Taboulé mat rugde Rommelen

Taboulé as een traditonellen Zaloot aus der Levante-Regioun am nohen Osten, deen besonnëch an Länner wie den Libanon, Syrien an der Türkei beléift as. D’Hauptzutaten vam Tabloué sen fein gehackten Péitersilich, Mënz, Tomaten, Cornichon, Ënnen, an Bulgur, gewürzt jëtt dës Zaloot mat Olivenualeg, Zitrouensaaft, Salz an Peffer. Taboulé as bekannt fir sein erfrëschende Geschmaasch, deen van deen frëschen Krégder an dem Zitrounensaaft kënnt. Taboulé as dachs Deel oder Beilaag van engem Mezze-Plateau. Dës Zaloot as eng wonnerbar Optioun fir Vegetarier oder Veganer an kann ganz einfasch deem perséinlichen Geschmaasch aangepasst jiänn.

Wat as Bulgur?

Bulgur as eent Kärenprodukt, datt aus Hartweizen produzéiert jëtt. Dobäi jëtt den Weess firtischt gekooscht, gedrëchent an anschliessend graff gemahlen. Bulgur hat eng beige Faaref an eng kärig Textur. En as an villen Këchen weltwégt beléift an jëtt dachs an Zalooten, Zoppen, am Gratin an anner Ässen verschafft. Bulgur as Grondzutat am Taboulé-Zaloot, en as siier gemaat an hat een liit nossigen Geschmaasch.

Wie jëtt Bulgur zoubereed?

  1. Bulgur auswiällen, et jiänn verschidden Zorten Bulgur, dorënner fein gemahlenen an graff gemahlenen. Wiäll déi Zort, déi dengem Rezept entsprëcht.
  2. Bulgur wäschen, wäschen déint dozou, Stärke an iwerschëssig Partikelen fort ze kreien.
  3. Flëssigkeet erhëtzen, Waasser, Bréit oder all enner Flëssigkeet muss firtischt opgekooscht jiänn. Verhältnis as ähnlich wie beim Reis 1:2 (1 Deel Bulgur, 2 Deeler Flëssigkeet). Datt kann allerdings bëssen variéiren, deemno watt fir eng Zort Bulgur gehollt jëtt.
  4. Bulgur ënnermëschen, Wann Flëssigkeet kooscht, Hëtzt op den Minimum raaf driien an den Bulgur ënnermëschen. Den Deckel drop leen an den Bulgur 10 Min. bis 15 Min. quellen loossen. An o hei hängt Zéckt ëmmer dovaan aaf, watt fir een Bulgur gehollt jëtt.
  5. Würzen, schmaaschen, an mat Salz, Peffer an anner Gewürzer würzen.
  6. Fluffen, noodeems den Bulgur gequellt as, mat enger Forschette oplockeren. Dono kann den Bulgur zervéiert jiänn.

Geméiss fir den Taboulé virbereeden.

Tomaten han ech grëndlich gewäsch halbéiert, de Stronk raus geschnidden, entkärt an dann kleng gewürfelt.

Cornichon han ech geschiällt, halbéiert, entkärt an o an kleng Würfel geschnidden. Déi leen ech äwer an eng Sei, an salzen se liit su datt Waasser auszéien kann. Viraam Gebrausch grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen.

Genausu han ech d’Ënnen gewürfelt.

Die rugd Rommelen han ech gekooscht, geschiällt an o an kleng Würfel geschnidden.

Krégder virbereeden

De Péitersilich an d’Mënz han ech fein gehackt.

Vinägrett virbereeden

An enger Schossel, Zitrounensaaft mam Olivenualeg vermëschen, mat Salz an Peffer würzen.

Zaloot mëschen

Deen aafgekéilten Bulgur mat den Tomaten, Cornichon, Ënnen, rugd Rommelen an den gehackten Krégder goud vermëschen. Vinägrett drop schëdden, mëschen an schmaaschen, evtl. na nowürzen.

Taboulé mat rugde Rommelen

Varianten

  • deen klassischen Taboulé, jëtt natiirlech ouni rugd Rommelen gemaat.
  • Kicheriärbessen-Taboulé, Hei jëtt deem klassischen Taboulé, gekooschten Kicheriärbessen ënnergemëscht. Datt jëtt dëser zaloot mi Substanz an Protéin.
  • Quinoa-Taboulé, Statt Bulgur kanns du dës Zaloot o mat Quinoa maan, su as en Glutenfräi. Zoubereedung as die selwischt.
  • Avocado-Taboulé, Bei dëser Variant jëtt zegdig kleng gewürfelt Avocado ënnergemëscht, den Zaloot jëtt dodurich mi crémig an krëtt mi Nähstoffer.
  • Granatäppel-Taboulé, duricht ënnermëschen van Granatäppelkären krëtt den Taboulé een séiss-säierlichen Aroma, watt eng sching Ergänzung zu deene frëschen Krégder as.
  • Feta-Taboulé, hei jëtt zerbröselten Feta ënnergemëscht, den Zaloot jëtt mi crémig an krëtt een liit salzigen Geschmaasch.
  • Lënsen-Taboulé, gekooschten gréin oder brong Lënsen maan dës Zaloot mi proteinräich.
  • Gefëllten Paprika, Taboulé kann an Paprika gefëllt jiänn an dann gebaasch, fir su eent herzhaft Ässen ze kooschen.
Taboulé
klassischen Taboulé

Dës Varianten weisen wie villségtig den Taboulé sen kann. Du kanns Zutaten ënnermëschen an anner Zutaten fort lossen, fir dës Zaloot ganz dengem eegene Geschmaasch aanzepassen. Den Taboulé bleift ëmmer een erfrëschende an gesonden Zaloot.

Taboulé mat rugde Rommelen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 25 g gehackten Péitersilich

  • 15 g gehackten Mënz

  • 80 g Bulgur

  • 160 ml Waasser

  • 2 gewürfelt Tomaten

  • 0,5 gewürfelt Cornichon

  • 1 gewürfelt Ënn

  • 1 gewürfelt kleng rugd Rommel

  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 60 ml Olivenualeg

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

Zoubereedung

  • De Bulgur wäschen an goud aafdrëpsen loossen.
  • Iwerdeems Waasser opkooschen, subal datt kooscht, Hëtzt op den Minimum raaf driien an den Bulgur ënnermëschen. Mat Deckel op der Plaque ongeféier 15 Min. quellen loossen. Subal en färdeg as, no Geschmaasch würzen an op een kaalen Teller auserneen leen, fir datt en mi siier aafkéilt.
  • Datt ganz kleng gewürfelt Geméiss mat den Krégder vermëschen.
  • Fir Vinägrette, Zitrounensaaft mam Olivenualeg vermëschen an mat Salz an Peffer würzen.
  • Deen aafgekéilten Bulgur an Vinägrette ënnert Geméiss mëschen. schmaaschen an evtl. nowürzen. Taboulé

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*