Tomatensuppe

Tomatenzopp mat klengen Bouletten

Geheimniss van dëser köstlicher Tomatenzopp aus frëschen San Marzano Tomaten, ass datt Geméiss firtischt am waarmen Schiäffchen geréistert jëtt. Deen ischten Geschmaaschsandrock as van den Tomaten. déi durich réisteren hiren vollen séissen Aroma entwéckelen. Houhnerbréit déi ech hualen, mëcht dës Zopp herzhaft an köstlich. Während den Basilikum een frëschen würzigen Akzent setzt, suarigen Lënsennuddelen fir eng angenehm Textur. Bouletten sen saaftig an han een intensiven Geschmaasch an den Aafschloss mëcht den Parmesan mat sengem salzigen liit nossigen Geschmaasch. Dës Zopp as een kompletten Menü, deen dir am Hiärest d’Aromen vam Summer zeréckbrengt.

Zoubereedung

De Schiäffchen op 220°C virwiärmen.

Tomaten ant Geméiss zoubereeden.

Tomaten wäschen ech, schnégden dann den Stronk raus, déi kannen dann graff gewürfelt jänn, ech han se hei lo an véirel geschnidden. Déi leen ech an eng feierfest Form. Als nächst schiälen ech d’Ënnen an schnégden déi o an véirel oder an aaschtel an leen se bei Tomaten ant Form. De Knuawléck schiälen ech an leen die ganz Ziiwen bei Tomaten an d’Ënnen ant Form. Datt Ganzt jëtt dann mat 3-4 EL Olivenualeg, Peffer an Salz gemëscht. Ech han na een Rosmarinast an een Thymianast dobäi geleit. Form setzen ech dann fir ongeféier 30 Min. bis 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Tomaten, Zwiebeln, Knobluach, Rosmarin, Thymian
Tomaten, Zwiebeln, Knoblauch, Rosmarin, Thymian, Salz, Pfeffer, olivenöl

Bouletten zoubereeden

Fir Bouletten, hacken ech eng Ënn an eng Ziif Knuawléck kleng, déi brooden ech dann op mëttel Hëtzt an bëssen Olivenualeg goldbrong. Eng Handvoll Basilikumbläder hacken ech kleng an mëschen déi mat Peffer, Salz, 2-3 EL geraspelten Parmesan, 1-2 EL Panéiermiähl an die aafgekéilten Ënnen ënnert Gehacktes. Subal alles goud vermëscht as, formen ech kleng Bouletten an brooden déi am waarmen Olivenualeg bis se gar sen. Bouletten setzen ech op Ségt bis ech se brausch.

Bouletten, Hackbällchen
Bouletten, Hackbällchen

Zopp zoubereeden

Tomaten mam Geméiss schëdden ech mat der Houhnerbréit an eent Dëppen an loossen se opkooschen. Ech schmaaschen an würzen evtl. na no. Datt Ganzt loossen ech op niddriger Hëtzt ongeféier 10 Min. kooschen. Als nächst hualen ech den Rosmarin an den Thymian raus an püréiren Zopp. Schmaaschen an evtl. nowürzen. Zopp han ech dann durich eng Passette geschott, wanns du et äwer léiwer mi rustikal has, kanns du deen Schratt iwersprangen.

Tomatensuppe
Tomatensuppe

Iwerdeems Zopp kooscht, han ech Lënsennuddelen an goud gesalzenem kooschende Waasser al dente gekooscht.

Linsennudelen

An dann kënnt alles beineen, Nudelen an Bouletten ënnert Zopp mëschen an alles erwiärmen. Als Garnitur han ech na eng Handvoll Basilikumbläder gehackt an déi mat ënnergemëscht. An mat frësch geraspeltem Parmesan zervéiert.

Tomatensuppe mit Hackbällchen und Nudelen

Varianten:

  1. Gewürzer an Krégder: Du kanns zousätlzlich na anner Krégder wie Oregano, Majoran oder Cumin ënnermëschen, fir den Geschmaasch annzepassen.
  2. Geméiss: Aus dëser Zopp kanns du o eng Paprika-Tomaten-Zopp maan, genausu passen Courgetten, Muurten an dës Zopp, sie änners du den Geschmaasch an Textur.
  3. Vegetarisch Optiounen: Statt den Bouletten, kanns du dës Zopp mat Kicheriärbessen oder wäiss Bungen maan an am Platz van der Houhnerbréit eng Geméissbréit hualen.
  4. Würzig Variant: Wanns du et jären scharef has kanns du frëschen oder gedrechenten Chili ënnermëschen. Fir een liiten Raucharoma kann z.B. gereechert Paprikapolwer suarigen.
  5. Kiiszorten: Am Platz vam Parmesan kanns du Peccorino oder Mozzarella hualen, su jëtt Zopp na mi crémig.
  6. Konsitenz: Du kanns dës Zopp ganz dengem Geschmaasch aanpassen, entweder mi deck an crémig oder mi dënn an liit, andeems du mi oder manner Bréit ënnermëchs.
  7. Brugd: Zervéier dës Zopp mat Croûtons oder geréistert Baguett, Ciabatta fir zousätzlich Textur.

Tomatenzopp mat klengen Bouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • Fir Zopp
  • 1 KG frësch San Marzano Tomaten

  • 1 Ënn an véirel geschnidden

  • 4-5 Ziiwen Knuawléck, geschiällt

  • 1 Rosmarinast

  • 1 Thymianast

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • 3-4 EL Olivenualeg

  • 500 ml Houhnerbréit

  • 200 g Lënsennuddelen

  • 1 Handvoll Basilimumbläder gehackt

  • geraspelten Parmesan

  • Fir Bouletten
  • 250 g Gehacktes

  • 1-2 EL Panéiermiähl

  • 2-3 EL geraspelten Parmesan

  • 1 Handvoll Basilikumbläder gehackt

  • 1 Ënn, gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • Salz an Peffer no Geschmaasch

  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Fir Zopp
  • Tomaten wäschen, de Stronk rausschnégden an graff Würfelen oder véirel schnégden an mat den Ënnen, dem Knuawléck, Thymian an Rosmarin eng feierfest Form leen.
  • Mam Olivenualeg, Peffer an Salz mëschen an am waarem Schiäffchen 30 Min. bis 40 Min. réisterten.
  • Subal Tomaten färdeg sen zesaammen mat der Houhnerbréit an eent Dëppen schëdden opkooschen loossen, schmaaschen evtl. nowürzen. Op niddriger Hëtzt ongeféier 10 Min. kooschen loossen.
  • Den Thymian an den Rosmarin raus hualen, Zopp püréiren an durich eng Passette schëdden. Rëm op Plaque setzen, schmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Lënsennuddelen separat an goud gesalzenem, kooschendem Waasser al dent kooschen.
  • Fir Bouletten
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualg erhëtzen an d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt goldbrong brooden. Aafkéihlen loossen.
  • Gehacktes, mam Basilikum, Parmesan, Panéiermiähl, Peffer, Salz, Peffer an die gebrooden Ënnen goud vermëschen.
  • Kleng Bouletten formen an separat an enger Pann brooden bis se gar sen.
  • Bouletten an Nuddelen an der Zopp wiärmen an mat frësch geraspeltem Parmesan zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*