Souvlaki ass eent Stéck van der griechischer Ässkultur, saaftig Fleeschspiesser, aromatisch marinéiert an am besten gegrillt oder gebrooden. Eent Ässen datt wégt an d’Antik zereckreecht. Die aal Griechen han well Fleeschspiessercher zoubereet, bekannt als „obelisko“ déi op Holzkualen gerillt se jiän. Hokt ass Souvlaki eent Symbol fir mediterranen Genoss.
Am Platz der einfascher Pita-Variant jiët et hokt bei mir Suvlaki op Kurkumaräis, eng Zaloot mat gebroodene Kiischtentomaten an ganz vill Knuaweleksjoghurt

Watt mëcht dëst Rezept aus?
- Einfasch Zoubereedung, d’Marinade ass siier zoubereet.
- Aromatisch, Krégder, Zitroun an Knuawelek brengen datt best aus der mediterraner Këchen op dein Teller.
- Eent Ässen datt dozou anlitt et gemeinsam mat Familjen an Frënn ze genéissen.
Den Zauber van den Zutaten
De Knauwelek harmonéiert perfekt mat deem saaftigen Fleesch an jiët dem Joghurt die perfekt Würzigkeet.
D’Zitroun mëcht d’Fleesch zart an jiët dem Joghurt eng angenehm Frëschheet.
Oregano, onverzichtbar fir den typischen Souvlaki-Goût. D’Krégder brengen die mediterran Séil an d’Spill.
Kurkuma, fiäreft den Räis sching jiäll an brengt zu deem würzigen Goût een feinen herben Kontrast.
Griechischen Joghurt mëcht dëst Ässen liit an wonnerbar crémig.
An Looss, Schratt fir Schratt zu deen würzigen Suvlaki!
1. D’Fleesch marinéieren
Fir datt d’Fleesch su richtig saaftig an würzig jiët marinéiren ech et am besten iwert Nait, op mannst äwer fir 3 Stonnen am Frigo.
TIPP aus menger Këchen: hual Pouletfilet oder Schwengefleesch, die 2 Zorten bleiwen wonnerbar zaart. Falls du et na mi saaftig wëlls kanns du o Poueltstremplen ouni Schank hualen.
Su jiän se gemaat:
D’Fleesch schnégden ech an Würfel van ongeféier 2cm bis 3cm.
An enger Schossel mëschen ech Olivenualig, Zitrounensaaft, Mostert, Knuawelek, Oregano, Salz an Päffer, datt püréieren ech mam Stabmixer, su entsteht eng Emoulsioun an d’Marinade pëscht su perfekt aam Fleesch.
D’Marinade schëdden ech op d’Fleesch an vermëschen alles goud, datt setzen ech dann zougedeckt iwert Nait an de Frigo. Wanns du net die Zékt has, d’Fleesch op mannst 3 Stonnen am Frigo marinéiren.
EXTRA-TIPP: Wanns du Holzspiesscher notz, déi fir 15 Min. an kaalt Waasser leen, fir datt se während dem Grillen net verbrennen.

2. Su gelengt deen perfekten Räis
Den Räis wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser bis d’Waasser kloer ass.
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran gehackten Ënnen op mëttel Hëtzt bis se mëll sen an goud rauschen.
Dann mëschen ech den Raïs drënner an réisteren deen kuurz mat aan.
Als nächst schëdden ech Bréit oder Waasser drop, schmaaschen an salzen datt Ganzt, fir die sching jiäll Faaref mëschen ech dann na bëssen Kurkuma drënner.
Do leen ech dann den Deckel drop an loosen den Räis op niddriger Hëtzt quellen bis en d’Waasser absorbéiert hat.
TIPP aus menger Këchen: O wann den Räis viraan den Spiessercher färdig ass, ass datt keen Problem, klemm eent propert Dousch oder Këchenpapaier zwëschen den Deckel, dodurich jiët den Räis na mi fluffig an en hällt locker d’Hëtzt fir op mannst 1 Stonn.

3. Deen crémigen Knuawelekjoghurt, deen perfekten Dip
Dësen Joghurtdip ass d’Herzstéck van dësem Ässen, mëll, crémig mat engem feinen Knuawelekaroma.
Dofir mëschen ech an enger Schossel griechischen Joghurt mat bëssen Mayonnaise, Zitrounensaaft, fein gehacktem Knuawelek, gehacktem Péitersilich an Salz.
Am besten den Dip well 1 Stonn viraam zervéiren zoubereeden su han d’Aromen genou Zékt fir sech mateneen ze verbannen.

4. Souvlaki grillen!
Lo kënnt deen spannensten Deel, d’Fleesch kënnt op den Grill oder an d’Pann. Dofir d’Fleesch well eng Stonn vriaam brooden aus dem Frigo hualen, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann.
WICHTIG: De Grill oder Pann sollen goud waarem sen, just su krëss du die perfekt Röstaromen.
D’Fleesch spiessen ech op d’Spiessercher op, dobäi ne ze fest openeen drécken fir datt alles gläichmässig gart.
De Grill oder Pann wiärmen ech op mëttel bis hii Hëtzt vir.
D’Spiessercher brooden ech bis se durich gar an goldbrong sen, dobäi ëmmer rëm driien.
EXTRA-TIPP: Du kanns d‘Spiessercher o am waarmen Schiäffchen bei 200°C Ëmloft brooden. No 10 Min. Brootzékt eng kéier driien an fiärdig brooden.
Dobäi han ech eng Réimerzaloot mat gebroodenen Kischtentomaten gemaat. Dofir han ech eng Pann erhëtzt an Tomaten op hiier Hëtzt mat bëssen Olivenualig gebrooden, ech han se net gewürzt.

Zervéiren
De Räis han ech op Telleren verdeelt, do drop han ech Spiessercher geleit, dann han ech Zaloot dobäi geleit an die waarem Tomaten do drop verdeelt. Iwert deen ganzen Teller han ech dann den Joghurtdip verdeelt. Garnéiert han ech datt Ganzt dann na mat an dënn Ronselen geschnidden Ënnen.
Fazit
Die mediterran Aromen op dengem Teller. Würzig, saaftigt Fleesch trëfft op crémigen Joghurt an aromatischen Räis. Eent einfascht Ässen, datt no Vakanz schmëscht.
Probéier et aus an loss mech woossen wie et dir geschmaascht hat! Deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane, ech sen well gespannt.
Souvlaki mat Kurkumaräis an Joghurtdip
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen12
StonnenZutaten
800 g Fleesch, an Würfel van 2cm bis 3cm geschnidden
Holz- oder Metallspiessercher
wanns du Holzspiessercher hëlls, wässer se firtischt, sie verbrennen dir soss om Grill.
- Fir Marinade
100 ml Olivenualeg
2 EL Moster
Saaft van 0,5 Zitroun
1 EL gedrëchenten Oregano
3 Ziiwen gehackten Knuawléck
Salz & Päffer
- Fir den Räis
1 Ënn, fein gehackt
Olivenualig fir ze brooden
250 g Rais, gewäsch (Langkären, Basmati oder Jasmin)
500 ml Bréit oder Waasser
0,5 TL Kurkuma
Salz
- De Joghurtdip
150 g griechischen Joghurt
2 EL Mayonnaise
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt oder zerriwen
1 EL Zitrounensaaft
2 EL gehackten Péitersilich
Salz
- Fir Zaloot
1 Réimerzaloot, an Sträifen geschnidden an gewäsch
200 g Kiistentomaten, gewäsch
Zoubereedung
- Marinade fir d’Fleesch
- An enger Schossel mëschen ech Olivenualig, Zitrounensaaft, Mostert, Knuawelek, Oregano, Salz an Päffer, datt püréieren ech mam Stabmixer, su entsteht eng Emoulsioun an d’Marinade pëscht su perfekt aam Fleesch.
- D’Marinade schëdden ech op d’Fleesch an vermëschen alles goud, datt setzen ech dann zougedeckt iwert Nait an de Frigo. Wanns du net die Zékt has, d’Fleesch op mannst 3 Stonnen am Frigo marinéiren.
- De Räis
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran die gehackten Ënn op mëttel Hëtzt bis se mëll ass an goud rëscht.
- Dann mëschen ech den Raïs drënner an réisteren deen kuurz mat aan.
- Als nächst schëdden ech Bréit oder Waasser drop, schmaaschen an salzen datt Ganzt, fir die sching jiäll Faaref mëschen ech dann na bëssen Kurkuma drënner. Do leen ech dann den Deckel drop an loosen den Räis op niddriger Hëtzt quellen bis en d’Waasser absorbéiert hat.
- De Joghurtdipp
- Dofir mëschen ech an enger Schossel griechischen Joghurt mat bëssen Mayonnaise, Zitrounensaaft, fein gehacktem Knuawelek, gehacktem Péitersilich an Salz.
- Am besten den Dip well 1 Stonn viraam zervéiren zoubereeden su han d’Aromen genou Zékt fir sech mateneen ze verbannen.
- Grillen oder brooden
- D’Fleesch spiessen ech op d’Spiessercher op, dobäi ne ze fest openeen drécken fir datt alles gläichmässig gart. De Grill oder Pann wiärmen ech op mëttel bis hii Hëtzt vir.
- D’Spiessercher brooden oder grillen ech bis se durich gar an goldbrong sen, dobäi ëmmer rëm driien.
- Zaloot
- Dobäi han ech eng Réimerzaloot mat gebroodenen Kischtentomaten gemaat. Dofir han ech eng Pann erhëtzt an Tomaten op hiier Hëtzt mat bëssen Olivenualig gebrooden, ech han se net gewürzt.