Würzig-Scharef Brootgromperen

Brootgromperen sen jo een rischitigen Klassiker an iwert Joerhonnerten han sie sech als perfekt Beilaag fir Rester ze verwiärten etabléiert. Ursprünglich aus der Nugd erfond, fir gekooschten Gromperen net ze entsuarigen, fënnt een se hogt an villen Variatiounen an Geschmaaschsrichtungen. Besonnëch die würzig-scharef Variant erfreit sech ëmmer mi Beléiftheet.

Fir datt meng würzig-scharef Brootgromperen jätt jänn

brengen ech mir aus dem Buttik festkooschen Gromperen an een gouden Olivenualeg mat, fir deen rischtigen Aroma suarigt een ganzen Hiwel Gewürzer an Krégder. Eng Gromper ass jo jätt wie eent wäisst Blaad, op datt een mat allen Faarwen moolen kann. Ech hualen Rosmarin, Thymian, Chiliflocken, Currypolwer, Paprikapolwer, Salz an Peffer. Fir den Aroma aafzeronnen brausch na frësch Schalotten an Knuawléck.

Ausserdeem brausch ech na eng Pann, een Sparschiäler een schareft Messer,een Holzeläffel an eng Passette.

Zoubereedung

Gromperen schiälen ech an schnégden se an ongeféier gläch gruuss net ze déck Würfelen, déi leen ech dann na bëssen ant kaalt Waasser fir datt déi Stärke déi noom Schnégden austrëtt aafgewäsch jëtt, si pëschen dann net su an der Pann fest. Schëdden se aaf an loossen se goud aafdrëpsen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Olivenualeg, do dran réisteren ech deen gedrëchenten Thymian an Rosmarin aan. Gromperen schëdden ech ant Pann, an brooden se während 5 Min. an ënner stännigem réiren kräftig aan. Hëtzt driien ech dann raaf, salzen an pefferen Gromperen an loossen se ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt brooden, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.

Iwerdeems schiälen ech d’Schalotten an den Knuawléck an hacken alles fein.

Als nächst mëschen ech die anner Gewürzer, d’Schalotten an den Knuawléck drënner, an vermëschen alles goud mateneen, su loossen ech Gromperen fir wégder 15 Min. brooden bis se mëll sen.

Gromperen schëdden ech op eng Passette, fir datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann. Viraam zervéiren garnéieren ech se na mat bëssen frësch gehacktem Péitersilich.

Tipps

Wanns du dëch entscheeds fir frëschen Thymian an Rosmarin ze hualen, jiff ech 1 Thymianast an 1 Rosamrinast am Aafank am Ualeg réisteren, déi dann äwer raus hualen, déi verbrennen soss ze siier, et geht just do drëm dem Ualeg den Aroma van den Krégder ze jänn. Frësch Krégder rischt zum Schluss ënnermëschen.

Wivill Chiliflocken datts du dran mëchs bleift dir iwerloss, ech han et jären würzig, et muss äwer ëmmer na no deem schmaaschen watt dran ass. Genausu kanns du o eng frësch Chilischot hualen, an déi fein gehackt en entkärt, zesaammen mat den Ënnen an Knuawléck ënnert Gromperen mëschen.

Würzig-Scharef Brootgromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, geschiält an gewürfelt

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 0,5 TL bis 1 TL Chiliflocken, oder eng entkärt gehackten frësch Chilischot

  • 1 klengen EL Currypolwer

  • 1 klengen EL Paprikapolwer

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 2 Schalotten, gehackt

  • 3 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • vill Olivenualeg

Zoubereedung

  • Gromperen am kaalen Waasser aafwäschen, aafschëdden an goud aafdrëpsen loossen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech vill Olivenualeg, de Buadem van der Pann kann goud bedeckt sen. Iwerschëssigt Fett jëtt zum Schluss entsuarigt.
  • Am waarmen Ualeg réisteren ech kuurz den Thymian an den Rosmarin aan.
  • Dann schëdden ech die goud aafgedrëpsten Gromperen dobäi an brooden déi während 5 Min. ënner stännigem réiren kräftig aan.
  • Hëtzt driien ech dann raaf an loossen Gromperen ongeféier 20 Min. brooden, ëmmer mol rëm dran réiren an Gromperen salzen an pefferen.
  • No deen 20 Min. mëschen ech die anner Gewürzer, d’Schalotten an den Knauwléck mat drënner, vermëschen alles goud an loossen Gromperen fir wégder 15 Min. brooden bis se mëll sen.
  • Gromperen schëdden ech op eng Passette, fir datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen kann. Viraam zervéiren garnéieren ech se na mat bëssen frësch gehacktem Péitersilich.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*