Türkischen Reis

Fir traditonellen türkischen Reis ze kooschen, jëtt Orzonudelen mat Reis aangebrooden, an dann wie deen normalen Quellereis färdeg gekooscht. Wie bei eis den Pilawreis. Dëst Ässen kann als Beilaag oder als Hauptplat zervéiert jiänn. Türkischen Reis as bekannt fir sein zarten Aroma an Textur déi d’Orzo-Nudelen an Kombinatioun mam Reis matbrengen.

Zutaten:

  • Reis, et sen Rezepter die schreiwen du solls türkischen Reis hualen, anner Rezepter maan en äwer o mat Basmati oder einfaschem Langkärenreis. Ech han fir mein Langkären mat wëllem Reis gemëscht gehollt.
  • Salz
  • Orzo, kleng Nudelen die bekannt o bekannt sen ënnert dem Naam “Kritharaki” oder Nudelreis.
  • Botter
  • Waasser

Zoubereedung:

Den Reis wäschen ech grëndlich ënner kaalem Waasser, bis Waasser kloer as.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Botter an brooden ënner stännigem réiren Orzonudelen goldbrong aan, sie jiän ischter mi frittéiert wie aangebrooden. Du muss do op Zack sen, datt geht zimlech siier. Am besten alles parat setzen.

Als nächst schëdden ech deen gewäschene Reis drop an brooden deen mat aan, deen jëtt dann glasig.

Wichtig bei türkischem- oder Pilawreis as Verhältnis Reis zu Waasser. Et jëtt ëmmer duabel suvill Waasser gehollt wie Reis. Bei engem Rezept mat 250g Reis wiren datt 500 g Waasser. Verhältnis vam Orzo zu Waasser as 1:1, hei wiren datt 2 EL, datt sen ongeféier 50 g, su datt ech dann bei ongeféier 550 g Waasser wir.

Waasser aafmoossen an drop schëdden, et as egal ob’s du kaalt oder waaremt Waasser hëlls. Datt Ganzt opkooschen loossen an salzen. Hëtzt raaf driien an op niddreger Hëtzt mat Deckel kooschen loossen. Wichtig hei, net mi dran réiren.

Eent propert Dousch oder 3-4 Laagen Këchenpapeier parat leen.

Subal Waasser fort as, datt dauert ongeféier 18 Min. Et hängt ëmmer dovan aaf watt fir een Reis datts du hells. Du krëss es deen an 10 Min. färdeg as, fir deen brauchs du dann wahrscheinlich winiger Waasser. Oder deen Reis deen 18 Min. brausch. Ech koofen ëmmer deen van 18 Min. an am léifsten am loossen an net an den Tuuten.

Deen Reis an den Tuuten ze kooschen schmëscht einfasch net. Et lungt sech, beim Reis kooschen bëssen Opwand ze bedreiwen. Pilawreis oder türkischen Reis as su aromatisch du kanns en einfasch su ässen ouni vill dobäi.

Datt propert Handousch oder den Këchenpapeier zwëschen Dëppen an Deckel leen. Plaque ausschalten an de Reis op der Plaque op mannst 10 Min. stoen loossen. Besser as 30-60 Min. De Reis kann bis zu 2 Stonnen su stoen bleiwen ouni datt en auskéilt.

Viraam zervéiren, de Reis mat enger Forschett oplockeren.

Varianten:

Natiirlech jiänn et hei o verschidden Varianten, déi je no Regioun an perséinlichem Geschmaasch variéiren kannen.

  1. Türkischen Kooschelreis mat Orzo: Bei dëser Versioun jiän an Botter oder Olivenualeg gebrooden Kooschelen ënnergemëscht. Datt jëtt dësem Reis een herzhaften Geschmaasch.
  2. Türkischen Tomatenreis mat Orzo: Hei jiänn frësch kleng gewürfelt Tomaten mat ënnergemëscht, fir dem Reis een fruuchtigen Geschmaasch ze jiänn.
  3. Türkischen Geméissreis mat Orzo: verschidden Geméisszorten jiänn zesaammen mam Reis an Orzo gekooscht, fir eng vegetarisch Variant ze erhalen.
  4. Türkischen Lammreis mat Orzo: Dëst as eng deftig Variante mat gewürztem Lammfleesch, datt brengt zousätzlichen Geschmaasch an Protéinen.
  5. Türkischen Zitrounenreis mat Orzo: hei jëtt Zitrounensaaft an Zitrounenzesten mat gekooscht, datt jëtt dësem Ässen een erf¨reschende Geschmaasch.
  6. Türkischen Kürbisreis mat Orzo: Dëst as eng Variant fir den Hiärest, bei der gewürfelten Kürbis ënnergemëscht jëtt, datt jëtt dësem Ässen eng séiss, crémig Textur.

Datt sën paar Varianten déi je no perséinlichem Geschmaasch an den verfügbaren Zutaten aangepasst kanne jiänn.

Türkischen Reis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten
Ruhzéckt

30-60

Minuten

Zutaten

  • 250 g Reis

  • Salz

  • 50 g Orzo

  • 50 g Botter

  • 550 ml Waasser

Zoubereedung

  • De Reis grëndlich ënnerkaalem Waasser wäschen.
  • An engem waarmen Dëppen Botter erhëtzen an Orzo dodran goldbrong aanbrooden.
  • Deen gewäschene Reis ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Waasser drop schëdden, opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien, Deckel drop an dann net mi dran réiren.
  • Eent propert Handousch oder 3-4 Laagen Këschenpapeier parat leen.
  • Subal Waasser fort as, Handdousch oder den Papeier zwëschen Dëppen an Deckel leen.
  • Plaque ausschalten an den Reis op mannst 10 Min. am besten 30-60 Min. su op der Plaque stoen loossen.
  • Viraam zervéiren den Reis mat enger Forschette oplockeren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*