Salade paysanne

Salade paysanne, oder Baurenzalooten jänn et an villen Länner an Regiounen. Sie ënnerscheeden sech äwer aan hiren Zutaten an Zoubereedungsarten, ëmmer aafhängig van deen lokalen Traditiounen, deen kulinarischen Virléiften an van deen lokalen Zutaten déi zur verfügung stinn.

De Baurenzaloot hat sein Ursprong wahrscheinlich an der traditoneller ländlicher Këchen. Dës Zalooten spéijelen dachs Verfügbarkeet an d’Veraarbischtung van einfaschen Zutaten déi beim Bauer ze fannen woren. An landwirschaftlichen Gemeinschaften woren d’Lékt dorop aangewisen, mat deem ze schaffen watt sie selwer aangebaut an produzéiert han. Doraus sen Rezepter entstannen, déi regional an saisonal Zutaten wie frëscht Geméiss, Kiiss, Eier an heinsdo Fleesch oder Fësch beinhalten.

Zutaten fir meng Salade paysanne

Aus dem Buttik brengen ech mir een Bläderzaloot mat, et ass egal watt fir een, du kanns o verschidden Zorten mëschen. Dann brausch ech na gréin Bungen, Gromperen, Kiischtentomaten. Fr Protein suarigen Eier, an fir deen rischtigen Geschmaasch kommen Schalotten, Knuawléck an eng einfasch Vägrette an den Asatz. Fir déi brausch ech Wäissewéngessig, Olivenualeg, Dijon-Mostert, Salz, Peffer, Bratzelen an Péitersilich. An den Salade paysanne kommen o na knusperig gebrooden Speckgréiwen dran, déi han ech äwer fort geloss, ech han am Platz Croûton’en aus enger Laugenbretzel driwer verdeelt.

Ausserdeem brausch ech, eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Sei, eng Zalootenschleider, eng Casserole, eng kleng an eng gruuss Schossel, een Schniibiäsem, an eent mat Baaschpapaier ausgeleitent Blech.

Zoubereedung

Traditonell kommen an d’Salade paysanne gekooschten Gromperen, well ech äwer bëssen mi Geschmaasch han well, schiälen ech meng Gromperen, mëschen se an enger Schossel mat 2 El bis 3 EL Olivenualeg, Salz an Peffer, verdeelen se dann op engem mat Baaschpapeier ausgleiten Blech an baaschen se am virgewiäremten Schiäffchen bei 180°C Ëmloft.

D’Laugenbretzel han ech kleng gewürfelt, mat 1 EL bis 2 EL Olivenuleg vermëscht an 20 Min. durichzéien geloss. Déi han ech an enger waarmer Pann knusperig gebrooden. Du kanns se äwer o noodeems Gromperen färdeg sen op engem Blech verdeelen an am Schiäffchen knusperig baaschen.

Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stinn, botzen ech Bungen an schnégden se eng kéier durich, déi kooschen ech am Salzwaasser ongféier 7 Min. bis 10 Min. noom aafschëdden am Äiswaasser aafschrecken, su ass den Kooschprozess direkt ënnerbroosch an Bungen behalen hir sching gréin Faaref.

D’Schalotten schiälen ech an schnégden se an dënn Ronselen. De Knuawléck jëtt geschiällt, mat der platter Ségt vam Messer platt gedreckt an fein gehackt.

Den Zaloot botzen ech, dann wäschen ech en an, an der Zalootenschleider drëchnen ech en. Kiischtentometen wäschen ech an halbéiren se.

D’Eier kooschen ech hart. Du kanns äwer selwer entscheeden wie’s du deng Eier jären om Zaloot has, op als Spéijelei, Eiertriwel oder eent pochéiert Ei.

An enger Schossel mëschen ech den gehackten Knuawléck, mam Moster, dem Essig Salz an Peffer, ënner stännigem réiren schëdden ech gemellig den Olivenualeg dobäi, su datt eng Emulsioun an cremig Vinägrett entsteht. Dann mëschen ech deen gehackten Péitersilich an Bratzelen drënner.

Subal Gromperen durich mëll sen, aus dem Schiäffchen hualen an aafkéilen loossen.

An enger Schossel mëschen ech den Zaloot, mat den Bungen, den Gromperen an den Tomaten.

Als nächst verdeelen ech d’Schalotten an die graff gehackten Eier driwer, an schëdden d’Vinägrette drop.

Als Topping kommen dann na Croûton’en driwer.

Tipps & Varianten

  • Hual frësch, regional Zutaten fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  • Du kanns na zousätzlich Oliven an Anchois mat ënnermëschen.
  • Ergänz deng Zaloot mat Äppel an maan Vinägrette mat Äppelessig.
  • Am Platz van den Bungen kanns du o Sauert Mouss hualen.

Salade paysanne

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 gréinen Kappzaloot, (Andéiven, Batavia, Laitue…), wäschen an, an der Zalootenschleider drëchnen

  • 200 g gréin Bungen, gebotzt an halbéiert

  • 200 g Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 200 Kiischtentomaten, halbéiert

  • 2 Schalotten, an dënn Ronselen geschnidden

  • 4 Eier, hart gekooscht

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • 1 EL Dijon-Mostert

  • 120 ml Wäissenwéngessig

  • 300 ml Olivenualeg

  • Salz & Peffer

  • gehackten Péitersilich an Bratzelen

  • 1 Laugenbretzel, kleng gewürfelt

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen. Gromperen op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. baaschen, bis se mëll sen. Aafkéilen loossen.
  • D’Laugenbretzel an eng Schossel leen mat 1 El bis 2 EL Olivenualeg vermëschen an 20 Min. bis 25 Min. durich zéien loossen. An enger waarmer Pann knusperig brooden.
  • D’Bungen am kooschenden Salzwaasser ongeféier 7 Min. bis 10 Min. bëssfest kooschen, aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken.
  • Fir Vinägrette, den Mostert, Essig, Salz, Peffer an Knuawléck goud vermëschen. No an no an ënner stännigem réiren den Olivenulaeg dobäi schëdden su datt eng cremig Vinägrette entsteht. Den Péitersilich an Bratzelen drënner mëschen.
  • An enger Schossel den Zaloot, Bungen, Gromperen an Tomaten mateneen vermëschen. Die graff gehackten Eier an d’Schalotten driwer verdeelen. Vinägrett drop schëdden an als Topping Laugenbretzelcroutons driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*