Vinägrette

Vinägrette

D’Vinägrette as eng Zooss op déi een net verzichten kann. Hiren Geschmaasch an die vill variabel Zoubereedungen déi et jëtt maan si zu engem “Must-have” an all Këchen. An dësem Blogbeitraag erklären ech dir wie eng klassisch Vinägrette gemaat jëtt. Eng déi op vill verschidden Zalooten passt. An eng bei der, zur Zéckt wie mir an griisser Ässen gekooscht han, ech dachs gefroot sen jänn wie meng Mamm dës Vinägrett mëcht. Mat paar einfaschen Handgrëffer has du siier eng köstlich würzig Vinägrette.

Geheimnis van enger gouder Vinägrette

Verhältnis vam Ualeg zum Essig as mat datt wichtigst, die gängichst Methoud as 3 Deeler Ualeg an 1 Deel Essig. Du kanns datt äwer dengem perséinlichen Geschmaasch aanpassen.

Zutaten, déi verschafft jiänn sollen natiirlech van gouder Qualitéit sen. Genausu as et mat den Aromen an Gewürzer, bei der klassischer Vinägrette, han ech geliiert – Mostert, Peffer, Salz an Schalotten. Et steht dir natiirlech fräi na anner Zutaten mat dran ze maan.

Et muss nattirlech eng Emulsioun entstoen. Vill Rezepter schreiwen, einfasch alles an eent Glas fëllen an kräftig rëselen. Fir op eng Zaloot déi direkt gäss jëtt as datt eng goud Optioun. Déi Methoud erjëtt äwer keng stabil Emulsioun, mol keng halef Stonn mi spéit geségs du well datt sech den Essig an den Ualeg deelt an den Mostert schwëmmt als Gefatzels am Glas.

Eng stabil Emulsioun entsteht wanns du den Ualeg gemellig an ënner stännigem réiren ënnermëschs, su krëss du eng crémig Vinägrette déi sech locker 3-4 Deeg am Frigo hällt.

Zutaten

  • Mostert
  • Ualeg
  • Essig
  • Salz & Peffer
  • Schalotten

Zoubereedung

An enger Schossel den Mostert mam Essig, Salz an Peffer goud vermëschen, su datt sech den Mostert komplett opgeliest hat.

No an no an ënner stännigem réiren den Ualeg ënnermëschen.

Zum Schluss fein gewürfelt Schalotten ënnermëschen, schmaaschen evtl. na noowürzen.

Salat mit Vinägrette

Varianten

  1. An die Vinägrette bei eis doheem as ëmmer na zousätzlich bëssen Mayonnaise mat ënnergemëscht jänn.
  2. Vinägrette fir Cornichon jëtt ähnlich gemaat, et jëtt äwer nëmmen 200 ml Ualeg an zousätzllich 100 ml Rahm gehollt. Dann jänn na frësch Krégder wie Dill an Péitersilich ënnergemëscht.
  3. Mat Balsamico, hual Balsamico am Platz deen traditionellen Essig, datt jëtt mi een séissen an intensiven Geschmaasch, deen goud op eng Tomatenzaloot passt.
  4. Hunnig-Mostert, mësch bëssen Hunnig drënner dir een séissen Geschmaasch, mam Mostert kombinéiert gleicht den Hunnig den Geschmaasch aus.
  5. Zitroun, fir een erfrëschenden Zitrusaroma kanns du den Essig durich Zitrounensaaft ersetzen.
  6. Mësch frësch Krégder ënnert deng Vinägrette, wie z.B. Bratzelen, Péitersilich, Basilikum oder Koriander.
  7. Eng van deen Besten, mat gehacktem oder zerriwenem Knuawléck 😉 .
  8. Eng Scharef Variant krëss du wanns du Vinägrette mat Cayennpeffer oder enger Chilipast würz.

Vinägrette

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Zubereitungszeit

30

Minuten

Zutaten

  • 1 TL Mostert

  • 100 ml Essig

  • Salz an Peffer

  • 300 ml Ualeg

  • 2-3 Schalotten, fein gewürfelt

Zoubereedung

  • An enger Schossel, den Essig mam Mostert, Peffer an Salz goud vermëschen su datt sech den Mostert komplett opliesst.
  • No an no, an ënner stännigem réiren den Ualeg gemellig dobäi schëdden.
  • Zum Schluss na Schalotten ënnermëschen, schmaaschn an evtl. nowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*