Rustikal Pilon de Poulet mat Geméiss an Reis

An der Këchen jëtt et kaum jätt besseres wie een Menü aus dem Schiäffchen, gemellig geschmort, fir datt sech all Aromen goud mateneen verbannen.

Meng Iddi wor eigentlich Geméiss aus  dem Schiäffchen ze maan mat Pilon de Poulet, well ech äwer alles zesaammen an eng gruus Pann gleit han, an zousätzlich Pelati ënnergemëscht han, hat sech eng aromatisch Zooss gebild déi alles mateneen verbonnen hat.

D’Mëschung van Poulet, Geméiss an Reis ass eng Variabel Kombinatioun, datt an villen Kulturen beléift ass. Grondzutaten lossen sech ganz dengem Goût no variéiren an aanpassen.

Zutaten fir meng rustikal Pilon de Poulet mat Geméiss an Reis

1. Pilon de Poulet

  • D’Fleesch ass Herzstéck van dësem Menü. Sie bleiwen durich d’Schanken an d’Hokt saaftig an jänn hiren Aroma aan d’Geméiss aaf.

2. Langkärenreis

  • Den Reis ass hei déi Zutate déi den Goût drigt, well en sämtlich Aromen vam Fleesch an vam Geméiss ophëllt

3. Courgette

  • D’Courgette brengt een liiten séissen Goût an eng zart Textur an dëst Ässen. Sie enthält vill Waasser, datt dozou beidrigt datt den Reis saaftig bleift.

5. Paprika

  • De Paprika brengt Faaref ant d’Spill an een natiirlich séissen Aroma. Deen rugden an jällen ass mi mëll am Goût, während deen gréinen een liit herben, batteren Goût matbrengt.

6. Ënnen

  • D’Ënnen sen an villen Menüer die aromatisch Basis, genau su ass et hei.

7. Knuawelek

  • De Knuawelek brengt een intensiven herzhaften Goût, en ass menger Meenung no an villen Menüer onverzichtbar. Dodurich, datt ech den Knuawelek su am Ualeg mat kooschen verléierten seng Schiäreft bal ganz an krëtt een wonnerbaren Goût. Ech kann net direkt soen en ass conféiert, beim conféiren jëtt den Knuawelek bei 90°C bis 100 °C am Ualeg 45 Min. bis 1 Stonn gegart an en jëtt dodurich na mi mëll am Goût.

8. Pelati

  • De Pelati verstiärikt den Umami-Goût an brengt een liit séisslichen Aroma mat.

Gewürzer

  • Salz & Peffer
  • gedrëchenten Oregano
  • séisst Paprikapolwer
  • Olivenualeg
  • Bëssen Zitrounensaaft

Zoubereedung

  • Pilon de Poulet han ech mat paar EL Olivenualeg, Salz, Peffer an dem Paprikapolwer vermëscht an fir 2 Stonnen an den Frigo gesatt an durichzéien geloss.
  • D’Courgette han ech grëndlich gewäsch an op der Mandoline an dënn Scheiwen geschnidden, déi han ech gesalz, goud vermëscht an eng Sei geleit an su iwerschëssigt Waasser aafdrëpsen geloss.
  • 2 Ënnen han ech an graff Stecker geschnidden an 1 Ënn han ech fein gehackt
  • De Knuawelek han ech geschiält an, an eent klengt feierfest Dëppchen geleit.
  • De Paprika han ech grëndlich gewäsch, entkärt an, an graff Stecker geschnidden.
  • De Reis wäschen ech grëndlich bis d’Waasser kloer ass.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt fir.

An enger grusser Pann vermëschen ech die graff geschnidden Ënnen mam Paprika an den Courgetten an dem Pelati, datt würzen ech mat Salz, Peffer an bëssen Oregnao.

De Knuawelek würzen ech mat Oregano, Salz an Peffer an fëllen Dëppchen mat Olivenualeg op su datt den Knuawelek just bedeckt ass. Datt setzen ech zwëschent Geméiss an leen den Deckelchen drop, wanns du keent su eent klengt Dëppchen mat Deckel has kanns du et o einfasch mat Sëlwerpapeier zoudecken.

Om Geméiss verdeelen ech meng marninéiert Pilon de Poulet. Su setzen ech datt Ganzt fir ongeféier eng Stonn an deen waarmen Schiäffchen.

Während d’Geméiss an d’Fleesch am Schiäffchen stinn, erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an engem waarmen Dëppen, do dran brooden ech op niddriger Hëtzt die gehackten Ënnen aan, wann déi glasig an mëll sen mëschen ech den Reis drënner an réisteren deen kuurz mat aan. Do drop schëdden ech die duabel Quantiéit aan Waasser (datt heescht, bei 1 Tass Reis, 2 Tassen Waasser). Lossen datt opkooschen, salzen den Reis liit, an op ganz niddriger Hëtzt an mat Deckel loossen ech den Reis quellen bis en d’Waasser komplett absorbéiert hat. Normal loossen ech den Reis gewärden, wann ech äwer mol dran réiren, maan ech datt mat enger Forschette, su bleift en fluffig an d’Kären jänn net zerdreckt.

No der Stonne hualen ech d’Geméiss mam Poulet aus dem Schiäffchen an hualen Dëppchen mam Knuawelek raus, deen leen ech mir op een Teller an trippsen en mat der Forschette kleng.

Geméiss erhëtzen ech op der Plaque, an haalen alles op niddriger Hëtzt waarem, an mëschen deen gekooschten Reis an den Knuawelek drënner. Schmaaschen an ronnen datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf. Op niddirger Hëtzt loossen ech alles paar Min. kooschen, su datt den Reis die ganz Aromen ophualen kann.

Datt verdeelen ech op Telleren an vriaam zervéiren streien ech na bëssen Péitersilich driwer.

Tipps

  • Pass do drop op d’Geméiss zimlich gläichmässig ze schnegden, fir datt et gläichmässig gaart.
  • Behaal den Menü am Au, Pilon sollen sching brong jänn äwer net verbrennen. Du kanns déi zwëschendurich eng kéier driien.
  • Watt fir een Reis soll ech hualen? Ech han well verschidden Menüer su zoubereeed, wie z.B. datt serbischt Reisfleesch do han ech Basmatireis gehollt. Mein Tipp ass äwer een einfaschen Langkärenreis ze hualen. Du kanns deen driekt mat ënnermëschen oder separat kooschen.
  • Würz den Reis net zevill. All die anner Zutaten sen würzig genou, trotz datt den Reis rischt zum Schluss ënnergemëscht jëtt, drigt en die ganz Aromen.

Varianten

Eent Variabelt Ässen, datts du ganz sengem Goût aanpassen kanns, mat bëssen Safran krëtt dësen Menü eng sching goldig Faaref an een onverwiässelbaren Aroma.

Marinéiers du dengt Fleesch mat Raz el Hanout an du mëchs na zousätzlich gekooschten Kicheriärbessen mat ënnert Geméiss krëss du eng nordafrikanisch Variant van dësem Menü.

Den Reis kanns du durich Couscous oder Bulgur ersetzen.

Rustikal Pilon de Poulet mat Geméiss an Reis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • Fir den Poulet
  • 12 Pilon de Poulet

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • Fir d’Geméiss
  • 1 EL séisst Paprikapolwer

  • 2 Ënnen, an graff Stecker geschnidden

  • 1 mëttelgruuss Courgette, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 4 Paprika, entkärt an graff Stecker geschnidden

  • 500 ml Pelati

  • Salz an Peffer

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • Fir den Knuawelek
  • 4 Ziiwen Knuawelek, geschiält

  • bëssen Olivenualeg

  • 0,5 TL Salz

  • 0,5 TL Peffer

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • Fir den Reis
  • 200 g Langkärenreis

  • 400 ml Waasser

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • Olivenualeg

  • bëssen Salz

Zoubereedung

  • De Poulet mëschen ech mam Olivenualeg an den Gewürzer an stellen en fir ongeféier 2 Stonnen an den Frigo
  • D’Courgettenscheiwen leen ech an eng Sei an salzen se liit, su loossen ech se ongeféier 30 Min. stoen, fir datt d’Waasser an evtl. Battersctoffer auszéien kannen. Dono wäschen ech se grëndlich ënner fleissendem kaalen Waasser aaf.
  • Datt Ganz geschniddent Geméiss leen ech an eng gruuss Pann, schëdden den Pelati drop, würzen mat Salz an Peffer an vermëschen alles goud mateneen.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An engem klengen Dëppchen mëschen ech den Knuawelek mat den Gewürzer an fëllen Dëppchen mat Olivenauleg op su datt den Knuawelek just bedeckt ass. Dann leen ech den Deckel op Dëppchen an setzen et zwëschent Geméiss an d’Pann.
  • Om Geméiss verdeelen ech de Poulet.
  • Datt setzen ech dann fir ongeféier 1 Stonn an deen waarmen Schiäffchen.
  • iwerdeems d’Fleesch an d’Geméiss am Schiäffchen steht, kooschen ech den Reis, dofir brooden d’Ënn aan bis se glasig an mëll ass, äwer ouni datt se Faaref krëtt, dann mëschen ech den Reis drënner an réisteren deen kuurz mat aan. Als nächts schëdden ech d’Waasser drop, salzen liit an loossen den Reis opkooschen, dono driien ech Hëtzt op ganz niddrig an loossen den Reis quellen bis en die ganz Flëssigkeet absorbéiert hat.
  • No der Stonn hualen ech d’Geméiss aus dem Schiäffchen an setzen et bei niddrig Hëtzt op Plaque. De Schiäffchen driien ech op 80°C raaf. De Poulet leen ech op een Teller an setzen en an den Schiäffchen fir en waarem za haalen.
  • Dëppchen mam Knuawelek hualen ech aus dem Geméiss an schëdden den Knuawelek op een Teller, deen tripsen ech mat enger Forschett kleng.
  • Geméiss erhëtzen ech op der Plaque, an haalen alles op niddriger Hëtzt waarem, an mëschen deen gekooschten Reis an den Knuawelek drënner. Schmaaschen an ronnen datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf. Op niddirger Hëtzt loossen ech alles paar Min. kooschen, su datt den Reis die ganz Aromen ophualen kann.
  • Datt verdeelen ech dann op Telleren an leen den Poulet uawen drop, viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*