Rote Beete

Rugd Rommelszaloot mat waarmer Vinägrette

Moien an menger kulinarischer Welt! Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, fir rugd Rommelszaloot mat enger waarmer Vinäigrette. Eng klassisch Beilaag, déi net nëmmen eng sching Faaref hat, sie hat o eng interessant Geschicht ze erzällen.

Die “Pink Lady” ënnert dem Geméiss, hat su richtig Power ënnert der Schaal. Mat villen wiärtvollen Nährstoffer, Vitaminen an Ballaststoffer kann sie sech zu den “Superfoods” zällen an sie ass Regional an weist domatt o na eng goud Ökobilanz op.

D’rugd Rommel ass eent Wantergeméiss, wann sie an engem kéilen Keller am fiiten Sand gelagert jëtt beift sie Wooschenlang frësch an kann iwert Wantermeent zoubereed jänn.

Die rugd Rommel, o als rugden Mangold bekannt, hat eng faszinéirend Geschicht. Ursprünglich stammt sie aus dem Mëttelmiärraum an reecht bis an datt antik Roum zeréck. Aafanks sen Bläder als Nahrung an Heelplanz geschätzt jänn, rischt am Mëttelalter ass Knoll als Delikatess entdeckt jänn.

Dëst ass eent traditionellt Rezept, su wie Rommel bei eis Doheem zoubereed jänn ass. Die waarem Vinägrette jëtt dëser Zaloot een Hauch van Gemütlichkeet an verstiärikt d’Aromen van der Rommel. Eent Rezept datt einfasch zouzebreeden an voller Geschmaasch ass. Perfekt fir Genéisser an mat menger Beschreiwung an Tipps o fir Kooschaanfänger geegent.

Zutaten

  • rugd Rommelen
  • Olivenualeg oder neutralen Ualeg, Olivenualeg jëtt dëser Zaloot een fruuchtigen, liit nossigen Aroma, während deen neutralen Ualeg sämtlich Zutaten ënnerstëtzt an betount.
  • Essig oder Zitrounensaaft, Rugdewéngessig betount deen natiirlechen séissen Aroma van der rugder Rommel an jëtt dëser Zaloot eng ausgeglaschen Säier, deen fruuchtigen Aroma harmonéiert mat sämtlichen Zutaten. Wäissewéngessig suarigt fir eng kloer an scharef Säier, déi dëser Zaloot Frëschhheet jëtt, ideal wann een kräftigen Geschmaasch gewënscht jëtt. Äppelessig brengt een liiten séissen Aroma an hat eng mëll Säier, déi een harmonischen Kontrast zu deem natiirlechen séissen Aroma van der Rommel bild. Zitrounensaaft jëtt dëser Zaloot een frëschen zitrusartigen Aroma mat enger liiter Säier, den Geschmaasch ass dachs mi mëll an fruuchtig am Vergläich zum Essig.
  • Ënnen
  • Mostert
  • Salz, Peffer an Lorbeerblaad
  • frëschen Péitersilich

Experimentéier mat deene verschiddenen Zorten Ualeg, Essig oder Zitrounensaaft, du kanns o verschidden Zorten mateneen kombinéiren fir dengem Zaloot su eng interessant Geschmaaschdynamik ze jänn.

du brauchs

  1. Eent Dëppen fir Rommelen ze kooschen
  2. Eent Brett an eent Messer
  3. Eng Mandoline
  4. Eng Schossel
  5. Een Schniibiäsem
  6. Eng Kasserole fir Vinägrette

Zoubereedung

Die rugd Rommelen leen ech an eent Dëppen, bedecken se komplett mat Waasser an setzen se op Kooschplaque, subal Waasser kooscht driien ech d’Hëtzt raaf an kooschen Rommelen an ongeféier 40 Min. mëll. Ech picken dofir eng kéier mam Kneipchen ant Rommel wann deen sech einfasch an ouni Widerstand ant Rommel drecken lisst ass se mëll. Déi schëdden ech dann aaf an loossen se ganz auskéielen.

Rote Beete

Dann doen ech Händschen aan, schiälen Rommelen an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen, déi leen ech an eng Schossel.

Rote Beete

D’Ënnen hacken ech fein an mëschen se ënnert Rommelen. Du kanns d’Ënnen o ënnert Vinägrette mëschen an mat erhëtzen.

Zwiebeln

An der Kasserolle vermëschen ech mam Schniibiäsem den Ualeg, Essig, Mostert an Gewürzer. Déi setzen ech op Kooschplaque leen Lorbeerblaad dran an erhëtzen se, sie soll äwer net kooschen.

Vinägrette

Die waarem Vinägrette schëdden ech iwert Rommelen an vermëschen alles goud mateneen. Wann Zaloot aafgekéielt ass mëschen ech na gehackten Péitersilich drënner.

Tipps

  1. Do Händschen aan, fir eng Verfiärwung van den Hänn ze vermeiden
  2. Rommelen kanns du well 1 oder 2 Deeg am viraus kooschen an ma Frigo lageren.
  3. Vinägrett kanns du ganz dengem Geschmaasch aanpassen an d’Quantitéiten van den Zutaten variéiren bis se dir schmaaschen.

Varianten

Zousätzlich zu den Ënnen kanns du na kleng gewürfelten Appel ënnermëschen

Mësch Feta-Kiiss, Walnëss an hual Olivenualeg fir eng mediterran Variant ze kreien.

Een Deel vam Ualeg kanns du durich Sauerrahm ersetzen fir su eng crémig Zooss ze kreien.

Rugd Rommelszaloot mat waarmer Vinägrette

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 3-4 rugd Rommelen, gekooscht an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 60 ml Ualeg

  • 40 ml Essig

  • 1 TL Mostert

  • Salz & Peffer

  • 1 Lorbeerblaad

  • 2 EL frëschen gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Die gekooschten an geschnidden Rommelen an eng Schossel leen.
  • Die gehackten Ënnen ënnermëschen.
  • De Mostert, mam Ualeg, dem Essig, den Gewürzer an dem Lorbeerblaad an enger Kasserolle vermëschen an erhëtzen, Vinägrett soll äwer net kooschen.
  • Die waarem Vinägrett iwert Rommelen schëdden an alles goud mateneen vermëschen.
  • Subal Rommelen aafgekéilt sen den Péitersilich ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*