Randsgeschnetzeltes mat Kooschelen an Pasta

Hogt hualen ech dech mat ant Welt van engem Klassiker – Randsgeschnetzletes an enger Kooschelzooss, mat Pasta! Dëst Ässen schmëscht net nëmmen goud mais ass o eng Hommage aan die traditionelle Kooschkonst, déi sech iwer Generatiounen entwéckelt hat.

D’Wuurzelen van dësem Menü reechen ganz déif an die kulinarisch Welt. Ursprünglich inspiréiert van der “Hausmannskost”, hat sech des Kombinatioun van zartem Randfleesch, erdigen Kooschelen enger crémiger Zooss zu engem zécktlosen Klassiker entwéckelt. Et ass eng Bestätigung aan die regional Aromen, aant Konst vam Würzen, déi iwert Joeren wégder verfeinert ass jänn.

Näist mëscht Kooschen mi opreegend wie die Miilechkeet, meng Kreatiounen mat eech ze deelen. Mat nëtzlichen Tipps fir Kooschaafänger jëtt Zoubereedung van dësem Ässen zu engem spillerischen Erliäfniss.

Zutaten

  • Randfleesch, schwätz mat dengem Metzler, datts du jiären Randfleesch has fir Geschnetzeltes ze maan, een gouden Metzler verkeeft dir dann well datt richtigt.
  • Botterschmalz fir ze brooden
  • Kooschelen
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • wäisse Wéng
  • Miähl
  • Randsbréit
  • Rahm
  • Salz & Peffer
  • 300 g Pasta

Du brauchs

  1. Eeng Gossenpann oder een Bräter
  2. eent Dëppen fir Pasta
  3. Messer an eent Schnégdbrett
  4. Kooschläffel

Zoubereedung

Als ischt schnégden ech Fleesch an dënn Streifen, würzen et mat Salz an Peffer vermëschen et goud, an loossen et ongeféier 30 Min. durich zéien.

D’Ënnen an den Knuawléck hacken ech fein.

D’Kooschelen schnégden ech an dënn Scheiwen.

Die Gossenpann setzen ech op Kooschplaque an erhëtzen déi, subal déi waarem ass, maan ech bëssen Botterschmalz dran an brooden Fleesch rondrëm aan, datt hualen ech aus der Pann leen et an eng Schossel an stellen et op Ségt. Wann et vill Fleesch as, brood et an Etappen aan, Fleesch soll brooden an net dënsten.

An der selwischter Pann, brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen an den Knuawléck aan an loossen se karameliséiren. Evtl. na bëssen Botterschmalz dobäi maan. Dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat. bis alles eng sching brong Faaref hat. Rischt dann würzen ech alles liit mat Salz an Peffer.

Karamleiséiren hëllt bëssen Zéckt an aansprosch, et hëleft o näist wanns du Hëtzt rop drigs. Rischt durich datt gemelligt brooden entwéckelen sämtlich Zutaten hiren vollen Geschmaasch.

Wann alles sching brong gebrooden ass, läschen ech datt Ganzt mat bëssen wäissen Wéng aaf an lossen deen ganz ankooschen. Wëlls du keen Wéng hualen kanns du Saaft van enger halwer Zitroun ënnermëschen. Säier déint ëmmer dozou, den Geschmaasch aafzeronnen an ze hiäwen.

Als nächst stëpsen ech Miähl driwer, vermëschen alles goud an schëdden dann Bréit drop, driien Hëtzt dann rem ropp an ënner stännigem réiren lossen ech datt Ganzt opkooschen. Ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen.

Lo kanns du su luass dran denken Waasser op ze setzen fir Pasta ze kooschen. Zooss waart ëmmer opt Pasta, net ëmgedrigt. Waasser natiirlech kräftig salzen. Wann Waasser kooscht Nuddelen dran leen, haal dech beim kooschen van den Nuddelen aan datt watt om Pack steht, schmaasch se äwer fir ganz sëcher ze goen datt se al dente sen.

Iwerdeems Nuddelen kooschen, mëschen ech d’Rahm drënner an leen Fleesch ant Zooss, datt loossen ech dann bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen. Schmaaschen an evtl. na bëssen nowürzen.

Subal Pasta al dente as, schëdden ech se aaf, ech han se direkt ënnert Geschnetzeltes gemëscht. Du kanns se äwer o an bëssen Botter schwenken an bei Geschnetzeltes reechen.

Tipps

Beséich lokal Märt oder die verschidden kleng Buttiker déi an deen letzten Joeren entstannen sen. Deng Wuurzelen aus der Regioun an därs du Liäfs, jëtt all Ässen een ganz perséinlichen Touch.

Randsgeschnetzeltes mat Kooschelen an Pasta

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 600 g Randsgeschnetzeltes

  • Botterschmalz oder Ualeg fir ze brooden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 2 EL Miähl

  • 300 ml Randsbréit

  • 200 ml Rahm

  • Salz & Peffer

  • 500 g Pasta

Zoubereedung

  • Fleesch mat Salz an Peffer würzen, goud vermëschen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Gossenpann oder engem Bräter, Botterschmalz erhëtzen an Fleesch aanbrooden. Wann et vill Fleesch as, maan et an Etappen, Fleesch soll brooden an net dënsten. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt brooden an karameliséiren loossen.
  • Dann Kooschelen ënnermëschen an mat brooden.
  • Subal alles sching brong gebrooden as, liit salzen, pefferen an mam Wéng aafläschen, deen ganz ankooschen loossen.
  • Miähl driwer stëppsen, alles goud mëschen an dann Bréit drop schëdden, ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Goud gesalzent Waasser fir Pasta opsetzen an opkooschen loossen, dann Nuddelen dran leen an no Packaaweisung al dente kooschen.
  • Iwerdeems Nuddelen kooschen, Rahm dobäi schëdden an Fleesch ant Zooss leen an bis op die gewënschten Konsistenz ankooschen loossen. Schmaaaschen, evtl. bëssen noowürzen.
  • Nuddlen aafschëdden an ënnert Geschnetzeltes mëschen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*