Wirsing-Gehacktes Pann mat Tagliatelle

An mengem Artikel van Hogt beschreiwen ech dir wie ech meng Wirsing-Gehacktes Pann mat Tagliatelle maan. Et ass eng Réis ant d’Welt van deen herzhaften Aromen. Een Menü deen rondrëm den Globus beléift ass an mat senger rustikaler Einfaschheet an sengem gouden Geschmaasch begeestert.

Den Wirsing, o bekannt als Savoykappes, ass ségt dem Mëttelalter een festen Bestanddeel an deen europäischen Këchen, an jëtt weent senger robuster Natur an sengem herzhaften Geschmaasch geschätzt. Kombinéiert mat würzigem Gehacktes an al dente gekooschten hausgemaaten Tagliatelle, entsteht een Menü deen Traditioun an Komfort an all Maufel vereent.

Ankoofslëst fir meng Wirsing-Gehacktes Pann mat Tagliatelle

Vam Maart han ech mir een frëschen Wirsing mat breit. An dann brausch ech na Gehacktes am besten ongewürztent an Rahm. An menger Reserve han ech Ënnen, Knuawléck, wäisse Wéng, Bréit, Salz, Peffer, Muskot an bëssen Cumin.

Fir Tagliatelle brausch ech Miähl, Eier an Salz, du kanns natiirlech all anner Zort Pasta hualen déi dir schmëscht.

Dann brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eeng gruus Pann an eent Dëppen.

Zoubereedung

Vam Wirsing plécken ech die baussegt Bläder raaf, halbéiren en, schnégden den Stronk raus an schnégden den Kappes dann an dënn Streifen, dann jëtt en na grëndlich gewäsch, goud aafdrëpsen gelooss an o Ségt gestallt bis ech en brausch.

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen do drann aan, bis se aafänken Faaref ze kreien.

Als nächst mëschen ech den Knuawléck drënner, subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech Gehacktes drënner an brooden datt grimmelisch aan. Würzen mat Salz an Peffer.

Dann setzen ech goud gesalzent Waasser op, loossen datt opkooschen an kooschen Tagliatelle no Packaaweisung al dente.

Wann Gehacktes durich gar ass, läschen ech et mam wäissen Wéng aaf an loossen deen komplett ankooschen.

Als nächst mëschen ech den Kappes drënner wann deen zesaamengefallen ass schëdden ech Bréit drop an loossen alles opkooschen, reduzéiren Bréit ongeféier bis op d’Halschent. Mat Muskot an Cumin aafschmaaschen.

Zum Schluss schëdden ech na bëssen Rahm dobäi. Schëdden Nuddelen aaf an mëschen déi ënner Wirsing-Gehacktes-Mëschung. Schmaaschen na eng kéier würzen evtl. na bëssen. Datt Ganzt loossen ech op niddriger Hëtzt ongeféier 5 Min. durich zéien. Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Tipps fir datt Wirsing-Gehacktes Pann mat Tagliatelle geléngt:

  1. Pass do drop op, datt Gehacktes durich gar gebrooden ass.
  2. Watt den Wirsing mi lang kooscht, watt en mi mëll am Geschmaasch jëtt.
  3. Du kanns gemëschten Gehacktes oder rengt Randsgehacktes hualen fir dësen Menü ze kooschen, ech han am léifsten ongewürztent Gehacktes, datt gewürztent ass meestens vill ze vill gesalzen, an ech entscheeden léiwer selwer wie ech mengt Fleesch würzen.
  4. Bei der Bréit béid sech natiirllech eng Fleeschbréit aan, déi jëtt deem Ganzen vill mi Geschmaasch wie eng Geméissbréit.
  5. Pass op Nuddelen op, datt se wirklech nëmmen al dente sen.
  6. Du kanns Zooss mat bëssen am kaalen Waasser opgeliesten Maizena bannen, datt muss äwer net sen, durich Stärke an den Nuddelen bënnt Zooss suwisu liit.
  7. Optional: kanns du natiirlech o na Kiss iwert dein Menü streien. Hei ass alles erlaubt watt schmësch.

Wirsing-Gehacktes Pann mat Tagliatelle

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 400 g Tagliatelle (oder all anner Zort Nuddel déi dir schmëscht)

  • 800 g Gehacktes, am besten ongewürzt

  • 1 mëttelgruussen Wirsing, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 3 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 250 ml Bréit

  • 150 ml Schmand

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • bëssen Muskoot

  • bëssen Cumin

  • bëssen gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann de Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Den Knuawléck ënnermëschen an subal deen aafänkt mat rauschen Gehacktes ënnermëschen an grimmelig aanbrooden. Mat Salz an Peffer würzen.
  • Wann Gehacktes durich gar ass, den Wéng drop schëdden an komplett ankooschen loossen.
  • Goud gesalzent Waasser opkooschen an Nuddelen do dran no Packaaweisung al dent kooschen.
  • Als nächst den Wirsing drënner mëschen, an subal deen liit zesaammengefallen ass, Bréit drop schëdden an ongeféier bis op Halschent reduzéiren loossen.
  • Rahm dobäi schëdden, mat Cumin, Muskot aafschmaaschen.
  • Nuddelen aafschëdden an drënner mëschen. Ongeféier 5 Min. op niddrigeriger Hëtzt durichzéien loossen, schmaaschen an evtl. na nowürzen.
  • Mat gehacktem Péitersilich ganréiert zervéiren.
  • Optional: kanns du o na bëssen Kiiss driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*