vill mi Waasser, su datt ech äwer op Gelatine han mussen zereckgräifen.
  • Hëtzt driien ech dann raaf, an loossen alles ongeféier 90 Min. kooschen.
  • Kuurz viran Enn van der Kooschzéckt, kann een Gläser färdeg maan. déi setzen ech bei 100° Grad 15 Min. an den Schiäffchen fir se ze steriliséiren an vir ze wiärmen.
  • Dann schëdden ech alles ant Gläser, direkt zou schrauwen an op den Kopp stellen. Su loossen ech se dann paar Min. stoen an driien se rem em.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*